Search

You may also like

Editorial: Aarmséileg Acteuren
Neiegkeeten

Editorial: Aarmséileg Acteuren

No zwee Joerzéngte Kampf, Ausbildung a Milliarden US-Dollar déi wuertwiertlech

D‘Medezinner zu Lëtzebuerg fänken un „al“ ze ginn
Neiegkeeten

D‘Medezinner zu Lëtzebuerg fänken un „al“ ze ginn

Datt et schonn Enkpäss beim „operative“ Personal (Infirmier/Aide-soignant) gëtt, dat

Net akzeptéiere wat inakzeptabel ass
Neiegkeeten

Net akzeptéiere wat inakzeptabel ass

Eng vun de mindestens esou schänterleche wéi verlugenen Aussoen, déi

60. Nationalkongress vum LCGB

De LCGB, eng Staark Gewerkschaft fir muer!

60. Nationalkongress vum LCGB

Zanter iwwert engem Joerzéngt erlieft den LCGB eng grondleeënd Erneierung. D‘Entwécklung vun de Memberen an d‘Resultater vun de Sozialwahlen am Mäerz 2019 sinn de gräifbare Beweis fir den Erfolleg vun de Beméiunge vun eiser gesamter Organisatioun, vum Personal iwwert déi Delegéiert, d‘Memberen an d‘Militanten, déi aktiv virun Uert schaffen.

D‘Mandatsperiod 2014 bis 2020 war gepräägt vun enger zouhuelender Onvirgesibarkeet vun de wirtschaftlechen Tendenzen, enger fortschreidender Digitaliséierung, esou wéi och strukturellen a gesellschaftleche Verännerungen, déi eng stänneg Sich no Léisungen erfuerderlech gemaach hunn, fir dann awer den Erwaardungen a Bedierfnesser vun alle Lounofhängegen, Studenten a Rentner zu Lëtzebuerg an iwwert d‘Grenzen ewech, gerecht ze ginn.

Aus dësem Grond huet den LCGB, ënnert der Leedung vum Nationalpresident Patrick Dury, seng Déngschtleeschtunge kontinuéierlech ugepasst a verbessert, fir den tatsächleche Bedierfnesser vu senge Membere gerecht ze ginn an hinnen an engem séierliewegen Ëmfeld Hëllef ze leeschten.

Vun 2014 bis 2020 huet den LCGB och zuelräich gewerkschaftlech Aktiounen op nationalem Niveau ëmgesat. Sief et fir inakzeptabel Patronatsfuerderunge bei der Erneierung vun diverse Kollektivverträg unzeprangeren, fir demokratesch Grondprinzipie bei der Reform vum Sozialdialog an den Entreprisen ze verdeedegen, fir Salariéeë bei Laangzäiterkrankungen ze schützen, fir eng Fleegereform – déi dësen Numm och verdéngt – ëmzesetzen oder vir eisen Tripartite-Modell virun inakzeptabelen an onsënnegen Attacke vum Patronat ze schützen.

LCGB

© LCGB

Den Erfolleg vun dësem gewerkschaftlechen Engagement spigelt sech an engem Zouwuess vun der Member-Entwécklung an de ronn 100 Ufroe pro Woch an den LCGB Info-Zentren erëm, vun deene bis zu 40% net Member sinn. Dës Info-Zenter ginn aktuell moderniséiert, woubäi déi kierzlech Erëffnung vum Büro „Themis“ zu Esch-Uelzecht an déi zu Déifferdeng, wéi och d‘IT-Entwécklung zur Vereinfachung vun de Verfaren an Ofleef, déi sech als ganz Effektiv erwisen hunn.

De 60. Nationalkongress vum LCGB gëtt den 14. Mäerz am Casino 2000 zu Munneref organiséiert gëtt, bedeit eng Festegung vun dëser Erneierung. Mat Bléck op d‘Zukunft, wäerten d‘Kongress-Delegéierten d‘Gewerkschaftspolitik vum LCGB fir déi kommend Joer festleeën an d‘Mandat vum Nationalpresident erneieren. Als eenzege Kandidat a mat der voller Ënnerstëtzung an dem Réckhalt vum LCGB-Zentralcomité, beabsichtegt de Patrick Dury säin Engagement während der nächster Mandatsperiod a wäit doriwwer eraus fortzesetzen, fir dës Moderniséierung vum LCGB zum Wuel vun alle Salariéeën am Land fortzesetzen.

Matgedeelt vum LCGB, fräi aus dem däitschen iwwersat a geréngfügeg gekierzt vum Laure Schlesser

Foto: © LCGB

Related topics Casino 2000, LCGB, Munneref, Nationalkongress, Patrick Dury
Next post Previous post