Search

You may also like

D‘Diktatur vun der Demokratie
Kultur Neiegkeeten

D‘Diktatur vun der Demokratie

Nodeems dat iewescht Verwaltungsgeriicht zu Berlin de Covidioten, déi d‘Bundesrepublik

Héije Besuch am Luxembourg Institute of Health
Kultur Neiegkeeten

Héije Besuch am Luxembourg Institute of Health

Gëschter Mëtteg hu LL.AA.RR. de Groussherzog an d’Groussherzogin de Luxembourg

Empfang vum Gesangsgrupp CASA op der Stater Gemeng
Kultur Neiegkeeten

Empfang vum Gesangsgrupp CASA op der Stater Gemeng

De 24. Januar, huet de Gesangsgrupp CASA (Centro de Apoio

D’Nathalie Jacoby ass nei Direktesch vum CNL

D’Nathalie Jacoby ass nei Direktesch vum CNL

An der Sëtzung vum 23. September 2020 huet de Regierungsrot S.A.R. dem Groussherzog d’Ernennung vum Nathalie Jacoby zu der Direktesch vum Nationale Literaturzenter (CNL) virgeschloen. Si wäert de Pierre Marson, dee vum 3. Juli bis zum 30. September iwwergangsweis zum Direkter ernannt gouf, ofléisen.

Den Här Marson hat dëse Posten, nodeems de Claude D. Conter säin Oftrëtt beim CNL bekannt ginn huet.

D’Nathalie Jacoby huet en Doktorat an der däitscher Literatur vun der Universitéit Freiburg. Si huet déi däitsch Literatur ënner anerem op der Universitéit vu KwaZulu-Natal (Südafrika) ënnerriicht, ier se dem Antenna Audio (London) als Chefredakter a Kreatiounsmanager bäigetruede war.

Ab 2012 war si Däitsch-Proff am Lycée Ermesinde an ab 2015 war si wëssenschaftlech Mataarbechterin beim CNL. D’Nathalie Jacoby ass Autorin vun diverse Publikatiounen, déi sech ëm d’Didaktik vu Literatur an zäitgenëssesch Literatur zu Lëtzebuerg dréien.

Méi zum CNL

Den CNL ass e staatlecht Kulturinstitut ënner der Opsiicht vum Kulturministère a besteet aus enger Ekipp vun ongeféier 25 Leit. Als Zentrum fir d’Sammlung a Studie vun allem, wat mam nationale literaresche Patrimoine ze dinn huet, erfëllt den CNL eng wëssenschaftlech Missioun.

Och iwwerhëlt den CNL soziokulturell Verantwortung duerch Programmer vun didakteschen Aktivitéiten, Ausstellungen, Konferenzen a literareschen Eventer.

Reegelméisseg iwwerschafft den Zentrum de Lëtzebuerger Autorenlexikon, d’Daten gi vun engem wëssenschaftlechem Team geliwwert.

Opmaacherbild: © Nathalie Jacoby

Related topics Claude D. Conter, CNL, Däitsch Literatur, Direktesch, Lycée Ermesinde, Nathalie Jacoby, Nationale Literaturzenter, Pierre Marson
Next post Previous post