Search

You may also like

Coronavirus: D’Luxexpo als éischten Zenter fir erweidert Fleeg
Neiegkeeten

Coronavirus: D’Luxexpo als éischten Zenter fir erweidert Fleeg

Wéi et de Gesondheetsministère ugekënnegt hat befënnt Lëtzebuerg sech mëttlerweil

COP24: Eng schwaach Virstellung
Neiegkeeten

COP24: Eng schwaach Virstellung

Déi international Communautéit huet e Samschdeg de Paräisser Accord mat

Den Hugo Gernsback ass ee vun de bekanntste Lëtzebuerger an der Science Fiction. Fann hei eraus, firwat!
Neiegkeeten

Den Hugo Gernsback ass ee vun de bekanntste Lëtzebuerger an der Science Fiction. Fann hei eraus, firwat!

Vum Hugo Gernsback héiert een an der Lescht ëmmer méi.

Nationalfeierdag 2021 – Ried vum Groussherzog Henri

Nationalfeierdag 2021 – Ried vum Groussherzog Henri

Här Chamberpresident, Här Staatsminister, Léif Éieregäscht, Léif Matbierger,

Haut, op Nationalfeierdag, sti mir hei, erëm am klenge Krees, virum Monument national de la solidarité luxembourgeoise. D’Symbolik vun dëser Platz ass méi aktuell wéi jee.

Mat der Covid-19 Pandemie huet eis Welt sech radikal verännert. An der Lutte géint déi Pandemie gouf ëmmer versicht déi richteg Balance ze fannen tëschent de Rechter a Fräiheeten vum Eenzelen, an der Aufgab all Matbierger vun eiser Gesellschaft ze schützen. Als Natioun hu mir bewisen, datt mir solidaresch sinn an datt mir e laangen Otem hunn, datt mir op d’Zänn bäisse kënnen am Intressi vun der Allgemengheet. Doriwwer kënne mir all houfreg sinn.

Eis Spideeler konnten trotz extremer Belaaschtung duerhalen, an zesumme mam onermiddlechen Asaz vun allen Acteuren am Gesondheetsberäich, sin esou vill Liewen gerett gi. An trotzdeem ass de Bilan ganz schwéier: eleng bei eis am Land hu mir bis haut 818 Mënschen verluer déi duerch, oder mam Virus gestuerwe sinn. Loosst eis eng Minutt an der Stëll un si denken. Ech bieden Iech dofir opzestoen. [Minute de Silence] Merci.

Zesummen matt der Grande-Duchesse an eiser Famill wëll ech och all deene Leit, déi e léiwe Mënsch verluer hunn, eist perséinlecht Bäileed ausdrécken. D’Ëmstänn vun der Pandemie si grausam an hunn eis dacks emol net erlaabt, richteg Äddi ze soen. Dat mécht eis immens traureg a mir fille mat Iech.

Méi spéit am Joer wäert d’Regierung eng Zeremonie organiséieren fir un d‘Affer ze erënneren a fir déi ze éieren déi sech an der Gestioun vun dëser Pandemie speziell ervir gedoen hunn.

Léif Leit alleguer,

Wéinst dem Virus liewe mer säit ville Méint reduzéiert, am Ralenti: manner sozial Kontakter, manner Erliewen, manner Genéissen. D‘Pandemie huet eiser Gesellschaft, mee och Europa an der Welt, de Spigel virgehalen. An do gesäit ee Schéines, wéi grenziwwergräifend Solidaritéit, a manner Schéines wéi Populismus an Onwourechten, deenen ee keng Glafwierdegkeet schenken däerf. Wichteg ass, weider positiv ze bleiwen an op Fakten an op d‘Wourecht opzebauen.

Technesch an digital Léisungen goufen enorm séier verbessert an ausgebaut, onkonventionell Léisungen goufe gesicht an zougelooss. Haut besti vill méi Méiglechkeete vir eist Liewen ze organiséieren, wéi mir et nach virun kuerzem geduecht hunn: home-schooling, home-office oder online Konferenzen hunn eng nei Dimensioun kritt.

An der Wirtschaft hu mir gesinn, dass Globaliséierung net d’Léisung fir alles ass, an dass donieft eng lokal, regional an europäesch Produktioun vun essentielle Produkter immens wichteg ass, fir an enger Kris séier kennen ze reagéieren.

Mir gesinn elo verschidde Beruffer mat aneren Aen well eis bewosst ginn ass datt eis Gesellschaft, besonnesch a Krisenzäiten, ouni si net fonctionéiert. E grousse Merci un sie alleguer. Mir brauchen awer och Solidaritéit mat deenen, déi ganz gäre wëllen, awer nach net kënne schaffe goen, oder just am Mode réduit aktiv kënne sinn.

Mir brauchen eng gesond Wirtschaft. Donieft brauchen mir d’Kultur an de Sport, fir inspiréiert an am Austausch mat aneren ze liewen!

An eppes sollte mir net vergiessen: d’Natur brauche mir fir iwwerhaapt ze liewen! Vill vun eis hu wärend de leschte Méint d’Natur erëm nei entdeckt, an hunn de Wäert vun enger intakter Ëmwelt nei kenne geléiert. Dofir musse mir dës Geleeënheet notze fir eis Liewensweis méi nohalteg ze gestalten. Et ass méi dréngend wéi je.

Léif Matbierger,

Wat de Vaccin ugeet waren déi europäesch Institutiounen dacks an der Kritik. Jo, et ass ze vill lues ugelaf, awer d’Approche, zesummen als Europa ze handelen, war richteg. Soss wäre mir weltwäit an der Impfcampagne nach net do wou mir haut sinn. Et ass remarkabel wat Wëssenschaftler an der Biomedezin a manner wéi engem Joer geleescht hun vir e Vaccin ze entwéckelen. Hei zu Lëtzebuerg, huet d’COVID-19 Task Force déi ganz Expertise vun de Fuerschungsinstituter an den Déngscht vun eisem Gesondheetssystem gesat. Alle Bedeelegten en groussen Merci fir hiren Asaz.

Mir musse awer och Solidaritéit weisen, an deenen hëllefen, déi et vill méi schwéier hunn wéi mir. D’Populatiounen vu manner entwéckelte Länner hunn och e Recht drop, sou séier wéi méiglech de Vaccin ze kréien. Sie brauchen eis Ënnerstëtzung. Hinnen ze hëllefen, ass och an eisem Intressi.

Léif Leit alleguer,

De Virus huet eis geléiert, Gewunnechten ze iwwerdenken, an eis domadder auserneen ze setzen, wat wichteg ass am Liewen. Loosst eis d’Chance ergräifen, dat ze gesinn, wat wierklech zielt: Mënschlechkeet, Solidaritéit, Toleranz, Respekt. Dat sinn d’Valeuren op déi mir weider opbauen mussen, fir am Fridden an eisem Land, an Europa an an der Welt liewen ze kënnen.

Ofstand halen ass am Moment wichteg, et däerf awer net zu engem Auserneefalen vun der Gesellschaft féieren. Dank der Impfung, an ärer grousser Bedeelegung un deem Effort, däerfe mir äis als Mënschen nees méi no kommen. Dat brauche mir alleguer. Mir sinn um gudde Wee a sollen lo net noloossen.

Léif Matbierger,

D’nächst Joer ginn et 60 Joer, datt mir den Nationalfeierdag um 23. Juni feieren. Meng grouss Hoffnung ass déi, datt mir dann nees richteg feiere kënnen. Alleguer zesummen!

Mat der Grande-Duchesse an eiser Famill wënschen ech Iech all, trotz Covid, e schéinen Nationalfeierdag.

Vive Lëtzebuerg! Vive Europa!

Matgedeelt vum Presseinformatiounsdénscht (SIP) – et gëllt dat geschwate Wuert

Foto: © Sophie Margue / SIP

Related topics Groussherzog Henri, Kanounenhiwwel, Nationalfeierdag
Next post Previous post