Search

You may also like

Kanalisatiounsaarbechten an der Eecher Strooss (20. – 21. Juni 2020)
Neiegkeeten

Kanalisatiounsaarbechten an der Eecher Strooss (20. – 21. Juni 2020)

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt am Kader vum Reamenagement vun

HIV: D’Zuel un neien Infektioune geet erof!
Neiegkeeten

HIV: D’Zuel un neien Infektioune geet erof!

Am Joer 2018 ass den neien nationalen Aktiounsplang zum HI-Virus

Zeréck vum Cap Vert: 171 Persounen sinn duerch d’Luxair zeréck an hirer Heemescht
Neiegkeeten

Zeréck vum Cap Vert: 171 Persounen sinn duerch d’Luxair zeréck an hirer Heemescht

Nodeems duerch déi aktuell Kris vun der Covid-19-Pandemie Passagéierflich gestrach

ReviLux: Situatiounsiwwersiicht Woch 32

ReviLux: Situatiounsiwwersiicht Woch 32

Den Nationale Gesondheetslaboratoire (LNS) huet d‘Resultater vu sengen ënnersichte Prouwe vun der Woch32/2021 verëffentlecht. De ganzen Detail dozou huet et wéi gewinnt ënnert folgender Adress: https://lns.lu/departement/microbiologie/revilux/

Am Resumé: Vun 295 Infektiounsfäll insgesamt, gouf 178 Prouwen analyséiert (60,4%). Dat ass méi wéi déi mindestens gefuerdert 10%, mee eppes kléngs manner wéi vun der ECDC ugeroden. Laut dëse sollen 198 Prouwen ënnersicht gi sinn. Ob et un der Vakanzesaison geleeën ass, gëtt net aus dem LNS-Communiqué ervir.

D‘Iwwerwaachung huet erginn, datt de sougenannte Variant-Delta zu Lëtzebuerg mat 96,7% déi dominant Versioun vum Covid19-Virus ass. De Variant-Gamma dogéint ass kaum verbreet (3,3%). Recommandatiounen oder weider Informatiounen, muss een aus dem vollstännege Bericht – de Link ass uewe genannt – enthuelen.

Illustratioun: © Raghav Basin / unsplash

Related topics Covid19, Impfcampagne, LNS, Nationale Gesondheetslaboratoire, ReviLux, Variant-Delta
Next post Previous post