Search

You may also like

Kulturellen Zesummenhalt: De Grand Est a Lëtzebuerg ënnerschreiwen eng Konventioun
International Neiegkeeten

Kulturellen Zesummenhalt: De Grand Est a Lëtzebuerg ënnerschreiwen eng Konventioun

Nodeems schonn 2019 eng éischt erfollegräich Zesummenaarbecht tëscht dem Groussherzogtum

De Bréifdréier virum Ausstierwe retten!
International Neiegkeeten

De Bréifdréier virum Ausstierwe retten!

Um vergaangene Samschdeg huet d’Bréifdréieschgewerkschaft op hire Kongress invitéiert. Mat

Veianen a Lenneng hunn nei Schäffen!
International Neiegkeeten

Veianen a Lenneng hunn nei Schäffen!

Haut um fréie Mueren huet d’Inneministesch Taina Bofferding nees zwee

NATO bereet sech op de Stärekrich vir

Nordatlantescht Verdeedegungsbündnis huet eng Strategie fir de Weltraum beschloss

NATO bereet sech op de Stärekrich vir

Beim Meeting vun de Verdeedegungsminister zu Bréissel huet den NATO-Generalsekretär, Jens Stoltenberg, bekannt ginn, datt d‘Verdeedegungsbündnis de Weltraum an hiren Asazberäich abezitt: „De Weltraum ass fir d‘Verdeedegung an d‘Ofschreckung vu grousser Bedeitung“. Vum Ugrëff op strategesch wichteg Satellitte bis hin zum Asaz vu Waffen am Weltraum, alles schéngt méiglech.

An datt d‘Satellitten net nëmme fir d‘NATO ëmmer méi wichteg ginn, erkennt een un de ville Länner déi hir „militäresch Presenz am Weltraum“ (dozou gehéiert och Lëtzebuerg) affichéieren. Si sinn aus de moderner Krichsféierung net ewech ze denken: Kommunikatioun an Navigatioun, mee och Spionage, sinn hir Aufgaben. En Ugrëff op esou e Satellit ka wäitreechend Folgen hunn.

NATO

Dem Géigner säi Satellit auszeschalten, dréit derzou bäi datt seng Beweegungsfräiheet ageschränkt a grouss Deeler vun ëffentleche Liewe gestéiert ginn. Aus dësem zweiwelsfräi gudde Grond, huet sech d‘NATO derzou entscheet, de Weltraum zu engem eegestännegen Asazgebitt ze erklären. Dat heescht: Ugrëffer aus dem Weltraum gi genee esou behandelt wéi Attacken an all anere Beräicher.

Elo ass d‘NATO awer net den eenzege Veräin, deen am Weltraum oprëschte wëll. Längst hunn d‘USA, Russland, China an esouguer Indien, hir Fäegkeeten e Krich am Weltraum féieren ze kënnen, ausgebaut. D‘Inder hunn et dann och schonn erfollegräich ausprobéiert. Am Fréijoer hunn d‘Inder eng „Anti-Satellitte-Rakéit“ géint en eegene Fluchkierper agesat, an dësen zerstéiert.

mat indymedia/bru/nyc

Foto: NATO-Meeting vun de Verdeedegungsminister © NATO

Related topics Militärsatellit, NATO, Stärekrich, Weltraum
Next post Previous post