Search

You may also like

Escher Kulturlaf: Eenzegaarteg, sportlech a kulturell
Kultur Stories

Escher Kulturlaf: Eenzegaarteg, sportlech a kulturell

Den Escher Kulturlaf dee vun der Süd-Stroum gesponsert gëtt, ka

Neies aus der Chamber (2): Liberty Steel
Kultur Stories

Neies aus der Chamber (2): Liberty Steel

Datt et ëm Liberty Steel schlecht bestallt ass, dierft bekannt

Camion op der Raschtplaz Trierweiler verbrannt
Kultur Stories

Camion op der Raschtplaz Trierweiler verbrannt

Um Méindegmuere géint 6 Auer sinn d‘Pompjeeë vum CIS Gréiwemaacher-Mäertert

Naked ass Valium a Film-Form

E schlechte Groundhog Day Rip-Off

Naked ass Valium a Film-Form

Naked ass esou en onbemierkenswäerte Film, datt all Wuert driwwer ze vill ass. Dobäi huet d’Komödie wéinstens eng gescheit Iddi, déi zwar geklaut ass, mee awer flott ass: De Rob Anderson (gespillt vom Marlon Wayans) ass esou nervös bei sénger Hochzäit, datt en déi lescht Stonnen do virdrun ëmmer erëm op en Neit muss duerchmaachen, bis se perfekt geléngen. Den Hoken dobäi: E gëtt ëmmer kuerz viru senger Hochzäit plackeg um Bueden vun engem Lift wakereg.

Naked – Foto: Quantrell D. Colbert/Netflix

Dat ass natierlech net dat eenzegt Hindernis: Do wier dann nach de steeräichen Ex vu senger zukünfteger Fra, den him op eemol Konkurrenz mécht an de Schwéierpapp, deen en net akzeptéiere wëll. Dëst kéint eng exzellent Virlag vir eng ganz uerdentlech Klamauk-Komödie sinn. Wann de Film net wéi eng mëttelméisseg ZDF-Komödie inzenéiert wier.

Null Tempo a Rhythmus

Et fänkt ewéi sou oft mam Pacing un: Den Ufank ass ze lues a braucht vill ze laang, fir seng Figuren ze etabléieren. Dobäi sinn des alleguerten esou flach a Klischee-besat, datt een se schnell duerch huet: Den onsécheren Ehemann, den aschüchternden Schwéierpapp, den hannerhältegen Ex – alles gesinn, bis zum aschlofen!

Naked – Foto: Quantrell D. Colbert/Netflix

De komödianteschen Timing wëll och net opgoen. Virun allem am Ufank, wann alles sech nach op Dialoge stäipt, mierkt een, wéi wéineg vermeintlech Witzer hei zünden. Keng Chimie tëscht de Figuren, kee Wuertwitz, keng Pointe, déi klappe wëll. Soubal d’Affär mat den Zäitspréng ufänkt, gëtt et e bëssche besser, och well deen Ament de Plot mol kuerz an den zweete Gang schalt. Tatsächlech mécht de Film kuerz Spaass, wann e Freed un der eegener Premisse huet. Mee dat dauert net laang an de leschten Akt hält esou schwaach op, wéi de Film gestart huet.

D’kloer Inspiratioun fir dat ganzt ass wuel de Kult-Klassiker „Und täglich grüsst das Murmeltier“ mam Bill Murray an der Haaptroll. D’Lektiounen, déi een aus dem Film zéie kann, si bal net ze zielen: Do wier zum engen, datt d’Variatioun vun ëmmer erëm optauchenden Szenen enormt Potenzial fir Humor hunn, wann een e Sënn fir Timing huet. Zum aneren gëtt engem d’Premisse d’Méiglechkeet, vill verschidden Handlungen duerch ze spillen. Et huet een deen Ament och d’Occasioun, fir seng Figur aus ville verschiddene Bléckwénkelen ze weisen, hinnen eng Déift ze ginn, déi soss net ze fanne wier.

All des Lektioune goufen hei net berécksiichtegt. D’Figure si flaach, de Witz platt an d’Handlung onoriginell. De Film traut sech net, eppes Eegenes oder Neies auszeprobéieren a reduzéiert d’Premisse op e klengen Trick, fir Belanglosegkeeten uneneen ze reien. E verpassenswäerte Film.

Related topics Film, Kultur, Naked, Netflix
Next post Previous post