Search

You may also like

Stuerm Sabine: De CGDIS zitt säi Bilan
Neiegkeeten

Stuerm Sabine: De CGDIS zitt säi Bilan

Manner staark wéi erwaart an ugekënnegt huet de Stuerm Sabine an

Europadag: Zesumme fir oppe Grenzen (Billergalerie)
Neiegkeeten

Europadag: Zesumme fir oppe Grenzen (Billergalerie)

Am Kader vum Europadag um vergaangene Samschdeg ass op de

Fest vun der Natur op der Kockelscheier
Neiegkeeten

Fest vun der Natur op der Kockelscheier

E Samschdeg an e Sonndeg war op der Kockelscheier beim

Nordkoreanesch Verhältnisser beim LCGB

No zéng Joer un der Spëtzt gouf de Patrick Dury mat 95,92% op en Neits als Leader bestätegt

Nordkoreanesch Verhältnisser beim LCGB

De Kim Jong Un gratuléiert, an den Zar Vladimir I. verblatzt vu Näid… beim 60. Nationalkongress vum Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond (LCGB) – deen aus Grënn virtuell stattfonnt huet – gouf de Patrick Dury als President fir weider véier Joer erëmgewielt.

Tëscht dem 2. an dem 26. Mäerz konnten d‘LCGB-Delegéiert hir Stëmmen ofginn, an datt sech déi zu 95,52% zugonschte vum Patrick Dury ausgaange sinn, huet de President engersäits gefreet mee och a seng Virgoensweis bestätegt. A senger Ried huet hie sengen Truppe verséchert, datt hie säin Engagement betreffend d‘Erausfuerderunge vun der Digitalisatioun wäert weiderféieren.

Hie sot awer och, datt d‘Gewerkschaft sech muss weider erneieren an och de gesellschaftlechen Defie stelle muss. D‘Rechter vun den Aarbechter stäerken a verdeedegen ass, besonnesch bezunn op déi sanitär Kris a där hir wirtschaftlech Folgen, nieft engem Engagement fir enger propper a gesond Ëmwelt, déi grouss Prioritéit vum LCGB an all senge Memberen, esou de Patrick Dury.

Zu Grondlage vum Klassekampf gehéiert d‘Stäerke vun der Kafkraaft, firwat de Mindestloun reegelméisseg misst ugepasst ginn. Steierlech Entlaaschtunge fir déi wou wéineg verdéngen, an d‘Indexéierung vun de Familljeprestatioune sinn ee „Muss“. Laut dem LCGB-President brauch et eng nei Approche beim Chômage. Déi zäitlech Begrenzung vum Krankeschäi soll ofgeschaaft ginn.

Betreffend d‘Zounam vum Asaz vun neien Technologien an d‘Implementatioun vum Homeoffice, esou besteet de Patrick Dury zum engen op d‘Recht „ofzeschalten“ a fuerdert de Schutz vun der Privatsphär. Och beim Streikrecht soll et besser ginn, also et sollt méi „einfach“ ginn an de Streik ze trieden. D‘Fuerderung datt all Resident am Land d‘Walrecht erhale soll, ass gutt ukomm…

Alles an allem kann ee behaapten, datt de Patrick Dury säi Veräi gutt am Grëff huet an d‘Patronat ass gewarnt. D‘Patronen, woubäi et éischter d‘Beruffsverbänn sinn, leenen d‘Tripartite, also de Grondstee vum „Lëtzebuerger Modell“, of. Si bedreeën de soziale System a virun allem de soziale Fridden am Land. Deem awer wäert sech den LCGB mat senger ganzer Muecht entgéintstellen.

Foto: © LCGB

Related topics Kampfuso, LCGB, Nationalkongress, Nei Weltuerdnung, Patrick Dury
Next post Previous post