Search

You may also like

Editorial: Op der Sich no Hänn
International Stories

Editorial: Op der Sich no Hänn

Wann sech d‘Supermarchéen zu Lëtzebuerg nach rezent iwwert déi krass

De Sultan spillt mat russescher Rakéitenofwier
International Stories

De Sultan spillt mat russescher Rakéitenofwier

Ankara soll – laut den USA – ee Manöver mat

Ghosn-Story: Flüchtege Manager gënnt sech grousse Medienoptrëtt
International Stories

Ghosn-Story: Flüchtege Manager gënnt sech grousse Medienoptrëtt

Hien hat et versprach an en huet sech dru gehalen:

Mars: riskant Landemanöver fir NASA-Sond InSight

Mars: riskant Landemanöver fir NASA-Sond InSight

Siwe Joer Aarbecht, siwe Méint Rees duerch de Weltraum, an elo siwe Minutten Doudangscht: déi amerikanesch Sond InSight, trëfft haut op d‘Uewerfläch vum Planéit Mars. D‘Landemanöver gëtt als héich riskant bezeechent, an d‘Ingenieure vun der NASA kënne just d‘Fanger kräizen an hoffen.

D‘Prozedur fir op der Mars-Uewerfläch ze landen: den Antrëtt an d‘Atmosphär, d‘Duerchdrénge vun de Stëbs-Stierm bis zum Kontakt mam fielsege Buedem… dat alles ass Stonnen am viraus programméiert ginn. Elo hëlleft nach just hoffen. Eng Hoffnung déi op d‘Prouf dierft gestallt ginn, well d‘Signal, mat deem se op der Äerd mierken datt alles geklappt huet, brauch 8 Minutten iert et vum Kontrollzenter vum „Jet Propulsion Laboratory“ (JPL) zu Pasadena empfaange ka ginn.

InSight

E virtuellt Bild vun der Sond InSight, esou wéi ee sech sollt virstelle wéi et ausgesäit, wann se da ganz um fielsege Buedem vum roude Planéit gelant ass. © NASA/JPL

„Mam Mars ass näischt einfach, ass näischt sécher“, resuméiert um Sonndegowend den Thomas Zurbuchen, vun der NASA. Dobäi ass hei rieds vun engem Milliarden Dollar schwéiere Projet, deen d‘Zil huet „an de Bauch vum roude Planéit eranzeluussen“. Et ass zudeem déi éischte Kéier zanter 2012, datt nees e Gerät op dem Mars lande soll. De Marsrover „Curiosity“ ass deen eenzegen nach aktive Roboter, deen sech um Planéit befënnt. Hie soll elo Verstäerkung erhalen.

Eleng den USA ass et bis ewell gelongen, Saache ganz ze landen. Déi fréier UDSSR, grad ewéi d‘Europäer hunn et och versicht, sinn awer ëmmer nees gescheitert. Elo dann de Versuch mat der Sond InSight. Si sollt d‘Mars Atmosphär haut den Owend um 19.47 Lëtzebuerger Zäit an engem flaache Wénkel duerchdréngen. De Wénkel ass esou gewielt, datt d‘Sond net auserneebrécht.

Méi séier wéi eng Kugel

Schonn duerch d‘Reiwung vun der Atmosphär, klëmmt d‘Temperatur vun der Sond ganz séier op 1.500°C. Näischt wat ee sollt beonrouegen, well si huet en entspriechend Hëtzt-Schëld. Beim Antrëtt an d‘Atmosphär, huet d‘Sond eng Vitesse vu ronn 20.000 Km/H. Si wier also véier mol esou séier wéi eng Kugel déi aus der Flënt ofgeschoss gëtt.

InSight

Eist lescht virtuellt Bild stellt d‘Sond InSight duer, wéi se un hirem Fallschierm a Richtung Mars-Uewerfläch eroffält. © NASA/JPL

Den Hoke bei dëser Operatioun: d‘Sond muss e Véiereck vun 10 op 24 Kilometer treffen. Bezitt een dat op de Punkt vum Depart op der Äerd (gutt 480 Millioune Kilometer ewech), kann een dat mam Versuch vergläichen, e Goal aus 130.000 Kilometer Distanz ze markéieren. Véier Minutten an ee puer honnert Kilometer méi spéit, gëtt dann de Fallschierm aktivéiert, fir de Fall ze bremsen.

Eréischt da soll sech d‘Hëtzt-Schëld vun der Sond léisen, duerno ka si hir dräi „Been“ ausstrecken, an de Fallschierm ofwerfen. „Mir sinn da kuerzzäiteg am fräie Fall, en Zoustand dee fir mech erschreckend ass“, esou den Tom Hoffmann, Chef vum Projet InSight. D‘Sond zünt da seng 12 Retro-Rakéiten, déi Fallgeschwindegkeet op 8 Km/H reduzéiert. D‘Sond weit dann nach 365 Kg.

mam Laurent Banguet an dem Kerry Sheridan zu Tampa/AFP

Foto: E virtuellt Bild vun der Sond InSight, esou wéi se sech presentéiert, wann se an d‘Atmosphär vum Mars andréngt, a sech op 1.500°C erhëtzt. © NASA/JPL

Related topics InSight, Mars, NASA, Weltraum
Next post Previous post