Search

You may also like

Bass du fit genuch fir dësen Lëtzebuergesch-Test?
Kultur Neiegkeeten

Bass du fit genuch fir dësen Lëtzebuergesch-Test?

[onionbuzz quiz-id=142][/onionbuzz] Lëtzebuergesch schreiwen huet nach laang net jiddereen an

Chantier op der A6 – et geet weider mat den Deviatiounen!
Kultur Neiegkeeten

Chantier op der A6 – et geet weider mat den Deviatiounen!

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt vu Freides, den 17. Mee géint

15 Doudeger bei Fligerofstuerz am Kasachstan
Kultur Neiegkeeten

15 Doudeger bei Fligerofstuerz am Kasachstan

Onmëttelbar nom Start vum Fluchhafen zu Almaty, ass d‘Fokker 100

Nationalfeierdag 2019: Militärparad zu Dikrech mam François Bausch

Nationalfeierdag 2019: Militärparad zu Dikrech mam François Bausch

Zesumme mam Verdeedegungsminister François Bausch an dem Generol Alain Duschène huet um Donneschdeg zu Dikrech d’Militärparad stattfonnt. Ulässlech zum Nationalfeierdag sinn national Uerden an Verdéngschtkräizer un d’Zaldoten iwwerreecht.

Fir de Minister Bausch war et déi éischte Kéier, datt hien un der Parad zu Dikrech deelhuelen duerft. Bei senger Ried huet hien ervir gehuewen, datt ganz der Traditioun no, d’Festivitéiten zum Nationalfeierdag mat der Zeremonie an der sougenannter Garnisounsstad ageleet ginn. De Feierdag vum 23. Juni huet direkt e puer Bedeitunge fir eist Land: „Um Nationalfeierdag zelebréiere mir den offizielle Gebuertsdag vum Groussherzog Henri, dem Staatschef an ieweschte Kommandant vun der lëtzebuerger Arméi“, sou de Minister.

Militärparad

(v.l.n.r.) n.b.; Colonel Yves Kalmes, Kommandant vun dem militäreschen Zentrum; Generol Alain Duschène, Staatschef vun der Lëtzebuerger Arméi; François Bausch, Verdeedegungsminister © EMA

Donieft ass et och een Dag, deen d’Onofhängegkeet vum Grand-Duché feiert. An dësem Joer feiere mir schonn de 75. Joresdag vun der Befreiung. An dësem Kade rhuet de François Bausch nach emol un all déi Leit geduecht, déi hier Liewe fir d’Fräiheet vu Lëtzebuerg an Europa gelooss hunn.

A senger Aufgab als Verdeedegungsminister huet hien d’Aufgab vun der Arméi erkläert, déi zur Erhalung vum Fridde bäidréit, an zuelräichen Auslandasäz aktiv ass. An engem huet hien awer och e puer Wuert zum Klimawandel verluer. Um NATO-Sommet 2018 si kloer Engagementer festgehale ginn, fir datt och d’Arméi méi energieeffizient agéiert. Dës Ziler soll een eescht huelen an och ëmsetzen.

De Klimawandel bréngt natierlech och alarméierend Situatioune mat sech: vun Iwwerschwemmungen, Dréchenten, Hongerkatastrophen a Bëschbränn, déi sech an Zukunft wuel nach weider heefe wäerten, fuerderen och d’Arméi eraus.

Militärparad

© EMA

Am Hibléck op d’Zukunft

Och an den nächste Jore wäert nach vill an d’Arméi investéiert ginn. Ënnert anerem sollen d’Infrastrukture moderniséiert ginn – sou beispillsweis de militäreschen Zentrum um Härebierg, de Schéissstand am Bleesdall an de Munitiounsdepot um Waldhaff.

An nächster Zäit bleift et fir d’Arméi eng Erausfuerderung de Budget ze geréieren. Schliisslech ass d’Personal am militäreschen Déngscht net vill gewuess. Esou denkt een drun, an Zukunft och an d’Leit, sou wéi an hir Karriären ze investéieren. Dem Minister ass et ee perséinlechen Uleies, déi sozial Roll vu jonken ZaldotInnen ze verbesseren an auszebauen. Esou sicht een no Méiglechkeeten, fir nei Karriäre beim Staat a Parastaat ze schaffen.

Militärparad

Iwwerreche vun den Auszeechnungen vum François Bausch, Verdeedegungsminister © EMA

Een ofschléissend Wuert

Bei der Zeremonie huet een net nëmmen an d’Zukunft gekuckt. Den tragesche Virfall um Waldhaff op Vältesdag 2019, bei deem zwou Persoune gestuerwe sinn, ass net vergiess. An dësem Kader wollt de Minister nach emol un d’Affer an déi Blesséiert gedenken. „D‘Défense ass eng grouss Famill a mir stinn op der Säit vun de betraffene Famillen an de Blesséierten, fir mat hinnen zesummen dat grousst Leed ze droen a fir hinnen sou gutt wéi méiglech ze hëllefen“, ënnersträicht de Minister.

An dësem trauregen Zesummenhang huet een och un den Accident zu Lausduer geduecht, bei deem ee Polizist säi Liewe verluer, an eng Polizistin schro blesséiert ginn ass.

Am Numm vun der ganzer Regierung huet de François Bausch als Ofschloss vu senger Ried allen Offizéier, Ënneroffizéier, Kapereel, ZaldotInnen an dem ziville Personal ee grousse Merci fir hiren Asaz gesot. Mat engem „Vive de Grand-Duc, Vive déi groussherzoglech Famill“ sinn uschléissend d’Uerden iwwerreecht ginn.

Related topics Dikrech, François Bausch, Härebierg, Lëtzebuerger Arméi, Militärparad, Nationalfeierdag
Next post Previous post