Search

You may also like

Et fänkt un duer ze goen (Analys)
Neiegkeeten Stories

Et fänkt un duer ze goen (Analys)

Et ass wierklech eng ganz droleg Welt an där mir

Sportlech ënnerwee: Den éischten Decathlon City fir Lëtzebuerg
Neiegkeeten Stories

Sportlech ënnerwee: Den éischten Decathlon City fir Lëtzebuerg

Zënter haut de Moien 10 Auer huet den neien Decathlon

Vollekszielung muss waarden
Neiegkeeten Stories

Vollekszielung muss waarden

Well déi sanitär Situatioun am Land nach ëmmer eppes oniwwersiichtlech

NATO setzt eisen Ausseminister ënner Drock

Well et den Ament eppes schëtzeg geet, an sech besonnesch an de Konfliktgebidder, an deenen sech d‘NATO als eenzege Vertrieder vu „Fridden & Demokratie“ ervirdeet, grad villes verännert, huet de Jean Asselborn sech gëschter der NATO-Drénglechkeetssëtzung missen uschléissen.

NATO setzt eisen Ausseminister ënner Drock

Zu Bréissel huet den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg engersäits mussen op d‘Decisioun vu Washington missen agoen, wou et jo ëm den Ofzuch vun den US-Zaldote geet. A well déi aner jo just mat den USA matgelaf sinn, ass et wuel selbstverständlech, datt ee sech och mam Teamleader verfuusst. Zemools der vill eigentlech guer net wollten, awer flichtbewosst net anescht konnten.

Den US-Ausseminister an den US-Verdeedegungsminister hunn hei natierlech den Toun uginn an déi loyal Partner hu sech virbildlech allen Aussoen ugeschloss. Esou och de Lëtzebuerger Jean Asselborn, dee festgestallt huet, datt „mir elo iwwer méi Ressource verfügen, fir all eis Efforten an de Friddensprozess anzebréngen“. Am „Taliban-Kontext“ ee wierklech interessante Standpunkt.

Esou hält eisen Ausseminister et tatsächlech fir méiglech, datt wat kengem bis ewell gelongen ass, elo realiséiert ka ginn. Wéi de Stengeforter Politiker op de Gedanke kënnt, datt d‘Taliban sech u mat Amerikaner vereenbaarten „Accorden“ hale géife – wou d‘USA sech jo generell u keng Zousoen halen, also zumindest net nohalteg – erschléisst sech kengem, mee d‘Hoffnung zielt och.

Vu „Mir“ a „Si“

Bezunn op de Kontext, stellt den Ausseminister weider fest, datt et d‘Zil muss sinn, en Enn vum Konflikt erbäizeféieren, andeems d‘Verhandlungen tëscht der westlech manipuléierter Regierung an der sech zanter Joerzéngte fir de Fridden ënner klore Verhältnisser asetzenden Taliban, gefërdert ginn. Et wier also un den Afghane selwer, no de Sowjets 1979 an den Amien 2001, elo ze kucke wéi et soll weider goen. Dat méiglechst ënnert dem bäibehale vun de Fortschrëtter beim Mënscherecht.

Wat eisen Ausseminister natierelch net erzielt, ass datt dëse Projet scho gescheitert ass iert et esou richteg ka lassgoen. Esou hunn déi westlech beaflosste Politiker am Afghanistan grad eppes Angscht, datt d‘Taliban hinnen hir rektal Ëffnung wuertwiertlech iwwert de Kapp zéien. Et huet jo kee vergiess, wéi dat mat de „Sowjet-Kollaborateure“ gelaf ass. Och d‘Russen haten den Afghane Schoule gebaut, d‘Taliban hunn d‘Enseignanten ëmbruecht an d‘Meedercher heem geschéckt.

Mee de Jean Asselborn verséchert der Afghanescher Regierung, datt Lëtzebuerg gläich sengen Alliéierten un der Säit vun Afghanistan stoe wäert. Dat ass diplomatesch fir: „Mir hunn den Interessi un iech verluer, Europa brauch net méi um Hindukusch verdeedegt ze ginn a ganz éierlech, wirtschaftlech sidd der och keng Plus-value“. Et ass allerdéngs richteg, datt den Ugrëffskrich vun den USA, nom 11. September 2001, zumindest dem US-Militärkomplex finanziell gutt komm ass.

Wéi et lafe wäert

Wann et emol grondsätzlech wichteg ass drop hinzeweisen, datt Lëtzebuerg weder militäresch nach politesch iwwerhaapt e Wuert matzeschwätzen huet, a wierklech just den Usproch op Zoustëmmung huet, esou weess och de Stengeforter, datt esoubal déi verhaasste Besatzer hirer Wee gaange sinn, d‘Taliban sech nees berechtegterweis wäerten als Haushären installéieren an d‘Gesetzer maachen.

Et ass zudeem verlugen, wann eise Jean Asselborn vun enger Demokratie am Afghanistan schwätzt. D‘Afghane sinn ënnert der sowjetescher Besatzung grad esou friem bestëmmt ginn, wéi ënner der Fuchtel vun den Amerikaner. „Demokratie“ wéi mir se kennen, kënnen d‘Afghanen net verléieren, mee et wäert sech d‘Lag bei de Mënscherechter zolidd verschlëmmbesseren, jee no Geschlecht.

D‘Taliban hunn déiselwecht Astellung Frae géinteniwwer wéi de Sultan vun Ankara, hu kee Gefill fir Konscht a Kultur (besonnesch Musek kënnen se net leiden), Meenung- a Pressefräiheet kann et natierelch och keng ginn, an d‘Astellung géintiwwer den Amerikaner kann een duerchaus mat der vun den iraneschen Ajatollahe vergläichen. Dat kann den Ausseminister jo elo awer net wëssen…

Fazit: Bis de leschten „Auslänner“ senger Wee gezunn ass, wäerten d‘Taliban sech mam Hals- a sonstegem Opschneiden zréckhalen. D‘Islamisten, gesi wuel bei Betruechtung droleg aus an hir Relioun ass bekanntlech déi eenzeg déi d‘Mënschheet rette a Fridde brénge kann, mee esou blöd ee se duerstelle wëll sinn och si net. A si hu bewisen datt bewäerte Methoden d‘Technik iwwerbidden.

Randerscheinung Ukrain

Bei der NATO-Drénglechkeetssëtzung ass natierlech och ëm d‘Ukrain gaangen, an et ass dovunner auszegoen, datt den Ausseminister drop higewisen huet, déi ganz militäresch Schlaagkraaft vu Lëtzebuerg zur Verdeedegung vun der Ukrain bereetzestellen. Jiddefalls ass de Jean Asselborn ganz op der Säit vum Komiker Wolodymyr Selenski an sengem Hofnarr Dmitri Kuleba, déi sech mat der Hëllef vun der NATO de russescher Bier wëll vum Lief halen.

Ob de Lëtzebuerger Ausseminister ee Bäitrëtt vun der Ukrain an d‘NATO fir opportun hält an esou och ënnerstëtzt; a wéini hien sech fir ee Bäitrëtt vu Kiew an d‘Europäesch Unioun staark wëll maachen, war elo gëschter am Kontext vun der Drénglechkeetssëtzung net gewuer ze ginn. Et ass awer méiglech, elo wou nom Réckzuch aus Afghanistan nees militäresch Ressource fräigestallt ginn, Lëtzebuerger Zaldoten ënnert iergendengem senge Kommando, am Donbass agesat ginn.

Foto: Den Ausseminister Jean Asselborn huet de 14. Abrëll un enger NATO-Drénglechkeetssëtzung deel geholl. Heibäi goung et ëm de Konflikt am Donbass (Ostukrain) an den Ofzuch vun den US-Zaldoten aus dem Afghanistan. © MAEE

Related topics Afghanistan, Fridden, Jean Asselborn, Mënscherechter, NATO, Taliban, USA
Next post Previous post