Search

You may also like

Stad Lëtzebuerg: D‘Info-Box plënnert!
International Kultur Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: D‘Info-Box plënnert!

Enn dës Mounts plënnert d‘Info-Box, an där d‘Guichete vum Service

Gitt dach einfach anstänneg!
International Kultur Neiegkeeten

Gitt dach einfach anstänneg!

Et kéint een et als eng droleg Form vu „briteschem

De KINNEKSBOND geet an déi nei Saison: Wat gëtt gebueden?
International Kultur Neiegkeeten

De KINNEKSBOND geet an déi nei Saison: Wat gëtt gebueden?

Beim Kinneksbond, Centre Culturel Mamer steet eng nei Saison un,

Napoleon: Zweehonnert Joer a seng Kontroversen

Napoleon: Zweehonnert Joer a seng Kontroversen

Den haitegen Dag markéiert den 200. Doudesdag vum Napoleon Bonaparte. An nëmmen 51 Liewensjoer huet den Keeser an der Geschicht vu Frankräich an Europa op éiweg seng Spueren hannerlooss, och wa verschidden Aspekter vu senger Perséinlechkeet eis och haut nach kontrovers virkommen.

Den Napoleon Bonaparte gouf 1769 zu Ajaccio (Korsika) gebuer an Näischt huet op säi speziellen a schnellen Opstig higewisen, deen hien emol op d’Positioun vum franséische Keeser brénge wäert. Am ländleche Korsika, dat just ee Joer viru senger Gebuert franséisch ginn ass, huet den Napoleon eng turbulent Kandheet erlieft, ier hien an de verschidden Institutiounen, wéi der kinneklecher Militärschoul vu Brienne och der Ieweschter Militärschoul vu Paräis, seng militäresch Formatiounen absolvéiert.

Nodeems hien wärend der Franséischer Revolutioun 1789 éischt Erfarunge mat senger Waff maache konnt, ass hien 1793 Generol an 1795 schliisslech eng onëmgänglech Persoun vun dem politesche Liewen a Paräis ginn. Seng Expeditiounen an Italien, Egypten a Syrien hunn fir d’Populatioun en Held aus him gemaach.

Duerch de Putsch vum 18. Brumaire VIII huet hien de Schlëssel vun der Muecht ergraff an ass éischte Konsul ginn, ier en sech 1804 selwer zum Keeser gekréint huet.

Napoleon
D’Kréinung 1804 an der Kierch Notre Dame – e Bild vum Jacques-Louis David

Haaptkritik: D’Sklaverei gouf nees agefouert

De Rescht ass eis all bekannt: Den Napoleon feiert eng militäresch Victoire no där anerer, a baut sech en Imperium op, dat esou säit dem réimesche Räich net méi existéiert huet. Duerno kommen d’Néierlagen an den Exil vum Keeser, den 1821 op d’Insel St. Helena verbannt ginn ass.

D’Gréisst an d’Dekadenz vun engem ganze Liewe faszinéieren och nach hautdesdags, 200 Joer nom Dout vum Napoleon. Mee d’Aspekter vum Keeser senger Perséinlechkeet loossen nach ëmmer Kontroversen opkommen, besonnesch elo wou Frankräich dësen 200. Doudesdag vu sengem Dout gedenke wëll.

Besonnesch d’Sklaverei, déi hien 1802 nees agefouert huet, weisen e grousse Problem, wann ee sech dem Napoleon säin Ierwen esou ukuckt. Et schreift een dem Keeser och eng tyrannesch Säit zou, wärend anerer an him e Visionär oder och e Mann mat onverhältnisméissegen Ambitioune gesinn.

Ob een et wëll oder net, den Napoleon verkierpert eng tragesch a beweegten Epoch an der europäescher Geschicht, un déi ee sech a senger ganzer Komplexitéit erënnere muss.

Zesumme mat mental.lu

Related topics 200. Doudesdag, Commemoratiounsdag, Exil, Franséisch Revolutioun, Held, Keeser, Kontroversen, Korsika, Napoleon Bonaparte, Tyrann, Visionär
Next post Previous post