Search

You may also like

Pipo Peng: De Karton schafft
Neiegkeeten

Pipo Peng: De Karton schafft

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

De Morbide Fetisch vum STATEC
Neiegkeeten

De Morbide Fetisch vum STATEC

Zanter dem November beschäftegt sech de statisteschen Déngscht, deen dem

De Vizepresident vum EU-Parlament kritt de Stull vrun d‘Dier gestallt
Neiegkeeten

De Vizepresident vum EU-Parlament kritt de Stull vrun d‘Dier gestallt

De Ryszard Czarnecki, polneschen nationalkonservativen a schwéierst ëmstriddene Vizepresident vum

Iwwerreechung vum nationale Sports-Brevet an dem Präis Fitness Pass 2018

Iwwerreechung vum nationale Sports-Brevet an dem Präis Fitness Pass 2018

Am Kader vun der Zeremonie an der Coque huet de Sportminister Dan Kersch gëschter déi national Sports-Breveten an d’Präisser vum Fitness Pass 2018 un divers Sportler iwwerreecht.

Bei senger Ried huet de Minister alle Memberen aus der Kommissioun vum nationale Sports-Brevet Merci gesot, sou wéi och de verschiddene Partner vum Sportministere. Dës weideren sinn och de COSL, déi sportlech Federatiounen, Primärschoulen, de Schengener Lycée an der Arméi fir hir Organisatioune bei de verschiddenen aktiven Evenementer gelueft ginn.

Am Joer 2018 waren et ganzer 824 Participanten, déi beim nationale Sports-Brevet an dem Fitness Pass matgemaach hunn, wat de Minister Dan Kersch immens gefreet huet. D’Ziel vum Sports-Brevet ass et de Sport an all senge Richtungen ab dem Alter vun 10 Joer ze fërderen. Souwuel Amateuren, wéi och méi erfuere Sportler kënnen hei hiren Niveau u Konditioun austeste bei de verschiddenen Exercicer (Athletismus, Cyclissem a Schwammen).

Méi zum Brevet

Ee Mol am Joer ginn déi verschidden Epreuven, déi a 4 Disziplinnen agedeelt sinn, organiséiert. Fir matzemaache muss de Kandidat sech beim Sportsministère aschreiwen. Dobäi dierf jiddwereen ab 10 Joer matmaachen, egal ob Amateur, erfuerene Sportler, aktiv an engem Veräin oder net. Donieft muss een och ee Certificat vum Dokter areechen, dee manner wéi 6 Méint al ass.

Jee no Alter ginn d’Disziplinnen anescht opgedeelt, woubäi et awer gëllt op mannst eng Sportaart locker ze packen. D’Unzuel vun de Punkten entscheet dann, ob ee Bronze, Sëlwer oder Gold kritt.

D’Campagne vum Fitness Pass ass 2001 vum Sportsministère an dem Lëtzebuerger Olympesche Sports-Comitée an d’Liewe geruff ginn. Esou soll een am Laf vum Joer u verschiddene sportlechen Aktivitéiten deelhuelen an eventuell eppes Neies kenneléieren. Bei op mannst 3 vun 8 Manifestatioune misst een Vignetten op sengem Pass sammelen, fir uschléissend ee Präis ze kréien.

Opmaacherbild: © MSP

Related topics COSL, Dan Kersch, Fitness Pass 2018, Sport, Sports-Brevet, Sportsministère
Next post Previous post