Search

You may also like

Ee „Kand vun der Sonn“ muss an de Prisong
International Neiegkeeten

Ee „Kand vun der Sonn“ muss an de Prisong

De faschisteschen EU-Deputéierten Ioannis Lagos gouf vun zu Bréissel vun

dislike
Den mPass fir Entreprisen ass beléift. Mee et ass ee besuergt, datt kleng Entreprise benodeelegt ginn!
International Neiegkeeten

Den mPass fir Entreprisen ass beléift. Mee et ass ee besuergt, datt kleng Entreprise benodeelegt ginn!

Fir den ëffentlechen Transport attraktiv ze gestalten, gëtt gären de

Wéi Ungarn d‘Geld aus Bréissel ënnert d‘Leit bréngt
International Neiegkeeten

Wéi Ungarn d‘Geld aus Bréissel ënnert d‘Leit bréngt

Zanter 2010 ass et gewosst, mee et schéngt kaum een

Nationalfeierdag a Katalounien: Honnertdausende fir d‘Onofhängegkeet

Zwee Joer nom Referendum sinn d‘Parteien zerstridden an d‘Katalanen enttäuscht

Nationalfeierdag a Katalounien: Honnertdausende fir d‘Onofhängegkeet

Säit elo geschwë 40 Joer zelebréieren d‘Katalanen zu Barcelona um 11. September den „Diada Nacional de Catalunya“ a grad esoulaang geet et bei dësem Feierdag ëm d‘Onofhängegkeet. De „Kampf“ ëm dës Onofhängegkeet wollten si virun zwee Joer mat engem Referendum gewannen.

De Feierdag huet och eng Geschicht. Op dësem Dag gëtt un d‘Kapitulatioun vu Barcelona virun den Truppe vum Philipp vun Anjou (1714) erënnert. No dëser Néierlag am spueneschen Ierffollegkrich war et mat der Autonomie ëm dëse Fürstentum geschitt. Déi katalanesch Institutioune sinn opgeléist ginn. No der Ära Franco (1892-1975) ass de Wonsch no Onofhängegkeet nees opkomm.

An esou waren och gëschter nees honnertdausende Katalanen an der katalanescher Haaptstad fir hir Onofhängegkeet op d‘Strooss gaangen. Laut den offiziellen Zuele sollen si zu 600.000 gewiescht sinn. Dat sinn der ronn 400.000 Manner wéi nach 2018. D‘Manifestanten hunn e Stäremarsch organiséiert deen dat gemeinsamt Zil: d‘Onofhängegkeet vu Katalounien symboliséiere soll.

Nieft der Onofhängegkeet fuerderen d‘Katalanen och d‘Fräiloossung vun de Separatisteleader, déi nach ëmmer an Untersuchungshaft sëtzen. Si goufe verhaft, well si virun zwee Joer e verbuedene Referendum fir d‘Onofhängegkeet organiséiert hunn. Nächste Mount sollen d‘Uerteeler géint déi politesch Dissidente gesprach ginn. Hinnen dreeë bis zu 25 Joer feste Prisong…

Betraff sinn 12 katalanesch Politiker aus där vum Carles Puidgemont – säit zwee Joer am Exil zu Bréissel – geleete Regierung. Ugeklot goufen si ënnert anerem wéinst Rebellioun a Verontreiung vun ëffentlechem Geld. D‘Uerteel dierft sech op déi zukünfteg Aktivitéite vun den aktuell féierende Politiker a Katalounien auswierken. De Wonsch no Onofhängegkeet ass ongebrach.

mat indymedia/bcn

Foto: © Catalonia‘s Peaceful Grassroot

Related topics Barcelona, Diada Nacional de Catalunya, Katalounien, Onofhängegkeet, Spuenien
Next post Previous post