Search

You may also like

Raqqa Befreit? Net bis all Zweiwel ausgeraumt ass
International Neiegkeeten Sport

Raqqa Befreit? Net bis all Zweiwel ausgeraumt ass

Zwee Deeg nodeems dem Islamesche Staat (IS) seng Héichbuerg Raqqa

D’Virbereedunge fir de Lëtzebuerger Danz- an Theaterpräis lafen!
International Neiegkeeten Sport

D’Virbereedunge fir de Lëtzebuerger Danz- an Theaterpräis lafen!

De 17. September 2021 ass et souwäit: Fir eng éischte

Doudesstrof a Florida no 18 Méint Paus nees ausgefouert
International Neiegkeeten Sport

Doudesstrof a Florida no 18 Méint Paus nees ausgefouert

Um Donneschdeg ass a Florida nees e Mënsch exekutéiert ginn.

Comaneci – déi aner Säit vun der Medail

Comaneci – déi aner Säit vun der Medail

Mat sengem Titel „Nadia si Securitatea“ erzielt de rumäneschen Auteur Stejarel Olaru déi verbuerge Säit vum Nadia Comaneci senger Karriär als Turnmeeschterin. Et ass e Buch, wat duerch seng jéngste Skandaler am Sport seng voll Bedeitung erhält.

No 45 Joer faszinéiert et nach ëmmer. Dëst 14 Joer jonkt Meedchen, mat sengem wäisse Kierper a brongem Päerdsschwanz, wat op d’asymmetresch Barre kuckt – säi Liiblingsdeel.

1976, mir sinn zu Montreal, d’Nadia Comaneci bereet sech drop vir, d’Sportswelt ze erueweren, andeems hatt eng voll Punktzuel vun 10 erreecht. Et ass eng Premiere an der Geschicht vum Turne bei den Olympesche Spiller.

Hannert dësem idyllesche Bild verstoppt sech ganz vill Leed. An vill Tabuen, vun deenen et am kommunistesche Rumänien an der Ceausescu-Ära méi wéi genuch ginn. De rumäneschen Auteur Stejarel Olaru befaasst sech allerdéngs mat dëser Säit vun der Medail an erzielt, wéi dat jonkt Meedche stänneg vun der ënnert der vum Ceausescu amtéierender Geheimpolizei Securitate iwwerwaacht gouf.

Comaneci
(v.l.n.r.) D’Nadia Comaneci beim Europäeschen Championnat 1977 zu Prag; D’Sportlerin 1976 bei den Olympesche Spiller

De Gymnastikstär ass gutt behitt ginn. Hatt hat souguer e Codenumm “Corina” a seng Leifwiechter ware Geheimagenten, Dokteren, Beamten, e Pianist an e Choreograph. E sensibelt Thema ass hei och d’Roll vum Trainer. Et huet Jore gedauert, bis datt d’Leit sech endlech getraut hunn, iwwert dës Erfarungen ze schwätzen, d’#metoo-Beweegung an al Dateien hunn et erméiglecht, datt d’Wourecht eropkomm ass. An ebe matzen dra waren d’Methode vun Erzéier.

D’Bela Karoly ass eng Ikone an der Turnwelt. Als erfollegräichen Trainer verschount hien seng Schützlingen net. De rumäneschen Auteur Stejarel Olaru konnt op honnerte vu Berichter zeréckgräifen.

En Informant beschreift zum Beispill: „Den Terror an d’Brutalitéit“ déi vun der Trainerin ausgeüübt gouf, hätt d’Meedercher esou haart getraff, datt si un Nuesbludde gelidden hunn. Aner Dokumenter erënneren un déi haart Wierder, wéi „Kéi“ oder „Idioten“. D’Nadia hätt erkläert, datt hatt sou hongereg war, datt hatt no 300 Gramm bal net méi opstoe konnt.

Dem Nadia seng Mamm huet anscheinend verlaangt fir mam Ceausescu ze schwätzen, fir dës Doten zur Sprooch ze bréngen. D’Treffe gouf ganz zoufälleg, de leschte Moment ofgesot. Déi 59-Järeg Nadia Comaneci ass ganz diskret iwwert dës donkel Zäit a sengem Liewen. Si huet sech awer bereet erkläert den Auteur ze treffen, wäert awer keen Interview ginn.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) D’Nadia Comaneci, 2010 © ACROFAN (CC BY-SA 3.0); D’Turnerin1976 bei den Olympesche Spiller (gemeinfrei)

Related topics Brutalitéit, Buch, Honger, Interview, Karriär, Leet, Nadia Comaneci, Nadia si Securitatea“, Skandal, Spëtzesportlerin, Stejarel Olaru, Turnmeeschterin
Next post Previous post