Search

You may also like

Motorsport: Stock-Car Meeschterschaft gestart
Neiegkeeten

Motorsport: Stock-Car Meeschterschaft gestart

Bei beschtem Wieder haten eng ronn 3.000 motorsportbegeeschtert Zuschauer de

Compiègne: Frankräich an Däitschland reechen sech d‘Hänn
Neiegkeeten

Compiègne: Frankräich an Däitschland reechen sech d‘Hänn

Mat enger symbolträchteger Zeremonie hunn de franséische President, Emmanuel Macron,

Steierreform a sozial selektiv Steiermesuren
Neiegkeeten

Steierreform a sozial selektiv Steiermesuren

Här Finanzminister Pierre Gramegna, D’Steierverwaltung huet ee vun de wichtegsten

Nationale Commemoratiounsdag 2020

Nationale Commemoratiounsdag 2020

D’Erliichterung war viru 75 Joer immens grouss, wéi den Zweete Weltkrich op en Enn gaangen ass. No bal fënnef Joer ass Veianen den 12. Februar 1945 als lescht Stad zu Lëtzebuerg befreit ginn.

Et ass wouer, datt et dacks Männer waren, déi an der Resistenz géint déi däitsch Besatzung gekämpft hunn, déi forcéiert goufen, fir d’Nazien an de Krich ze zéien, an déi mat hire Familljen ëmgesidelt oder deportéiert goufen. D’Roll vun der Fra, déi d’Laascht vun deem Krich meeschtens eleng huet missen droen, ass leider an der Geschicht oft ze kuerz komm. Dofir wëlle mir dëst Joer ganz besonnesch de Fraen, Mammen a Meedercher gedenken, déi an de schwéiere Krichszäiten d’Familljen, awer och d’Gesellschaft insgesamt zesummegehalen hunn. Ouni Frae wier et net méiglech gewiescht, d’Resistenz op deem deemolegen Niveau oprechtzeerhalen, d’Famillje vun den zwangsrekrutéierte „Jongen a Meedercher“ wieren heefeg um Leed an un der Angscht ëm hir Kanner zerbrach. An et waren déi deportéiert jüddesch Fraen, déi ze vill dacks hu missen hire Léifsten Trouscht schenken.

Commemoratiounsdag© Gouvernement

De Courage vun dëse Frae soll eis all als Virbild déngen, besonnesch och a méi schwéieren Zäiten. Och haut musse mir Zivilcourage opbréngen an eis fir gemeinsam Wäerter engagéieren. Déi zukënfteg Generatioune wäerten ons virun allem dorunner moossen.

Am Kader vum nationale Commemoratiounsdag gëtt dëst Joer ganz besonnesch un „ons Meedercher“, also un déi jonk Frae geduecht, déi als Zwangsaarbechterinnen an de „Reichsarbeitsdienst – RAD“ forcéiert goufen. Zum gréissten Deel goufe si vun der Gare Lëtzebuerg aus an Däitschland transportéiert. 58 Frae sinn an der Friemd gestuerwen. Op der Gare gëtt eng Plack um nationale Commemoratiounsdag ageweit, fir un déi vill Schicksaler z’erënneren.

Xavier BETTEL – Dan KERSCH, François BAUSCH – Jean ASSELBORN, Romain SCHNEIDER, Pierre GRAMEGNA, Claude MEISCH, Corinne CAHEN, Carole DIESCHBOURG, Marc HANSEN, Claude TURMES, Paulette LENERT, Sam TANSON, Taina BOFFERDING, Lex DELLES, Henri KOX, Franz FAYOT

Foto: © Gouvernement

Related topics däitsch Besatzung, Nationale Commemoratiounsdag 2020, Reichsarbeitsdienst, Zivilcourage, Zwangsaarbechterinnen, Zweete Weltkrich
Next post Previous post