Eng schlecht Aarbecht ass nach laang kee Plagiat

Datt et am Kontext vum Briefing nom Regierungsrot géif kommen, datt war net nëmmen erwaart ginn, de Géigendeel wier wuel och verwonnerlech gewiescht. An de Froen un de Staatsminister war natierlech nees vu Plagiat rieds, wat am Fall vum Xavier Bettel sengem DEA esou awer faktesch net zoutreffend. Hien huet et streng geholl just ënnerlooss, seng Quellen ze ernimmen…

Elo steet de Minister zu dëser „intellektuell wéineg uspriechender Aarbecht“ déi eppes zeréck läit, weist allerdéngs zu Recht drop hin, datt et net hie war dee sech dofir eng „Genügend“ ausgestallt huet, mee dat vun enger erfuerener Jury gemaach gouf. Datt esou eppes haut géif zeréckgewise ginn, ass net vun der Hand ze weisen, verännert awer de zäitgenëssesche Kontext awer elo och net.

De Xavier Bettel erkennt, datt ënnert haitege Krittären esou eng Aarbecht anescht behandelt géif ginn, jo warscheinlech esouguer misst anescht behandelt ginn. A jo, de Premier mécht keen Heel dorausser, datt dësen DEA éischter esou „lala“ ass a hien och net houfreg drop ass. Eng Intentioun ze fuddelen allerdéngs hätt et net ginn. Dat huet esou och säi Prof. Etienne Criqui scho bestätegt.

Hie verléisst sech dann hei och léiwer op d‘Iwwerpréiwung duerch déi wëssenschaftlech Instanze vun der Universitéit. Si wäerte klären, ob – ënner Berécksiichtegung vun de sengerzäit ugewannte Krittären – den DEA gülteg bleift oder nodréiglech muss sanktionéiert ginn. D‘Oferkennung vum DEA hätt dann allerdéngs keen Impakt op dem Premier seng Maîtrise. Hie bleift och dann Affekot.

Dernières nouvelles