Search

You may also like

Coronavirus: Zuel vun den Infektiounen hëlt weider zou
International Neiegkeeten

Coronavirus: Zuel vun den Infektiounen hëlt weider zou

Nach ëmmer ginn d‘Nouvellen, bezunn op den neiaartege Coronavirus 2019-nCov,

money
#Openlux – Mir si keng Steieroas
International Neiegkeeten

#Openlux – Mir si keng Steieroas

Bei der Aktualitéitsstonn an der Chamber ass et um Dënschden,

Nei bei Hydre Editions: Fake Fiction vum Filip Markiewicz
International Neiegkeeten

Nei bei Hydre Editions: Fake Fiction vum Filip Markiewicz

Ee bildende Kënschtler geet an den Theater: Ee Joer laang

NATO-Ausseminister blécken zu Bréissel an d‘Zukunft

NATO-Ausseminister blécken zu Bréissel an d‘Zukunft

Zwee Deeg laang hu sech d‘Ausseminister vun de NATO-Länner zu Bréissel iwwert d‘Aktualitéit an d‘Entwécklungen, déi d‘Sécherheet vun den Alliéierte beaflossen, ënnerhalen.

Presidéiert vum NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg, si bei dëser Reunioun och d‘Perspektive fir den NATO-Sommet vum Juli 2018 diskutéiert ginn. Mat derbäi fir Lëtzebuerg: de Jean Asselborn.

Der éischter Sessioun, ofgehalen de 5. Dezember nomëttes, hat sech d‘EU-Ausseministesch Frederica Mogherini ugeschloss. Si war komm, fir sech iwwert eng verstäerkten Zesummenaarbecht tëscht der NATO an de EU auszetauschen.

Zudeem sollt sech der Ëmsetzung vun der Erklärung vu Warschau ugeholl ginn, déi den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg, den EU-Rotspresident Donald Tusk an den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker ënnerschriwwen hunn.

Eng besser Zesummenaarbecht

Bei där Geleeënheet haten d‘Minister nei Mesuren zur Zesummenaarbecht tëscht der NATO an der EU ugeholl. De Jean Asselborn ënnersträicht den Interessi dës Zesummenaarbecht an dräi Beräicher ze verstäerken: de Kampf géint den Terrorismus, déi hybrid Bedreeungen an d‘Hackerugrëff, wéi och déi militäresch Mobilitéit an d‘Ëmsetzung vun der Resolutioun 1325 vum UN-Sécherheetsrot, iwwert d‘Fraen, de Fridden an d‘Sécherheet.

No der Sëtzung ass beim Aarbechtsiessen iwwert déi global Erausfuerderunge geschwat ginn. Besonnesch erwähnt gouf d‘Situatioun vun Nordkorea an d‘Relatioune mat Russland. Zu Nordkorea huet de Jean Asselborn gemengt: „ugesicht de leschten Entwécklungen déi grouss Suerge bereeden, gëtt fir déi international Communautéit keng Alternativ wéi weider no enger diplomatescher Léisung ze sichen“.

Et bessert Gläichgewiicht duerch Ofschreckung

Wat Russland betrëfft, esou huet den Ausseminister drun erënnert, datt et ganz wichteg ass e Gläichgewiicht ze erhalen tëscht der Ofschreckung an der Verdeedegung engersäits, an dem Dialog anersäits. Ganz esou wéi dat um Sommet vu Warschau entscheet ginn ass.

„De Prozess ass ee laangen an e schwieregen. Et geet och net drëms d‘Relatiounen tëscht der NATO a Russland ze normaliséieren, mee mir mussen den Dialog erhalen. Op eng pragmatesch Aart a Weis sécher, well et ass an eisem Interessi dat ze maachen, fir de Risiko niddreg ze halen an Ausenanersetzungen oder Verschäerfungen ze verhënneren“, esou de Jean Asselborn.

Gutt gesinn

Bei der zweeter Sessioun de 6. Dezember huet sech d‘Kommissioun NATO-Georgien zesummefonnt. D‘Minister hunn sech zesumme mam georgesche Minister iwwert d‘Fortschrëtter vun de Reformen, déi Georgien ënnerholl huet, ënnerhalen. En Haaptpunkt hei: d‘Zesummenaarbecht tëscht der NATO a Georgien, an déi regional Sécherheet am wäitste Sënn.

De Jean Asselborn huet hei explizit de Progrès begréisst, deen déi georgesch Autoritéite gemaach hunn. Hien huet Georgien dann och nach eng Kéier d‘Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg zougeséchert, esouwuel wat d‘Souveränitéit wéi och d‘Integritéit vum georgeschen Territoire betrëfft.

Zu gudder Lescht ass sech dann nach der Stabilitéit an dem Bäitrag vun der NATO beim Kampf géint den Terror ugeholl ginn. An dësem Kontext, hunn d‘Ausseminister eng Evaluatioun vun der Ënnerstëtzung vun der Allianz zu der globaler Koalitioun géint Daech, virgeholl. Et ass dunn och nach e Punkt op d‘Politik vun „der oppener Dier“ gemaach ginn, dat ugesicht de Virbereedungen fir de Sommet 2018.

mam SIP

Foto: De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn (l) am Gespréich mam Jean-Yves Le Drian, Ausseminister vu Frankräich. © NATO

Related topics EU, Jean Asselborn, NATO, NATO-Ausseminister
Next post Previous post