Search

You may also like

De Luke Cage ass erëm do!
Neiegkeeten

De Luke Cage ass erëm do!

Während de Black Panther an de Kinoe begeeschtert, huet en

Integral Kontroll: wat China senge Bierger zoumutt
Neiegkeeten

Integral Kontroll: wat China senge Bierger zoumutt

China beonrouegt déi international Experten, déi fäerten, datt d‘Regierung derbäi

Géint d‘Gewalt u Fraen: Tierkesch Police setzt Tréinegas an
Neiegkeeten

Géint d‘Gewalt u Fraen: Tierkesch Police setzt Tréinegas an

Um internationalen Dag géint d‘Gewalt u Fraen a Meedercher gëtt

Déi nächst Etapp op der A3 tëscht Beetebuerg an der Stad

Déi nächst Etapp op der A3 tëscht Beetebuerg an der Stad

Am Kader vum Bau vun der neier Eisebunnslinn tëscht Beetebuerg an der Stad Lëtzebuerg, muss d‘Stroossebauverwaltung (Ponts & Chaussées) d‘A3 vun e Donneschdeg Owend 20 Auer bis e Méindeg 6 Auer spären. Vum Barrage betraff ass den Ofschnëtt: Beetebuerger Kräiz bis Gaasperecher Kräiz.

Bei dëser Geleeënheet ginn och Maintenance-Aarbechte virgeholl. Nieft Botzaarbechten, der Erneierung vum Belag (Gaasperecher Kräiz) an der Installatioun vun enger Ziel-Schläif gëtt sech och der Reperatur vu Leitplanken ugeholl. Mat entspriechende Behënnerungen ass ze rechnen.

A3

Spärungen an Ëmleedungen

Ab en Donneschdeg, den 31. Oktober um 22 Auer bis e Méindeg, de 4. November géint 6 Auer si folgend Spärunge virgesinn:

  • op der A3 tëscht dem Beetebuerger Kräiz bis Gaasperecher Kräiz aus Richtung Frankräich a Richtung A6 an A1;
  • d‘Opfaarte vum Beetebuerger Kräiz vun der A13 kommend a Richtung Gaasperecher Kräiz (A3);
  • d‘Opfaart vum Echangeur Léiweng, kommend vun der N31 a Richtung Gaasperecher Kräiz (A3);
  • d‘A3 tëscht Gaasperecher Kräiz a Beetebuerger Kräiz, kommend Kreesverkéier Gluck;
  • d‘Opfaarte vum Gaasperecher Kräiz aus de Richtungen A1 an A6 a Richtung Beetebuerger Kräiz (A3);
  • d‘Opfaart vum Echangeur Léiweng, kommend vun der N31 a Richtung Beetebuerger Kräiz (A3);

De Verkéier dee vun der A3 tëscht dem Beetebuerger an dem Gaasperecher Kräiz kënnt, gëtt a béid Richtungen iwwert d‘A13, A4 an A6 ëmgeleet. Et ass während dem genannten Zäitraum och net méiglech eng vun den, op dësem Streckenofschnëtt geleeënen Tankstellen („Shell“ an „Aral“ op der Aire de Berchem), ze erreechen. Notéiere mir nach, datt, well d‘Virbereedunge schonn am Nomëtteg wäerten ulafen, et och zur Spëtzestonn um Freideg diert zu Behënnerunge kommen.

Related topics A3, Aral, Beetebuerger Kräiz, CFL, Eisebunn, Ëmleedung, Gaasperecher Kräiz, Shell, Spärung, Stroossebauverwaltung
Next post Previous post