Search

You may also like

Verschmotzt Drénkwaasser an der Stad Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Verschmotzt Drénkwaasser an der Stad Lëtzebuerg

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt duerch en technesche Problem beim Waasserreservoir

Aweiung vun der neier CNS zu Ettelbréck
Neiegkeeten

Aweiung vun der neier CNS zu Ettelbréck

Gëschter huet de Romain Schneider, Minister fir sozial Sécherheet, déi

money
De Staatsbankrott vu Venezuela a véier Froen, erkläert
Neiegkeeten

De Staatsbankrott vu Venezuela a véier Froen, erkläert

Dëse Méindeg 13. November wäert Venezuela senge Creanciere mussen agestoen,

Daumen gedréckt fir den Natur- & Geopark Mëllerdall!

Daumen gedréckt fir den Natur- & Geopark Mëllerdall!

Enn Mee 2020 huet den Natur- & Geopark Mëllerdall voller Zouversiicht ugekënnegt, sech nach emol als Kandidat fir de Label vun den UNESCO Global Geoparks ze mellen. Gëschter huet d’Ekipp aus der fantastescher Sandsteenregioun den Dossier offiziell agereecht. A well et bis zur Verkënnegung vum Resultat 2022 nach e bëssen dauert, hu mir elo genuch Zäit fir d’Daumen ze drécken!

Schonn zënter senger Kreatioun virun 3 Joer huet den Natur- a Geopark Mëllerdall d’Zil verfollegt, fir Member vum internationale Programm vun den UNESCO Global Geoparks ginn. Deemools gouf dat immenst Potential an dat ausseruerdentlecht geologescht Ierwen gelueft, an awer gouf den Dossier net zeréckbehalen.

De Kapp wollt een trotzdeem net an de Sand(steen) stiechen. An esou goufen an de leschte Méint déi verschidde Kritikpunkten genotzt, fir d’Siichtbarkeet vum Mëllerdall ze vergréisseren. Souwuel iwwert Print Medien, wéi och op de soziale Medien an iwwert Infotafelen an der Regioun huet d’Ekipp seng Reechwäit ausgebaut an esou net nëmmen d’Lëtzebuerger Bevëlkerung, mee all interesséierter Persoun aus der Géigend mat spektakulären, iwwerraschenden a spannenden Informatiounen gefiddert.

Dës weideren huet sech d’Ekipp reegelméisseg mat aneren Memberen vun den UNESCO Global Geoparks ausgetosch, sech mat den Nopesch-Geoparks, zum Beispill dee vu Famenne-Ardenne (BE) oder der Vulkaneifel (DE) getraff, u Konferenzen deelgeholl oder och beim „International Intensive Course on UNESCO Global Geoparks“ zu Lesbos (Griicheland) matgemaach.

No intensiver Aarbecht a staarke Beméiungen verspieren all Bedeelegt déi néideg Zouversiicht eng positiv Äntwert ze kréien a Member vun den UNESCO Global Geoparks ze ginn.

MëllerdallD’Briechkaul © Raymond Clement

Mee wat ass iwwerhaapt esou een UNESCO Global Geopark?

„UNESCO Global Geoparks si Regiounen mat Stiet a Landschaften vun international unerkannter geologescher Bedeitung, där hire Wäert duerch e Gesamtkonzept erliefbar gëtt, dat d’Beräicher Bildung, Schutz an nohalteg Ënwécklung ëmfaasst“ gëtt am Schreiwes erkläert.

„Si schaffe fir d’Mënschen an d’Gemengen aus hirer Region, bréngen de Mënschen op der Plaz de Wäert vun hirem geologeschen Ierwen méi no a schafen esou eng Identifikatioun mat der Regioun. Si fërderen de Geotrouismus an d’Regionalentwécklung a gräifen d’Erausfuerderungen vun der haiteger Gesellschaft, wéi d’Themen vum globale Wandel (Klimawandel, Naturgeforen) op.“

MëllerdallD’Kallektuffquell © Pierre Haas

Net nëmmen duerch de Schutz, den Erhalt an d’Wäertschätzung vum kulturellen a geologeschen Ierwen erweist sech den Natur- & Geopark Mëllerdall als ideale Kandidat. An de leschte Joren huet een déi regional Produktioun an d’Bildung gefërdert, op den Drénkwaasserschutz, de Klima, erneierbar Energien, d’Geologie oder och de Schutz vun der Natur a Landschaft opmierksam gemaach.

Hannert der bewonnerenswäerter Schéinheet vun der Regioun stécht also eng ganz Palett u Wëssen. Tatsächlech war déi beandrockend Sandsteenlandschaft viru laanger Zäit emol Mieresbuedem. Nach haut fënnt een d’Spuere vun der Vergaangenheet a kritt esou net nëmmen en Abléck an dat, wat emol war, mee och Informatiounen, wat elo an an Zukunft gemaach muss ginn, fir d’Natur nohalteg ze behandelen.

Mëllerdall© Uli Fielitz

Wisou ass de Mëllerdall hannert dem Label hir?

Duerch d’Kritik vun den UNESCO Global Geoparks konnt den Natur- & Geopark zu Lëtzebuerg seng Schéinheet a säi Wëssen weider entfalen. Wien de Label huet, dee vergréissert och seng Räichweet iwwert d’Grenzen hinaus, wouduerch et méiglech gëtt, Wëssen op internationalem Niveau ze verbreeden an op den Natur- a Kulturierwen opmierksam ze maachen.

Zousätzlech dozou sinn all UNESCO Global Geoparks duerch en internationaalt Netzwierk mateneen verbonnen. E reegelméissegen Austausch fërdert dobäi net nëmmen vuneneen ze léieren, mee et léisst och nach nei Iddien entstoen.

Méi wéi just Fielsen a Bësch

De Claude Turmes, Minister fir Raumentwécklung, huet ervirgehuewen, datt den Natur- & Geopark Mëllerdall den haitegen an zukünftege Generatiounen kloer weist, wou mir hierkommen. Just esou kann een d’Zukunft op Basis vum Wëssen aus der Vergaangenheet nohalteg gestalten.

MëllerdallNatur- & Geopark Mëllerdall / Facebook © Caroline Martin

„Aus dësem Grond hunn ech vun Ufank un d’Iwwerleeungen zur UNESCO-Kandidatur vum Natur- & Geopark Mëllerdall net just politesch, mee och finanziell ënnerstëtzt, z.B. mat der Finanzéierung vun der Plaz vun enger Geologin, dee vun der UNESCO gefuerdert gëtt“, sou de Minister.

Och d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg weist sech houfreg: „Als Kand vum Mëllerdall freeën ech mech ganz besonnesch iwwert déi villverspriechend Aussiichten am Zesummenhang mat dem UNESCO Global Geopark Label.“ Den Dossier wier perfekt mam Naturkonzept ofgestëmmt an dréit zur nohalteger Entwécklung bäi.

MëllerdallNatur- & Geopark Mëllerdall / Facebook © Caroline Martin

D’Kulturministesch Sam Tanson konnt selwer net op der Plaz sinn, huet awer schrëftlech matgedeelt, datt d’Regioun och iwwert Grenzen hinaus als Erhuelungs- a Fräizäitgebitt e besonnesche Reiz bitt. Déi nei Kandidatur vum eenzegaartegen Natur- a Kulturierwen gesäit si als villverspriechend Mëttel fir déi zukünfteg Entwécklung vun der Regioun an déi international Zesummenaarbecht.

Esou geet et weider

Den Dossier vu 50 Säiten ass gëschter offiziell agereecht ginn. An engem éischte Schrëtt wäert d’UNESCO d’Kandidatur iwwerpréiwen an uschléissend am Fréijoer, respektiv Summer 2021 zwee Experten vun den UNESCO Global Geoparks an de Mëllerdall schécken, fir d’Regioun ënnert d’Lupp ze huelen. Fréistens Ufank 2022 wäert et dann d’Äntwert ginn.

Opmaacherbild: Natur- & Geopark Mëllerdall / Facebook

Related topics Carole Dieschbourg, Claude Turmes, Dossier, kulturelle Patrimoine, Label, Natur- a Geopark Mëllerdall, Naturierwen, Nohaltegkeet, Sandsteenregioun, UNESCO Global Geoparks, Vergaangenheet
Next post Previous post