Search

You may also like

Här ass Här, a Max ass Max – Bréissel ass dofir e gutt Beispill
Kultur Neiegkeeten

Här ass Här, a Max ass Max – Bréissel ass dofir e gutt Beispill

Datt an Europa vill aktiv Mënschen sech schwéier di mat

What the Fakt – Den Udo Lindenberg spillt zur DDR-Zäit säi legendäre Rock-Concert
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Den Udo Lindenberg spillt zur DDR-Zäit säi legendäre Rock-Concert

Et ass dem däitsche Museker säin éischten DDR-Optrëtt am Kader

DÉSOEUVRÉS #21: Haut den Owend an de Rotondes
Kultur Neiegkeeten

DÉSOEUVRÉS #21: Haut den Owend an de Rotondes

Nodeems déi lescht Saison opgrond vun „enger klenger Pandemie“ leider

Präisiwwerreechung vum Nationale Literaturconcours 2020

Präisiwwerreechung vum Nationale Literaturconcours 2020

De 15. Dezember 2020 huet d’Präisiwwerreechung vum Nationale Literaturconcours 2020 am klenge Kader an a Presenz vun der Kulturministesch Sam Tanson stattfonnt. D’Zeremonie gouf am Nationale Literatur Zenter zu Miersch opgeholl a via Internet iwwerdroen.

D’Gewënner vum Nationale Literaraturconcours 2020, deem säi Sujet d’Kollektioun vu Poesie war, sinn:

Kategorie „erwuessen Auteuren”

  1. Präis: Ulrike Bail fir „statt einer ankunft“
  2. Präis: Serge Basso de March fir „Petite cosmogonie des poèmes avec jardin“
  3. Präis: Paul Mathieu fir à „bord“

Kategorie „jonk Autoren am Alter vu 15-25″

  1. Präis: Tom Weber fir „fluides Herz“

Nationale Literaturconcours 2020(v.l.n.r.) Tom Weber, Auteur ; Paul Mathieu, Auteur ; Serge Basso de March, Auteur ; Ulrike Bail, Auteur ; Sam Tanson, Kulturministesch © MCULT

De Jury war zesummegesat aus dem Lambert Schlechter (President), dem Claude Bommertz, dem Sarah Lippert, dem Tonia Raus an dem Raoul Walisch.

„An dësen onsécheren Zäiten, mécht d’Poesie et méiglech dat immateriellt z’evocéieren, d’Erfarung ze kontextualiséieren, ongehéiert oder alldeeglech Situatiounen, a se duerch Wierder ze subliméieren“, huet d’Kulturministesch ënnerstrach.

Zënter 1978 organiséiert de Kulturministère e jäerleche literaresche Concours mam Zil d’literaresch Kreatioun am Grand-Duché ze fërderen. D’Editioun 2020 war fir d’Sammlung vu Poesie op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an / oder Englesch reservéiert.

Dobäi ass den nationale literaresche Concours all Joer fir en anere Genre reservéiert.

Ganzer 52 Wierker goufen an der Kategorie „erwuesse Auteuren” agereecht, dorënner 23 op Franséisch, 11 op Däitsch, 9 op Englesch an 8 op Lëtzebuergesch an 1 Méisproocheg. An der Kategorie „jonk Autoren am Alter vu 15-25″ ware 15 Produktiounen ze fannen, dorënner 4 op Franséisch an 3 op Däitsch, 7 op Englesch an 1 Méisproocheg.

Eng Lëscht vun de Gewënner vun de fréieren Editiounen fannt Dir am Lëtzebuerger Auteurelexikon.

De Video vun der Präisverdeelung 2020 kënnt Dir hei nach emol kucken:

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Lambert Schlechter, Auteur a President vum Jury; Tom Weber, Auteur ; Paul Mathieu, Auteur ; Serge Basso de March, Auteur ; Ulrike Bail, Auteur ; Sam Tanson, Kulturministesch © MCULT

Related topics Iwwerdroung, Kulturministesch, Nationale Literatur Zenter, Nationale Literaturconcours 2020, Paul Mathieu, Präisiwwerreechung, Sam Tanson, Serge Basso de March, Tom Weber, Ulrike Bail
Next post Previous post