Search

You may also like

Mir wëlle bleiwen, wat mir ginn
Meenung Neiegkeeten

Mir wëlle bleiwen, wat mir ginn

Am Kader vun der Expo 2020 Dubai huet e Kënschtlerkollektiv

Street-Art Racing: „Mir komme vu Course zu Course virun!“
Meenung Neiegkeeten

Street-Art Racing: „Mir komme vu Course zu Course virun!“

D‘Street-Art Racing-Ekipp huet well en Drëttel vun der Saison hannert

Buschbränn: Australien uerdent Evakuatioun vun den Touristen un
Meenung Neiegkeeten

Buschbränn: Australien uerdent Evakuatioun vun den Touristen un

Haut hunn d‘Autoritéite vum Bundesstaat New South Wales e Gebitt

Nationale Commemoratiounsdag 2021

Nationale Commemoratiounsdag 2021

Den nationale Commemoratiounsdag ass dëst Joer op en Neits e besonnesche Moment fir sech déi verschidden Aspekter vun der nationaler Memoire virun Aen ze féieren.

2021 denke mir un den 80. Joresdag vun der Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941. Deemools wollten d’Nazien ënner anerem vun de Biergerinnen a Bierger wëssen, ob si jiddesch wieren an och wat hir Nationalitéit, Mammesprooch a “Rass” wier. D’Resistenz huet dozou opgeruff fir déi dräi lescht Froe mat “Lëtzebuergesch” ze beäntweren. Ganz vill Leit sinn där Opfuerderung nokomm, mat dem Resultat, datt d’Vollekszielung annuléiert gouf. Dëst ass en historesch wichtege Moment op deem eis Leit fir eis Fräiheet agetruede sinn.

Dëst Joer denke mir och un den 80. Joresdag vum éischten Deportatiounszuch vu jiddesche Matbiergerinnen a Matbierger, deen de 16. Oktober 1941 Lëtzebuerg a Richtung Litzmannstadt verlooss huet. D’Affer vun der Shoah däerfen a wäerte mir ni vergiessen. Antisemitismus, Intoleranz, Rassismus a Friemenhaass wäerten och weiderhi keng Plaz an eiser Mëtt hunn.

D’Aweiung vun enger Plack op der “Gëlle Fra”, déi un d’Spueniekämpfer erënnert, war e weidere Schratt an der Entwécklung vun onser Erënnerungskultur. Si hu sech an den 1930er Joren a Spuenie géint de Faschismus agesat. An Zäiten, an deenen anti-demokratesch Beweegungen d’Fundamenter vun eisem Zesummeliewe wëllen ënnergruewen, ass et wichteg, de Courage an d’Engagement vun deenen héichzehalen, déi sech fir eis Wäerter asetzen an agesat hunn.

Et ass eis Flicht fir d’Erënnerung un den Zweete Weltkrich oprechtzeerhalen an déi Jonk mat anzebannen. Nëmmen esou bleift d’Memoire relevant an eiser Zäit an hëlleft, dass och déi nächst Generatiounen an enger oppener a fräier Gesellschaft liewe kënnen.

Xavier BETTEL, Dan KERSCH, François BAUSCH, Jean ASSELBORN, Romain SCHNEIDER, Pierre GRAMEGNA, Claude MEISCH, Corinne CAHEN, Carole DIESCHBOURG, Marc HANSEN, Claude TURMES, Paulette LENERT, Sam TANSON, Taina BOFFERDING, Lex DELLES, Henri KOX a Franz FAYOT

Foto: Archivbild vun 2020 © Gouvernement

Related topics Demokratie, Deporatioun, Erënnerung, Faschismus, Fridden, Gëlle Fra, Juddentum, Nationale Commemoratiounsdag 2021, Resistenz, Ried
Next post Previous post