Search

You may also like

surprise
CGFP-Leader Romain Wollf: Bereet fir d‘Fuerderungen ze streiden
Kultur Neiegkeeten

CGFP-Leader Romain Wollf: Bereet fir d‘Fuerderungen ze streiden

D‘Chamber huet nach net richteg ugefaange mat Schaffen, d‘Presentatioun vum

Fussball: De President vun der LFL geet senger Wee
Kultur Neiegkeeten

Fussball: De President vun der LFL geet senger Wee

An engem Pressecommuniqué deelt déi „Lëtzebojer Football Ligue“ mat, datt

Keen Home-Schooling no der Fuesvakanz
Kultur Neiegkeeten

Keen Home-Schooling no der Fuesvakanz

Wärend sech bei eisen däitsche wéi franséischen Nopere gehéiereg de

Nationale Commemoratiounsdag – D’Zeremonien op ee Bléck

Nationale Commemoratiounsdag – D’Zeremonien op ee Bléck

No der Besetzung an de Joren 1940 bis 1945 erënnert den nationale Commemoratiounsdag och haut nach un dës donkel Zäit. An dësem Kader ginn um Sonndeg, den 13. Oktober 2019 verschidden Zeremonien organiséiert.

Souwuel beim nationale Monument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit (Kanounenhiwwel), beim Monument zur Erënnerung vun den Affer vun der Shoah (Boulevard Roosevelt), bei der Gëlle Fra, beim Hinzerter Kräiz, wéi och beim Commemoratiounsmonument beim Trifolion zu Iechternach wäerten Zeremonien an Erënnerung un d’Besetzung an d’Affer stattfannen.

Nationaalt Monument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit

Um 10:15 Auer wäert S.A.R. de Groussherzog ee Blummekranz beim Monument um sougenannte Kanounenhiwwel nidderleeën.

Bei senger Arrivée um Boulevard F.D. Roosevelt gëtt de Groussherzog vum Chamberpresident Fernand Etgen, dem Premierminister Xavier Bettel, dem Verdeedegungsminister François Bausch, dem éischte Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg Serge Wilmes an dem Generol Alain Duschène empfaangen.

Monument zur Erënnerung vun den Affer vun der Shoah

Beim Monument um Boulevard Roosevelt zu Lëtzebuerg wäerten de Chamberpresident Fernand Etgen, de Premierminister Xavier Bettel, den éischte Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg Serge Wilmes an de President vum israelesche Consistoire Albert Aflalo ee Blummekranz néierleeën.
Weider geet et mat enger Ried vum Lëtzebuerger Oberrabbiner Alain Nacache, sou wéi dem Premierminister Xavier Bettel.

Gëlle Fra

Um 11:00 Auer deposéieren de Fernand Etgen, de Xavier Bettel, de François Bausch, de Serge Wilmes, de Generol Alain Duschène an de Generaldirekter vun der Police Philippe Schrantz Blummekränz.

Hinzerter Kräiz

Um 11:30 Auer wäert de Premierminister Xavier Bettel eng Ried beim nationale Monument vun der Résistance an der Deportatioun halen. Zesumme mam Vikar Léoi Wagner, als Representant vun der kathoulescher Kierch, dem Oberrabbiner Alain Nacache an dem Paschtouer vun der protestantescher Kierch zu Lëtzebuerg Volker Strauß gëtt d’Monument geweit. Och hei ginn uschléissend Blummekränz néiergeluecht, dat vum Chamberpresident, dem Premierminister, dem éischte Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, sou wéi verschiddenen Autoritéiten an Ambassadeuren.

Trifolion

Eng lescht Zeremonie wäert Owes um 17:00 Auer am Trifolion zu Iechternach stattfannen. Zesumme mam Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler an dem Comitéspresident fir d’Erënnerung un den Zweete Weltkrich Guy Dockendorf wäerten de Fernand Etgen an de Xavier Bettel hir Rieden halen.

Viru geet et mat engem historesche Film, dee vum Professer an Auteur Frank Wilhelm kommentéiert gëtt. Gefollëgt gëtt d’Projektioun vun der Lecture vum Gedicht Stolpersteine vun den Schüler vum Iechternacher Lycée (LCE) an dem Text De Lëtzebuerger Zaldot. Déi lokal Museksschoul an d’Chorale vum Lycée wäerten d’Zeremonie musikalesch ëmmantelen.

Related topics Alain Nacache, Albert Aflalo, Commemoratiounsdag, Fernand Etgen, Gëlle Fra, Generol Alain Duschène, Hinzerter Kräiz, Léo Wagner, Philippe Martinez, S.A.R. de Groussherzog Henri, Serge Wilmes, Trifolion, Xavier Bettel, Zeremonie
Next post Previous post