Search

You may also like

Wou ass d‘Maria Kolesnikowa?
Kultur Neiegkeeten

Wou ass d‘Maria Kolesnikowa?

Laut enger Informatioun vum Team vun der Oppositiounsleaderin, soll d‘Maria

En „oppene Bréif“ fir d‘Julia
Kultur Neiegkeeten

En „oppene Bréif“ fir d‘Julia

Mat engem oppene Bréif, adresséiert un déi däitsch Landwirtschaftsministesch Julia

Wou d‘UNO verseet
Kultur Neiegkeeten

Wou d‘UNO verseet

Mat der Ukënnegung vun hirem Récktrëtt als Sonner-Ermëttlerin bei der

Nationalfeierdag 2020: Offiziell Zeremonie beim Kanounenhiwwel

Nationalfeierdag 2020: Offiziell Zeremonie beim Kanounenhiwwel

Um 23. Juni wäert beim nationale Monument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit (Kanounenhiwwel) eng offiziell Zeremonie fir Nationalfeierdag stattfannen. D’Festivitéite fir Nationalfeierdag gi vun der Militärmusek begleet. Uschléissend gi ganz der Traditioun no 21 Kanouneschëss um Fetschenhaff ofgeschoss.

Bei der ëffentlecher Feier, déi wéinst dem Gebuertsdag vu S.A.R. dem Groussherzog organiséiert gëtt, wäert de Staatschef, Membere vun der Regierung, Deputéierter, Representante vum Stater Gemengerot, vum Staatsrot, vun der Magistratur an dem Corps Diplomatique, sou wéi de Stabchef vun der Lëtzebuerger Arméi an de Generaldirekter vun der Police dobäi sinn.

Et ass geplangt, datt S.A.R. de Groussherzog um 11 Auer um Boulevard F.D. Roosevelt vum Chamberpresident Fernand Etgen, dem Premier Xavier Bettel an der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer empfaange gëtt.

Opmaacherbild: Dat nationaalt Monument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit (Kanounenhiwwel) © LCTO

Related topics Fernand Etgen, Gebuertsdag, Kanounenhiwwel, Lydie Polfer, Nationaalt Monument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit, Nationalfeierdag, S.A.R. de Groussherzog Henri, Xavier Bettel, Zeremonie
Next post Previous post