Search

You may also like

„Street Wheels“: Wann‘s de net wëlls op der Felg dréinen
International Neiegkeeten

„Street Wheels“: Wann‘s de net wëlls op der Felg dréinen

De leschte Sonndeg hat déi kleng Entreprise „Street Wheels“ zu

Centre Pompidou Metz – Een kulturellt Erliefnis fir all Konschtbegeeschterten
International Neiegkeeten

Centre Pompidou Metz – Een kulturellt Erliefnis fir all Konschtbegeeschterten

Wien u Konscht an all senge Formen interesséiert ass, sollt

Elo ass et offiziell: Den ING-Marathon gouf ofgesot
International Neiegkeeten

Elo ass et offiziell: Den ING-Marathon gouf ofgesot

Et war en eenzegen hin an hir. Bis viru kuerzem

NATO-Manöver „Steadfast Defender21“

Wärend US-Ausseminister a President vun der Ukrain virum russeschen Aggressor Warnen, üben d‘Waffebridder den Eeschtfall

NATO-Manöver „Steadfast Defender21“

Bezitt ee sech just op d‘Daten a kuck ee sech d‘Ausrëschtung un, ass ee geneigt ze behaapten, datt d‘NATO déi mächtegst Militärallianz vun der Welt ass. Just um Pabeier eleng gewënnt ee kee Krich an héich Modern Waffen hunn – och dat eng Léier aus Afghanistan – nach ëmmer Defiziter, bezunn op d‘Kampfbereetschaft vu Mënschen déi mam Iesel an enger Kalaschnikow ëmzegoe wëssen.

Wat den NATO-Manöver „Steadfast Defender21“ ubelaangt, esou muss een dësen an de Kontext vun der eigentlecher Missioun vun dëser militärescher Allianz stellen: d‘Verdeedegung vun Europa. En Optrag, deen duerch déi russesch Annexioun vun der Krim, zanter elo 7 Joer nees ganz aktuell ass, och duerch den unhalende Sträit am Donbass, wou prorussesch Separatisten ëm sech schéissen.

An esou gëtt elo iwwerpréift, wéi et ëm d‘Fäegkeete gestallt ass, grouss Truppendeeler zäitno un der russescher Grenz ze positionéieren. Et geet dobäi drëms dem „Feind“, deen esou Aktivitéite mat grousser Opmierksamkeet verfollegt, ze weisen datt een séier op all Ugrëff reagéiere kann an et déi dofir noutwenneg logistesch Kapassitéiten huet. Woubäi, an dat ass kee Witz, grad do klemmt et…

Mam Manöver „Steadfast Defender21“ soll demonstréiert ginn, datt d‘NATO amstand wier, déi baltesch Länner Estland, Lettland a Litauen virun enger russescher Invasioun ze beschützen, oder zumindest déi entspriechend Mëttel bereetstelle kann, fir dës Länner zeréck ze erueweren. Woubäi et der NATO grondsätzlech drëms geet, den Akzent op „dat ass en defensiivt Manöver“ ze leeën.

An der tëscht zu Kiew

Wärend eis Helden an Uniform dem russesche Bier de Pelz kraulen, an ugesiichts der ugespaanter geopolitescher Lag an der Regioun, schéngen all Säite gewëllt hir Muskele spillen ze loossen. Wat dobäi iwwersi gëtt, et sinn net déi wou de Fanger um Ofzuch hunn, déi hir „eege Landsleit“ géifen a Gefor bréngen… sollt et rabbelen, sinn et d‘Europäer déi de Präis fir d‘US-Politik bezuele mussen.

Esou ass et keen Zoufall, datt sech den US-Ausseminister Antony Blinken nom Sommet vun de G7-Ausseminister zu London, mam ukrainesche President Wolodymyr Selenski getraff huet. Et geet hei drëms däitlech ze maachen, datt d‘Ukrain – och wa se nach net Member vun der NATO ass – fir eis an d‘Amerikaner, ee wichtege Partner ass. Zudeem gehéiert d‘Ukrain traditionell zu Europa, oder?

De Wolodymyr Selenski huet dann och vun dësem groussen diplomateschen Optrëtt profitéiert, well dank dem Blinken d‘Opmierksamkeet gi war. An de President erkläert, datt d‘Russen nach ëmmer d‘Krim besetzen, a eréischt 3.500 Zaldote vun der Hallefinsel ofgezunn hätten. De Komiker weist nach drop hinn, datt d‘Russe vill ze vill Zaldoten an hirem Grenzberäich zur Ukrain opstellen.

An den Antony Blinken – deen iwwer ganz Prezis Geheimdéngschtinformatioune verfüügt – erkläert sengersäits, datt Washington zumindest theoretesch vun enger Ugrëffsbereetsschaft säitens de Russe muss ausgoen. Aus dësem Grond ënnerstëtzen d‘USA dann elo och d‘Ukrain mat engem Joresbudget fir Rëschtungsausgaben an héicht vun 300 Milliounen US-Dollar. Interessant…

mat indymedia/bru/iew/lon

Illustratioun: © Kony / unsplash

Related topics Aggressioun, Donbass, Krim, Manöver, NATO, Russland, Steadfast Defender21, Ukrain
Next post Previous post