Search

You may also like

Äerdschëff: Erausfuerderunge sinn do, fir gemeeschtert ze ginn
Neiegkeeten

Äerdschëff: Erausfuerderunge sinn do, fir gemeeschtert ze ginn

Esou lues hëlt d’Äerdschëff zu Réiden un der Atert Form

Katalounien: den Artikel 155, erkläert
Neiegkeeten

Katalounien: den Artikel 155, erkläert

Déi spuenesch Regierung wëll mat aller Gewalt d‘Kontroll iwwert dat

Wie lauschtert no, wann den US-President telefonéiert?
Neiegkeeten

Wie lauschtert no, wann den US-President telefonéiert?

No engem erneite Skandal wou dem Donald Trump nees d‘Haaptroll

Den nationalen Dag vun der Resistenz: Gedenk-Zeremonie virum Hinzerter Kräiz

Um 25. Februar 1944 sinn 23 Membere vun der Lëtzebuerger Resistenz am SS-Sonderlager vum Konzentratiounslager Hinzert ëmbruecht ginn. Am klenge Kader ass och an dësem Joer eng Gedenk-Zeremonie organiséiert ginn, un där de Staats- a Premierminister Xavier Bettel deelgeholl huet.


Dag vun der ResistenzXavier Bettel / Twitter

Nodeems d’KZ Hinzert 1939 gebaut ginn ass, huet d’Schutzstaffel ee Joer drop d’Lager u sech gerappt an dausende Mënschen duerch d’Häll goe gelooss. Riets ass vu bis zu 13.500 Persounen, déi grausam erniddregt a gequäält goufen, an zum Deel un de Folge gestuerwe sinn, respektiv op der Plaz ëmbruecht goufen.

Am Ganze si 1.586 Lëtzebuerger an d’Konzentratiounslager deportéiert ginn, vun deenen der 76 den Dout fonnt hunn. Vill Gefaangener goufen och vun do aus a weider Camps an der Ëmgéigend bruecht. Ma, um 25. Februar 1944 sinn 23 Lëtzebuerger Resistenzler am Hinzerter Bësch erschoss ginn.

Aus dësem Grond gëtt zu Lëtzebuerg all Joer un dësem Februarsdag den nationalen Dag vun der Resistenz organiséiert, bei deem déi 23 Resistenzler symbolesch fir all déijéineg stinn, déi d’Fräiheet an d’Demokratie vum Land schütze wollten. Geduecht gëtt un all Resistenzler, déi an de Kazetter, Emsiidlungslager a Prisongen hiert Liewe gelooss hunn.

De Commemoratiounsdag gouf 1997 duerch den Engagement vum Comité fir d’Erënnerung un den Zweete Weltkrich an no enger Decisioun vum nationale Rot vun der Resistenz an d’Liewe geruff.

Billergalerie : Xavier Bettel / Facebook

Related topics Commemoratiounsadag, Hinzerter Kräiz, KZ Hinzert, Nationalen Dag vun der Resistenz, Xavier Bettel, Zweete Weltkrich
Next post Previous post