LU-ALERT: D‘Populatioun am Eeschtfall per Siren an SMS warnen

Datt zu Lëtzebuerg all éischte Méindeg am Mount d‘Sirenen op hir Funktionalitéit getest ginn, ass schonns eng Normalitéit. Fir d’Populatioun op verschidde Kanäl schnell ze informéieren, sinn des Kéier och SMS’e verschéckt ginn. 

D’Noriicht mam „LU-ALERT / ALERTE TEST / NO ACTION REQUIRED / AUCUNE ACTION REQUISE / KEINE HANDLUNG ERFORDERLICH / INFOS: MINT.PUBLIC.LU“ hunn déi eng méi oder manner fréi am Nomëtteg erhalen, wärend anerer elo nach drop waarden. Et weist sech also, datt et nach Verbesserungsbedarf gëtt.

Den nationale Warnsystem duerch Textnoriichten um Handy ze ënnerstëtzen, soll dobäi och d‘Resilienz vun der Bevëlkerung stäerken an esou am Eeschtfall wichteg Informatiounen vermëttelen. 

Wien Umierkungen an/oder Verbesserungsvirschléi huet, kann dës dem Inneministère iwwert d‘Mail-Adress lu-alert@mi.etat.lu matdeelen.

Dernières nouvelles