Search

You may also like

De Putin befeelt d‘Liquidatioun vun Attentäter
Neiegkeeten

De Putin befeelt d‘Liquidatioun vun Attentäter

Um Donneschdeg huet de Vladimir Putin den Uerder erausginn, op

Luxport S.A.: Den neie Kollektivvertrag bréngt Cadeaue mat sech!
Neiegkeeten

Luxport S.A.: Den neie Kollektivvertrag bréngt Cadeaue mat sech!

Wéi den LCGB gëschter matgedeelt huet, ass bei Luxport S.A.

Venedeg gesinn a stierwen?
Neiegkeeten

Venedeg gesinn a stierwen?

Risegt Croisièresschëff knuppt a Touristeboot a géint de Quai. Eng

E Buch, en Artikel oder just en Dokument: op A bis Z Punkt LU sollt een dat fannen

E Buch, en Artikel oder just en Dokument: op A bis Z Punkt LU sollt een dat fannen

Am Kader vu senger Online-Entwécklungsstrategie huet d‘Nationalbibliothéik (BnL) de Site „www.a-z.lu“ aktualiséiert. D‘Sichmaschinn vun de Bibliothéiken am Reseau „bibnet.lu“ ass verbessert ginn, an erlaabt et vill méi intuitiv déi ganz Offer zu Lëtzebuerg entdecken.

Eng „vereenheetlecht“ Sichmaschinn erfëllt d‘Objektiv vun der Nationalbibliothéik, de Besoine vun all de Notzer gerecht ze ginn. Op et sech hei ëm den erfuerene Bibliothéiksbesicher handel, de Student oder de Wëssenschaftler, awer eben och de ganz normale Bierger, deen elo net weess wéi Kataloge vu Bibliothéiken opgebaut sinn, jidderee soll eens ginn.

„a-z.lu“ ass entwéckelt ginn, fir dat mir alleguerten, vum bluddegen Ufänger bis zum krassen Expert domatter kënnen ëmgoen. Egal op een eppes sicht fir d‘Schoul, d‘Fuerschung, am Kader vun „lifelong-learning“ oder eben „einfach esou“, et soll een alles fanne kënnen.

Zweckorientéiert statt Sënnfriem

Sënn an Zweck vun esou enger „Operatioun“ ass et jidderengem d‘Méiglechkeet ze ginn sech ze informéieren. Via „a-z.lu“ kann een de grousse Räichtum vun de physeschen an numeresche Kollektiounen entdecken. Et kann een hei op Dokumenter zougräifen déi ee brauch ouni besonnesch mat der dokumentarescher Recherche vertraut ze sinn.

D‘Entwécklung vun „a-z.lu“ passt dann och ganz gutt an de Kader vun de Missiounen déi d‘Nationalbibliothéik als Coordinatrice fir de Reseau vun de lëtzebuergesche Bibliothéiken an dem Konsortium Lëtzebuerg, wou se déi ganz Informatiksystemer geréiert.

Am Reseau bibnet.lu sinn aktuell 81 ganz ënnerschiddlech Membere vereent. Esou d‘Bibliothéike vun de staatleche Kulturinstituter, der Universitéit, verschidden ëffentlech Organer, mee natierlech och de Lycéeën a Gemengen. „a-z.lu“ gëtt Zougang zu iwwer 1,2 Millioune Referenzen.

Wann dach nëmmen alles esou einfach wier

Dësen Interface ze benotzen ass einfach an dat soll jo och esou sinn. Wien eppes sicht fänkt einfach emol mat „Schlësselwieder“ un, wourop een eng éischt Lëscht un Informatioune kritt, déi een dann unhand vun dynamesche Filter verfeinere kann. Ass alles intuitiv, a wierklech just déi éischte Kéier, well ee sech wonnert wéi cool et ass, komesch. Egal, et versteet sech alles vum selwen, kee Grond et net ze probéieren.

Ganz flotte Service fir all déi wou eng „Memberskaart“ (Carte de Lecteur) vum Reseau bibnet.lu hunn. Déi kënnen sech hir Dokumenter, déi se op „a-z.lu“ fonnt hunn och nach direkt reservéieren. Se hunn esouguer nach direkten Zougang zu e sëllechen numeresche Ressourcen.

Wat een net sicht kann ee net fannen an hei gëtt engem d‘Siche liicht gemaach. En alen Artikel aus dem Wort oder dem Tageblatt, vläicht och nëmmen eng al Affiche. Et gëtt esouvill Saachen, déi een eleng schonn aus Virwëtz hei sollt sichen. A wie weess, vläicht geet et iech wéi eis, an et fënnt een einfach eppes „Onerwaartes“ et bleift een „hänken“. Et gëtt esouvill Interessantes ze entdecken an hei ass ee richteg.

mam SIP

Related topics Nationalbibliothéik, Sichmaschinn
Next post Previous post