Search

You may also like

Rechtsstaat: d‘EU fuerdert vu Warschau Kloerheet
International Neiegkeeten

Rechtsstaat: d‘EU fuerdert vu Warschau Kloerheet

De Vizepresident vun der EU-Kommissioun, Frans Timmermans, huet um Mëttwoch

dislike
De fréieren EU-Kommissiounspresident Barroso steet ënner Lobbyismus-Verdacht
International Neiegkeeten

De fréieren EU-Kommissiounspresident Barroso steet ënner Lobbyismus-Verdacht

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker gesäit kee Konflikt bei enger Entrevue

Trauliichtwochen an der Robbesscheier – Eng erliichtend Traditioun!
International Neiegkeeten

Trauliichtwochen an der Robbesscheier – Eng erliichtend Traditioun!

Vum 19. Oktober bis den 3. November 2019 luet d’Robbesscheier

NATO-Partner keeft seng Rakéite beim „Feind“

D‘Tierkei huet sech net vun den USA beandrocke gelooss an zitt säin Deal duerch

NATO-Partner keeft seng Rakéite beim „Feind“

Ankara ass net um amerikanesche Loftofwiersystem „Patriot“ interesséiert, an huet sech fir de russeschen „S400“ entscheet. D‘USA an d‘NATO gesinn an dësem „Geschäft“ eng Gefor fir d‘Sécherheet. Den US-President ass liicht „opbruecht“.

Gëschter, am Kader vun engem AKP-Meeting, huet den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan senge Leit annoncéiert, datt d‘Tierkei de russeschen S400-Loftofwiersystem uschaaft. D‘Rakéite solle schonn am Juli geliwwert ginn, d‘Ausbildung vun den Zaldoten un dësem Waffesystem wier ofgeschloss. Eng Entscheedung déi vun de Parteimembere begréisst ginn ass.

Washington hat déi lescht Woch Ankara virun dësem Deal gewarnt an zolidd Drock gemaach. D‘US-Regierung ass der Usiicht, datt d‘Tierkei net gläichzäiteg amerikanesch F35-Kampffliger a russesch S400-Loftofwierrakéite kafe kann. An der Konsequenz hunn d‘Amerikaner d‘Ausbildung vun den tierkesche Pilote gestoppt an d‘Ausliwwerung vun de Kampffliger ausgesat.

Gefaart gëtt säitens dem Pentagon, datt Moskau iwwert den tierkeschen Asaz vum S400-Loftofwiersystem, u sensibel Daten zur Technologie vun de F35-Kampffliger gelaange kéinten. Jo et wier esouguer denkbar, datt dee „relativ neien“ F35-Lightning fir Zilübunge kéint mëssbraucht ginn an d‘Erkenntnisser vun dësen Tests direkt u Russland weidergereecht ginn.

Onvermëttelbar

Zu Bréissel am Haaptquartéier vun der NATO ass een och net erfreet. Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg soll „hannert dem Rideau“ wuel versicht hunn ze vermëttelen, an hat der Tierkei un d‘Häerz geluecht dat wiesentlech méi deiert US-Waffesystem ze kafen. Hie wëll nämlech net op d‘Tierkei als „Partner“ verzichten, déi stellt am Bündnis schliisslech e gewëssent Gewiicht duer.

Den tierkesche President hat sengersäits däitlech gemaach, datt si sech vu kengem diktéiere loossen, wéi eng Waffesystemer d‘Tierkei zu Verdeedegung vum Land uschaaft. Zudeem huet et ënnert dem Donald Trump eng Verschlechterung vun de Bezéiunge ginn, wat zu enger Verbesserung vun den diplomateschen a wirtschaftleche Relatiounen tëscht Ankara a Moskau gefouert huet…

Erwähne mir nach kuerz, datt Washington Ufank Mäerz der Tierkei ugekënnegt huet, datt déi bis ewell gülteg Vergënschtegungen zur Wirtschaftsentwécklung gestrach ginn. Dat als Reaktioun op de selwer verschëlten Handelssträit beim Stol an Aluminium, wou d‘Tierkei dann och amerikanesch Wueren entspriechend behandelt huet. Elo dierft den Dissens en nei Dimensioun kréien.

mat indymedia/mow/tlv

Foto: De russeschen S400-Loftofwiersystem ass effektiv a net esou deier wéi den amerikanesche Patriot-System. Zudeem kéint d‘Tierkei un der Entwécklung vum Nofolger-System S500, bedeelegt ginn. Dat géif dann awer d‘Partenariat an der NATO a Fro stellen. © Sergei Malgavko (Archiv)

Related topics F35-Kampfjet, NATO, NATO-Partner, Patriot, S400, Tierkei, USA
Next post Previous post