Search

You may also like

Zu Berlin hunn se eppes Kappwéi
Neiegkeeten

Zu Berlin hunn se eppes Kappwéi

Wat een net fir méiglech gehalen hätt, awer elo Fakt

money
Index vun de Konsumpräisser
Neiegkeeten

Index vun de Konsumpräisser

Déi Lëtzebuerger Legislatur gesäit vir, datt all Joers d‘Gewiichtung vun

Wéi gutt kenns du eis Séien?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du eis Séien?

[onionbuzz quiz-id=52][/onionbuzz] Lëtzebuerg huet net vill Séien, mee si hunn

Nationalfeierdag 2021 – Ried vum Chamberpresident Fernand Etgen

Nationalfeierdag 2021 – Ried vum Chamberpresident Fernand Etgen

Monseigneur, Här Staatsminister, Excellenzen, léif Matbiergerinnen a Matbierger,

Wéi mir virun engem Joer op dëser Plaz stoungen, war den État de crise bal eriwwer a mir hu gehofft, bis spéitstens den nächsten Nationalfeierdag dat däischtert Kapitel vum Covid-19 hannert eis ze hunn.

Haut wësse mir: D’Pandemie ass nach net eriwwer. Mee mir gesinn endlech Liicht um Enn vun deem laangen Tunnel. Schrëtt fir Schrëtt komme mir enger neier „Normalitéit“ méi no.

Et si kleng a virsiichteg Schrëtt, e Liewe mat engem Virus, mat Masken, mat Tester, mat Impfungen, mam CovidCheck an … mat Eegeverantwortung.

Déi lescht Méint hu mir all Dag zum Deel erschreckend Statistiken iwwer d’Pandemie an hir Affer héieren a gelies. Hannert all dësen Zuele stinn eenzel Schicksaler, mënschlech Tragedien.

Dofir denken ech haut och un all déi Mënschen.

Déi, déi duerch de Covid-19 gestuerwe sinn. Déi, déi wochelaang ëm hiert Liewe gekämpft hunn. Déi, déi e léiwe Mënsch verluer hunn. Déi, déi krank gi sinn, an zum Deel nach haut Nowéien hunn. Déi, déi psychesch Problemer kruten.

Um Wee an eng nei Normalitéit an och duerno, dierfe mir dofir kee vergiessen:

Déi, déi wirtschaftlech gelidden hunn, a Kuerzaarbecht gaange sinn, hir Plaz verluer hunn oder hire Betrib hu missen zoumaachen.

Déi, déi Angscht hunn.

Déi, déi hire Wee net gutt an enger „neier“ Normalitéit fannen.

All puer Wochen hu mir eis un eng aner Realitéit misse gewinnen. Et war an ass eng Belaaschtung fir jiddwereen, fir all Generatiounen.

Ech denken haut och un déi Jonk, d’Covid-19-Generatioun. Zanter 16 Méint mussen si op villes verzichten, fir anerer ze schützen. Déi jonk Leit kënnen hir Jugend net esou liewen, wéi si sech dat wënschen. Masken a sozial Distanz sinn net dat, wat bei Jonker passt. Och si mussen elo opgefaange ginn.

Haaptsächlech, wëll ech awer deene Jonke Merci soen. Merci, dass dir iech esou exemplaresch un d’Reegele gehalen hutt an haalt.

Eng staark an oppe Gesellschaft ass déi, wou déi méi Staark déi Vulnerabel, ouni Egoismus, a Schutz huelen.

Eise Merci geet och un déi, déi eis Gesellschaft um Lafen halen. Ech denken hei virun allem un de Gesondheets- a Fleegesecteur, awer och un de Botzsecteur, d’Betriber, d’Schoulen a Betreiungsstrukturen, d’Landwirtschaft, den Handel an d’Restauratioun an nach vill aner Beräicher, ouni all Mammen a Pappen an déi vill Fräiwëlleg ze vergiessen.

Merci awer och jiddwer Eenzelen, deen d’Mesurë respektéiert.

Merci och un all d’Wëssenschaftler a ganz besonnesch d‘Virologen.

Duerch d’Wëssenschaft erkenne mer lo dat Liicht um Enn vum Tunnel.

Merci och un Iech, Monseigneur, an un Är Famill, fir Ären Engagement an Äert Matgefill, och an ebe grad an der Pandemiezäit.

Dir sidd op den Terrain bei d’Leit gaangen, och bei déi, déi un der Front géint de Coronavirus gekämpft hunn.

An enger Zäit, wou alles vun haut op muer onsécher ginn ass, gitt Dir weiderhin dem Land déi Stabilitéit, fir déi Lëtzebuerg sech an der ganzer Welt en Numm gemaach huet.

Mir sinn eis all méi wéi jee bewosst ginn, wat eis Fräiheet bedeit. A wiem… mir se ze verdanken hunn.

Erlaabt mir, Iech an der ganzer groussherzoglecher Famill, eis Dankbarkeet auszedrécken.

Monseigneur, Dir Dammen an Dir Hären,

De Virus huet eis Gesellschaft gerëselt, eisen Alldag geännert, eis Gewunnechten op d’Kopp gehäit.

Mir kënnen op dësem Nationalfeierdag houfreg op eis alleguer sinn, fir d’Aart a Weis, wéi dës Pandemie zesumme gemeeschtert ginn ass a gëtt. Eis Biergerinnen a Bierger an all déi, déi bei eis schaffe kommen, hu vill geleescht an op villes verzicht.

Respekt a Solidaritéit sinn d’Wäerter, mat deene mir de Virus an de Grëff kréien. Mir kënnen eis openee verloossen. Ech kucken dowéinst mat Stolz an d’Zukunft.

D’Kris huet och bewisen, datt mir eiser Demokratie kënne vertrauen. Eis Institutiounen hu gutt a séier zesummegeschafft. Mir sinn eis an dëser schwéierer Zäit rëm bewosst ginn, wéi wichteg stabil a stabel demokratesch Institutioune sinn, fir eng Kris ze bewältegen.

Mir hunn awer och geléiert – am Positiven an am Negativen – wéi wäertvoll e staarkt Europa ass. An ech soen haut ganz haart dat, wat zu Schengen ganz grouss steet: „Schengen is alive“, Schengen lieft.

Grenzkontrollen an Aschränkunge vun der Beweegungsfräiheet bannent dem Schengenraum dierfen et net ginn.

Monseigneur, Dir Dammen an Dir Hären,

Déi lescht 16 Méint hunn eis geléiert, wéi wäertvoll, mee och wéi zerbriechlech eis „Normalitéit“ ass. Wéi séier Inegalitéiten nach méi grouss kënne ginn.

Corona ass eng Zäsur. An ech wënsche mer, dass an Zukunft nohalteg Entwécklung an de Kampf géint de Klimawandel nach vill méi an de Virdergrond kommen.

Mir mussen d’Kris als Alarmsignal gesinn, fir eis Liewensweis ze iwwerdenken an eis méi ëm eis Äerd ze këmmeren. – An ze verstoen, datt mir een Deel vun dësem liewigen, eemolege Planéit sinn, dee mir grad aus dem Gläichgewiicht bréngen.

Andeems mir eis schützen, schütze mer och déi aner.

Dat hu mir geléiert.

Andeems mir d’Ëmwelt schützen, schütze mer och eis selwer.

Dat musse mer virun Ae behalen.

Mir brauche virun allem dräi Saachen, fir d‘Erausfuerderunge vun der Zäit ze meeschteren:

– Mir mussen zesummen handelen – dofir brauche mir Europa.

– Mir mussen eis gutt virbereeden – dofir brauche mir Wëssen, Bildung, Digitaliséierung a
Fuerschung.

– Mir sollen och méi Bescheidenheet beweisen an och deenen nolauschteren, déi netnëmmen dat soen, wat een am léifste géif héieren.

All déi Erfarungen, déi mir an de leschte Méint gemaach hunn, ginn eis Courage a Kraaft.

Mat virsiichtegem Optimismus gi mir weider.

A mir ginn dee Wee zesummen, zu Lëtzebuerg an an Europa.

Vive de Grand-Duc, Vive groussherzoglech Famill, Vive Lëtzebuerg … a vive Europa

Matgedeelt vum Presseinformatiounsdénscht (SIP) – et gëllt dat geschwate Wuert

Foto: © Sophie Margue / SIP

Related topics Fernand Etgen, Kanounenhiwwel, Nationalfeierdag
Next post Previous post