Search

You may also like

De Jean Asselborn fuerdert Verständnis vun däitscher Säit
Meenung Neiegkeeten

De Jean Asselborn fuerdert Verständnis vun däitscher Säit

Den Aussen- an Europaminister Jean Asselborn huet haut den däitschen

US-Senat benennt Genozid un Armenier als Vëlkermord
Meenung Neiegkeeten

US-Senat benennt Genozid un Armenier als Vëlkermord

Nom Representantenhaus huet elo och den US-Senat de Genozid un

UN-Debat zu Mënscherechter a China
Meenung Neiegkeeten

UN-Debat zu Mënscherechter a China

Op Initiativ vun Däitschland, Groussbritannien an den USA, ass e

Editorial: Nach ënner Kontroll

Editorial: Nach ënner Kontroll

Eis Spideeler sinn, esou d‘Ausso vum Direkter vun der Gesondheetsdirektioun, Jean-Claude-Schmit, an d‘Phas III iwwergaangen. Dat heescht déi kleng Boboen – amtlech: net noutwenneg Behandlungen oder Ënnersichungen – ginn annuléiert oder verluecht. Dat betrëfft dann och all d‘Spideeler am Land. Et hänkt esou vum Spidol of, wat vun Operatioune muss gemaach ginn.

Dialysen, Chemo-Therapien an d‘Urgencen (Häerzinfarkt, Hireschlag, Accident, asw.) ginn natierlech net ënnerbonnen. Fir de Recht heescht et Gedold hunn, woubäi et d‘Fro opwerft, op gewëssen Agrëff vu vireran Sënn gemaach hunn, oder déi net aus pekuniäre Grënn sollten dem Patient opgeluede ginn. Eng Äntwert dorobber gëtt et aus verständleche Grënn net.

Laut dem Jean-Claude Schmit, géifen an de Spideeler, déi Beräicher wou esou „disponibel“ ginn, op den ze erwaardenden Zoustroum vu Covid19-Patiente virbereet. Wat hei als Virsiichtsmoossnam presentéiert gëtt, deit allerdéngs drop hin, datt ee sech op seriéis Problemer astellt, wat net ganz esou mat der Regierungsrhetorik wëll iwwertenaner stëmmen. Hu mir dann elo alles am Grëff?

Wat de Gesondheetssystem betrëfft, esou kann een dës Fro zur Stonn nach däitlech mat „Jo“ beäntwerten. Aktuell si 16 Intensivbetter mat Covidi19-Patiente beluecht, a wann et sécher richteg ass, datt déi vill Humanressource beusprochen, esou ass dat nach ëmmer eng iwwersiichtlech Situatioun. Am Mäerz waren et därer 40, an och do konnt d‘Personal d‘Lag kontrolléieren.

Fir datt dat esou bleift, soll jo dann haut – gëschter gouf dat neit Covid19-Gesetz net wéi virgesinn zur Ofstëmmung bereetgestallt – d‘Chamber iwwert déi nei Moossname befannen. Op déi elo duer ginn, oder een hei méi konsequent hätt misse legiferéieren? Wëssen deet dat keen, firwat et wuel nach wäert zu Modifikatioune kommen. Gemooss un eisen Noperen, geet et eis awer nach gutt.

Illustratioun: © Jasmin Sessler / unsplash

Related topics Covid19, Dr. Jean-Claude Schmit, Gesondheetsdirektioun, Phas III, Spideeler
Next post Previous post