Search

You may also like

Food a Lifestyle: Blogger zu Lëtzebuerg geéiert
International Neiegkeeten

Food a Lifestyle: Blogger zu Lëtzebuerg geéiert

Mat groussem Opwand hat Mëtt leschter Woch de lëtzebuergesche Food

E Spezialfong soll flexibilitéit an de Logement bréngen
International Neiegkeeten

E Spezialfong soll flexibilitéit an de Logement bréngen

D‘Kris am Logement hëlt keen Enn an d‘Spekulanten hunn och

Dem Matteo Salvini seng kleng Victoire
International Neiegkeeten

Dem Matteo Salvini seng kleng Victoire

D‘Crew vun der „Alan Kurdi“ – vun der däitscher ONG

NASA-Rover „Perseverance“ erfollegräich um Mars gelant

NASA-Rover „Perseverance“ erfollegräich um Mars gelant

Deen zanter bal 9 Joer um Mars beschäftegte Rover „Curiosity“ kritt Begleedung. Den NASA-Rover „Perseverance“ ass géint Mëtternuecht eiser Zäit um roude Planéit ukomm. Déi schwéier a geféierlech Manöver duerch d‘Atmosphär vum Planéit Mars, goufe gemeeschtert.

Éischt Biller vun der Landung weisen, datt „Perseverance“ genee do ukomm ass, wou d‘NASA dat geplangt huet. De Rover soll mindestens zwee Joer laang d‘Mars-Uewerfläch ofklappen. Seng Aufgab: huet et Liewen um roude Planéit ginn? Fir dat erauszefannen, ass „Perseverance“ an engem Krater ofgesat ginn, dee „fréier“ emol ee Séi soll gewiescht sinn. D‘Landeplaz wier am „Flossdelta“ vun dësem „Séi“ ausgesicht ginn.

D‘NASA-Experte ginn dovunner aus, datt de Rover hei op Steng trëfft, déi laang ënner Waasser geleeë waren an eventuell verstengert Rechter vu Liewen enthalen. De Rover „Perseverance“ soll hei Buedemprouwen aus déiwere Gesténgsschichten asammelen, verpaken an op d‘Säit leeën, bis iergendwann ee se siche kënnt. Dat awer sinn alles Missiounen, déi fir „méi Spéit“ virgesi sinn. Elo muss d‘Maschinn operationell gemaach ginn.

Also eigentlech muss de Rover „Perseverance“ elo emol seng éischt „kal Nuecht“ iwwerstoen. Vun der NASA heescht et, datt an engem éischte Schratt emol all déi zentral Funktioune vum Rover iwwerpréift ginn, dann eréischt kënnen déi wëssenschaftlech Instrumenter getest ginn. Zu dësem Zweck gëtt op dräi Schichte geschafft. Dat erschéngt noutwenneg, well net nëmmen ass de Mars wäit ewech, seng Auer tickt anescht.

An dat ass eng vu villen Erausfuerderungen. De Rover „erwächt“ zwar all Dag zur selwechter Zäit um Mars, mee dës „ëmmer selwecht Zäit“, ass op der Äerd all Dag 40 Minutte méi spéit. Déi aner Erausfuerderung: wéi wäert sech den „Helikopter“ (eigentlech eng 2 Kilo schwéier Dron) um Mars verhalen? D‘Atmosphär um roude Planéit ass extrem dënn. Doriwwer eraus kann d‘Dron nëmme fënnef mol fir 90 Sekonnen agesat ginn.

Den Asaz vun dëser Dron mécht awer absolutt Sënn. Sécher gëllt d‘Viraussetzung, datt se dann och muss ofhiewe kënnen: Wann een emol dovunner ausgeet datt dat méiglech ass, géif et interessant a wuel och ganz informativ Loftopnamen. Zudeem, wa sech den Asaz sollt bewäerten, kéinten dës Dronen zum Standard ginn, an zukünfteg de mobille Marssonden de Wee weisen. Si kënnen och onzougänglech Gebidder erkunden.

mat indymedia/hou/mia

Foto: „Hallo Welt, hei mäin éischte Bléck op meng nei Heemecht“ © NASA Perseverance Mars Rover

Related topics Mars, Mars-Missioun, NASA, Roude Planéit, Rover Perseverance, Weltraum
Next post Previous post