Search

You may also like

Kultur Neiegkeeten

Konditiounen Gewënnspill Béier-Adventskalenner

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Buchvirstellung: „Anna“ vum Niccolò Ammanati
Kultur Neiegkeeten

Buchvirstellung: „Anna“ vum Niccolò Ammanati

Anna – een einfachen Numm, et verbënnt een automatesch eng

Orbit: Zwee nei Satellitte fir d‘Waasser op der Äerd ze iwwerwaachen
Kultur Neiegkeeten

Orbit: Zwee nei Satellitte fir d‘Waasser op der Äerd ze iwwerwaachen

Déi privat Weltraumentreprise SpaceX huet um Dënschdeg zwee Satellitten an

Fält National Feierdag aus? Zwar net!

Fält National Feierdag aus? Zwar net!

Gutt grouss Party an honnertdausende Mënsche wëll dëst Joer keen an der Stad gesinn, a vill Gemenge wäerten sech et och gutt iwwerleeë gréisser Festivitéiten ze organiséieren. Esou wäert villeruerts den offiziellen Deel um Virowend zu National Feierdag éischter am klénge Krees zelebréiert ginn. Mee d‘Gottesdéngschter (Te Deum) fanne mat de bekannte Mesure statt.

Mee esou ee flotten Dag ganz ouni Rämmidämmi dat ass jo awer och näischt, firwat si sech op der Péitenger Gemeng geduecht hunn: „do gëtt et eng riseg onbenotzte Plaz, do kéint een dach eng starten“. An Tatsächlech, um „Carena“ (den ale Standuert vun der Eucosider) gëtt et masseg Plaz a vill Futti maache kann een do eigentlech och net méi. An esou gouf ee Festprogramm ausgeschafft.

Dat Ganzt fënnt statt Dënschdeg den 23. Juni als „Drive-in“, wien do en Auto oder eng Camionnette huet ass däitlech am Virdeel, mee wa jiddereen eng Mask undeet dierf ee jo zu méi sinn. Um 10 Auer ginn d‘Festlechkeete mat engem „Drive-in Te Deum“ erëffent. Hei ginn zum Ofschloss vun der reliéiser Zeremonie d‘Gefierer – also déi wou dorunner Interessi hunn – geseent.

Um 16 Auer – also nom Mëttegiessen inklusive Mëttesrascht – kann een dann nees zréckkommen, an heifir sollt ee seng Krapperten derbäi hunn. Op engem Ecran kënnen sech dann d‘Butzen um Film „Schatzritter“ erfreeën. Hei wier et natierlech flott, wann net nëmmen d‘Mamme géife vum Kanner-Gekickels profitéieren. Zudeem ee wärend der Projektioun den Auto net verloossen dierf.

Kuerz viru siwen Auer (18.45 Auer ass annoncéiert) hält den de Buergermeeschter Pierre Melina eng Ried, déi iwwert den Infokanal vu Péiteng-TV (op www.petange.lu), dem YouTube-Kanal vun der Gemeng Péiteng an och am Radio iwwert d‘Welle vu „Péiteng on Air“ iwwerdroe ginn.

Uschléissend gëtt dann eppes ze Laache mat den Déckkäpp, iert dann um 21.30 Auer de Film „Superjhemp retörns“ projezéiert gëtt. Datt alles ass natierlech gratis an et kënnen och nëmmen esouvill Autoen – jo et kënnt just mam Auto eran – op de Site gelooss wéi Plaz ass. Et gëtt ze baffen an eppes géint de géien Duuscht. Et muss een awer näischt siche goen, et gëtt alles geliwwert.

Illustratioun: © Levi Guzman / unsplash

Related topics Autokino, National Feierdag, Péiteng, Te Deum
Next post Previous post