Search

You may also like

Interessanten Debat zur Diktatur an Ungarn
Kultur Neiegkeeten

Interessanten Debat zur Diktatur an Ungarn

Biergerrechter, Pressefräiheet, sexuell Ausriichtung… an natierlech d‘Noutstandsgesetz, datt dem Viktor

Den Dan Kersch presentéiert d’Neiheeten zu de Sozialwahlen 2019
Kultur Neiegkeeten

Den Dan Kersch presentéiert d’Neiheeten zu de Sozialwahlen 2019

Den Dan Kersch, Minister fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial-

Gesondheetlech Komplikatiounen duerch AstraZeneca? De Gesondheetsministère gëtt Erklärungen
Kultur Neiegkeeten

Gesondheetlech Komplikatiounen duerch AstraZeneca? De Gesondheetsministère gëtt Erklärungen

Zënter dem 9. Mäerz gëtt de Vaccin aus der Charge

Mir halen um nationale Literaturconcours fest

Mir halen um nationale Literaturconcours fest

D‘Bichergecken a soss Frënn vun der nationaler Literatur, mee ganz besonnesch déi vill Auteuren am Land dierft et erfreeën, datt och wann eis dCovid19-Pandemie eis den Ament grouss Spréng u sech verbitt, et gutt Buch ass ëmmer gäre gesinn. Esou gëtt dann um Literaturconcours festgehalen an dat zu den initiale Konditiounen.

Dat ganzt Reglement verstoppt sech hannert dësem Link, mee et dierf een nach emol drop hiweisen, datt all Auteur nëmme soll een Dokument, entweder op der Schreifmaschinn geschriwwen oder um Printer ausgedréckt, entspriechend de Virgabe vum Reglement dierf areechen. Dat awer kéint ënnert Ëmstänn net fir jidderee méiglech sinn, firwat et (wierklech nëmmen) Ausnamsweis méiglech ass, säin Text iwwert den Ëmwee vum Site „WeTransfer“ an als „.pdf“ Dokument op d‘e-Mail Adress concours@mc.etat.lu bis den 9. Juni 17 Auer ze schécken. Wien de Postwee gewielt huet, och do ass de leschten Termin fir säi Wierk anzereechen, den 9. Juni. De Poststempel ass gülteg, preziséiert de Kulturministère.

Wien den Internet notzt muss elo awer gutt Uecht dinn! Et ass zwéngend noutwenneg d‘Anonymat beim Literaturconcours anzehalen. Aus dësem Grond muss um Site vu „WeTransfer“ an de Felder „Send“, wei och beim Absender (Your eMail adress) zweemol d‘e-Mail Adress vun Concours agedroe ginn. Am Feld „Message“ muss dra Stoen „Concours literaire national 2020“ an ee Pseudonym dee keng Réckschlëss op den tatsächlechen Auteur zouléisst, esou wéi den Titel vum Wierk an d‘Alterskategorie an där deelgeholl gëtt, also op ee méi jonk oder méi al wéi 25 Joer ass.

An dat ass dann och nach net alles. Zousätzlech zur anonymiséierter Zousendung via WeTransfer, muss zwéngend eng Enveloppe mat der Mentioun „Concours literaire national 2020“ un de literareschen Déngscht vum Kulturministère (4 Boulevard F.D. Roosevelt; 2450 Lëtzebuerg) – an och dat spéitstens zum genannten Termin – iwwert de traditionelle Postwee zougeschéckt ginn. An dëser Enveloppe mussen dra sinn: E verschlossenen Ëmschlag mat der Mentioun „Concours literaire national 2020“, dem Pseudonym, Titel vum Wierk an Altersklass. An dëser Enveloppe, déi gutt verschloss muss sinn, gehéiert eng Fiche mat all de Coordonnéeë vum Auteur.

Dofir nach emol den Appell, liest iech d‘Reglement gutt duerch an iwwerzeegt iech, datt dir nieft engem hoffentlech aussiichtsräichen Text, och all déi gefuerdert Konditiounen erfëllt hutt. Nëmmen Dossieren déi komplett an anonymiséiert sinn, ginn der Jury virgeluecht. Well elo, déi Leit, déi hiert Wierk via WeTransfer eraginn hunn, net – am Géigesaz zum Envoi mëttels Recommandé mat der Post – net iwwerpréiwe kënnen, ob alles ukomm ass, wäert de Kulturministère eng Lëscht mat de Pseudonymmer op hirem Site verëffentlechen, vun den Dossieren déi ugeholl goufen.

Erënnere mir dann och nach emol drun, datt den Thema vun dësem Joer d‘Poesie ass. Matmaachen dierfen an der Kategorie Jugend, jonk Mënschen tëscht 15 a 25 Joer, duerno gehéiert zur Kategorie erwuessen Auteuren. De Concours ass op fir all Resident, also net op d‘Nationalitéit reduzéiert. D‘Jury besteet aus de Memberen: Claude Bommertz, Sarah Lippert, Tonia Raus, Lambert Schlechter a Raoul Walisch.

Illustratioun: © Milkovi / unsplash

Related topics Kulturministère, Literaturconcours, Posie
Next post Previous post