Search

You may also like

Wéi den Alain Welter dat klengt Koler an een artisteschet Hollywood verwandelt
International Neiegkeeten Stories

Wéi den Alain Welter dat klengt Koler an een artisteschet Hollywood verwandelt

Am ganze Land verdeelt gesäit ee bemoolte Fassaden, mee wie

Dem Donald Trump säin Ofgesang
International Neiegkeeten Stories

Dem Donald Trump säin Ofgesang

Esou lues awer sécher schéngt sech ofzezeechnen, datt et wuel

Australien: op en neits den Ausnamezoustand
International Neiegkeeten Stories

Australien: op en neits den Ausnamezoustand

Déi australesch Autoritéiten hu fir déi nächst siwen Deeg den

Bereet sech d‘NATO op en Ugrëffskrich vir?

Bereet sech d‘NATO op en Ugrëffskrich vir?

Am Kontext vum Konflikt an der Ostukrain, der Bäistandserklärung vun der EU-Kommissioun an dem Wonsch vu Kiew dem Militärbündnis bäizetrieden, kënnt zu Bréissel eppes Beweegung op. Et gëtt sech jo bekanntlech och op russescher Säit, op déi nei Situatioun agestallt.

Eigentlech ass et üblech, datt een NATO-Ministertreffen eppes méi Zäit beusprocht fir organiséiert ze ginn, mee wann et awer presséiert… Déi sougenannt westlech Militärallianz huet wuel selwer vill derzou bäigedroen, datt et iwwerhaapt zum Truppenopmarsch un der Grenz zur Ukrain komme konnt, a muss elo de Ball um lafen halen. Et ass jo och kee Veräi vu Pazifisten, an et ass hinne ganz wichteg de Leit nozeleeën, datt dat alles vu Moskau gewollt a provozéiert gëtt.

Datt de Vladimir Putin keen Onscholdsengel ass dat eent, datt keen nëmmen usazweis weess wat d‘Russe beabsichtegen, ass éischter en Hiwäis dorobber, datt och Moskau vun der Entwécklung am Donbass iwwerrascht ginn ass. D‘Russen äusseren sech kaum an d‘Amerikaner hunn aussepolitesch Interessen, déi si och iwwert den Ëmwee vun der NATO bereet sinn ëm- an duerchzesetzen. Esou gëtt insinuéiert, datt de russesche Bier no der Krim, den Donbass annexéiere wëll.

Eng gewote Behaaptung, déi dann awer de Fridden um europäesche Kontinent bedreet, firwat elo an aller Hetz, d‘Verdeedegung- an Ausseminister vun den 30 NATO-Memberlänner zu enger virtueller Drénglechkeetssëtzung aberuff goufen. Datt awer net nëmmen d‘EU-Kommissioun, d‘Amerikaner an d‘NATO-Déckkäpp de verbalen Dissens seeën, ass och gewosst. Esou huet dem Putin säi Sproch am Mäerz mat: „Eis Nopere sinn och eis Bridder“; zu Interpretatioune gefouert…

Net een deen eppes daache géif

Nodeems de Josep Borrell sengem ukraineschen Homolog Dmitri Kuleba quasi verséchert huet, datt déi ganz europäesch Unioun bereet ass sech militäresch un d‘Säit vun der Ukrain ze stellen, ass dee bei d‘NATO gepilgert an huet direkt emol nogefrot, wou een elo mam Bäitrëttsgesuch drun ass. Hie konnt senge Gespréichspartner nach emol verdäitlechen, datt d‘Ukrain zum Westen, an net zur russescher Welt gehéiert. Geographie a Politik ze vermëschen, wann et hëlleft…

Erwisen ass jiddefalls, egal wéi et säitens de Krichsdreiwer béidersäits propagandistesch eriwwer kënnt, datt nom diplomatesche Geplänkels, d‘Russen hir Verdeedegungslinn massiv opgerëscht hunn, wat da vun der Ukrain, der EU, der NATO a Washington, als Virbereedung op eng Annexioun vun der Ostukrain verkaf gëtt. Et huet iwwregens esouvill Beweiser fir eng russesch Invasioun, wéi et sengerzäit Beweiser fir Massevernichtungswaffen am Irak ginn huet.

Datt et awer nach Hoffnung huet, am Donbass eng militäresch Pattsituatioun erbäizeféieren, wat jo géif bedeiten, datt just sporadesch een deen anere punktuell neutraliséiert, féiert eis zréck op de politesche Parkett. Zanter 2008 gëtt Kiew „versprach“ den nächsten NATO-Bäitrëttskandidat ze ginn. Dat wier ee Seegen, well et feelt der Ukrain zwar net un Idioten, weder politesch nach militäresch, dofir awer u Waffen a Geld. Dat kéint d‘NATO awer alles leeschten.

Eppes Business niewebäi

Woubäi d‘Ukrain kritt scho masseg Rëschtungsmaterial aus den USA an der EU. D‘NATO hëlleft massiv a ganz oppe Kiew, de Militärapparat ze moderniséieren. Säit Jore ginn ausser Ausbildung, och gemeinsam Manöver, direkt un der russescher Grenz organiséiert. Datt Moskau dat alles kéint als Provokatioun deiten, hält den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg net fir méiglech. Et wier jo offensichtlech, datt dës Manöver eenzeg dem Erhale vum Fridde geschëlt sinn.

Mee der Ukrain Waffe géint ee Scholdschäin ze verschenken, sech verbal zur Souveränitéit ze bekennen an eventuell Zaldoten aus EU-Länner ze schécken, wäert Kiew net duer goen. Et ass richteg datt de Wolodymyr Selenski dem Konflikt gäre lass wier, mee d‘Amerikaner gesinn am Dissens politesch Opportunitéiten, déi se net wëlle versträiche loossen. Ee „klenge“ Konflikt mat villen doudegen Zivilisten, déi een alleguerten de Russen ulaaschte kann?

Jo dat wier dem Joe Biden, dem Josep Borell a wuel och eisen aussepoliteschen Helden Asselborn a Bausch ganz genehm. Just datt et do ee Problem gëtt: ausser den Tierken an de Britten, vläicht nach d‘Fransousen, huet kaum en EU-Partner d‘Moyene mam Russ matzehalen. An dann huet et och an der NATO Gesellen, déi kee Bock op ee Bäitrëttsmember hunn, deen d‘Problemer déi kee léise wëll selwer matbréngt. Woubäi EU an NATO gehollef hunn de Problem ze schafen.

Läit d‘Kand bis am Bur

Vläicht ass et eppes a Vergiessenheet geroden, mee datt et zur Annexioun vun der Krim komm ass, huet tatsächlech och eppes mat der europäescher Handelspolitik ze dinn. Zudeem geet et an dësem Kontext ëm déi europäesch Osterweiderung, wat verständlecherweis zu Moskau eppes Onmutt ausgeléist huet. Datt d‘Russen zudeem wéineg vu militäresche Manöver un hir Grenzen halen, dierft och eng Roll spillen. Zudeem stinn d‘USA ënnert neiem Management.

Bei eis am Land deelt d‘Regierung d‘Besuergnes betreffend de russeschen Truppenopmarsch net, mee wann d‘USA, d‘EU an NATO dat sollten erwaarden, géif ee sech deem aus politesche Grënn net verschléissen. Dat alles awer wann ech gelift streng rhetoresch a verbal. Schonn 2014, wéi den Zar sech säi Schampes-Keller zréckgeholl huet, hat et wuel Gejäiz ginn, vun engem militäresche Bäistand, geschweig engem bewaffenten Agrëff, war awer wierklech ni rieds.

Fazit: Fir den Ament kann een, bezunn op déi bekannt Fakte behaapten, datt och an der NATO keen de russeschen Truppenopmarsch als eng Gefor fir d‘Ukrain betruecht. Et ass zimlech sécher, datt et esoubal kee Bäitrëtt vun der Ukrain zur NATO ka ginn, net emol en EU-Bäitrëtt ass Mëttelfristeg a Siicht. Aktuell soll d‘Ukrain genuch „Gewiicht“ opbréngen, fir d‘Europäer ze iwwerzeegen, vun der Gaspipeline NordStream2 Ofstand ze huelen an US-Flësseggas ze kafen.

mam Geert de Vriend/IM-bru

Illustratioun: © Tengyart / unsplash

Related topics Bäitrëtt, Donbass, EU, NATO, Osterweiderung, Ukrain, USA
Next post Previous post