Search

You may also like

Äddi Führerschäin!
Neiegkeeten

Äddi Führerschäin!

Et ass esou onverständlech wéi onverstänneg, mee et gëtt anscheinend

Ausenanersetzungen um Tempelbierg halen un
Neiegkeeten

Ausenanersetzungen um Tempelbierg halen un

Zanter dem Enn vum Faaschtemount Ramadan, entwéckelt sech um a

geek
Twitter-Mataarbechter ware saudesch Spiounen
Neiegkeeten

Twitter-Mataarbechter ware saudesch Spiounen

Den US-Justizministère beschëllegt zwee fréier Twitter-Mataarbechter fir de Kont vu

Natura 2000 verbënnt, an dat an allen Hisiichten!

Mam Projet „Natura 2000 verbënnt“ huet den Natur- a Geopark Mëllerdall sech virgeholl, dem Verloscht vun der Biodiversitéit entgéint ze wierken. Et laascht een héijen Notzungsdrock op eiser Ëmwelt, Landschafte sinn zerschnidden a mam Verschwanne vun de verschidde Liewensraim, ginn och zuelräich Déieren- a Planzenaarten verluer.

Bei der Presentatioun an der Hierber Scheier huet d’Jill Lucas, Leederin vum Projet, méi genee erkläert, wéi et zur Initiative komm ass, a wat genee am Zäitraum vun 2021 bis 2025 geplangt ass. Esou besteet d’Haaptmissioun doran d’Liewensraim am oppene Land duerch verschidde Landschaftselementer wéi Hecken, Bongerten oder och Dréchemauere mateneen ze verbannen a bestoend Liewensraim ze fleegen.

Domat leescht een net nëmmen e Beitrag zum Erhalt an der Fërderung vun eiser Biodiversitéit, och de Mënsch profitéiert vun engem méi attraktive Landschaftsbild, sou wéi vum Waasser- an Erosiounsschutz. Den Numm „Natura 2000 verbënnt“ bezitt sech soumat net nëmmen op d’Verbindung vun den eenzelen natierleche Gebidder an Terrainen, mee och op déi gemeinsam Bezéiung tëscht Mënsch an Natur.

Natura 2000 verbënnt
D’Jill Lucas leet de Projet „Natura 2000 verbënnt“ © Caroline Martin

E räichhalteg strukturéiert Landschafsbild

Zu de geplangte Moossname gehéiert ënnert anerem d’Fleeg an d’Ariichte vu Bongerten an der Regioun Mëllerdall. Ganzer 4.000 Uebstbeem sollen nei geplanzt, a grad esou vill an d’Rei bruecht ginn. Wéi d’Jill Lucas ënnerstrach huet, bidden déi verschidden Etagen, déi vum Buedem bis erop an d’Bamkroun gebuede ginn, en immensen Aarteräichtum.

Gläichzäiteg soll de Bongert als natierleche Patrimoine méi geschat an déi verschidde Méiglechkeeten, wat ee mam Uebst ufänke kann, erkannt ginn. An de Bongerte selwer ginn Vullenhaisercher a Beiekëschten opgehaangen. Besonnesch d’Wëllbeien an d’Bommelen solle sech esou an der Regioun wuel fillen. An och de Steekauz, dee fréier staark an eisem Land vertruede war a vun deem et hei elo just nach ëm 50 Koppelen ginn, soll säi Wee zeréck an dëse perfekten Habitat fannen.

Natura 2000 verbënnt
© Caroline Martin

Dës weideren ginn 30 sougenannt Lesesteinhaufen opgebaut, woubäi d’Steng, déi beispillsweis duerch d’Plouen un d’Uewerfläch kommen an de Bauer um Feld stéieren, op ee Koup geluecht ginn an esou Liewensraum fir ënnert anerem Insekten an Amphibien bidden. Si fërdere virun allem d’Presenz vun den Nützlinge, déi Schädlinge bekämpfen an droen och zum Erosiounsschutz bäi. Zousätzlech si 4 Hektar Blühsträifen virgesinn, genee esou wéi d’Fleeg an d’Planze vun Hecken a Beem.

Sensibiliséierungs- an Ëffentlechkeetsaarbecht sinn e weidere Punkt bei de Moossname vum Projet. Nieft Coursen a Workshops, beispillsweis zur Vereedelung an dem Schneide vun Uebstbeem, wäert déi zertifiéiert Baumwartausbildung ugebuede ginn. Donieft gëtt eng Plattform ageriicht, iwwert déi d’Offer an d’Nofro ronderëm d’Bongerten verbonne ginn.


Bamschnëttcours © Mikis Bastian

„Do wou d’Welt nach an der Rei ass“

De Projet „Natura 2000 verbënnt“ gëtt zu 100 % vum Ëmweltfong vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung finanzéiert. Esou huet och d’Ministesch Carole Dieschbourg mat Freed un der Presentatioun deelgeholl an op déi nohalteg Entwécklung am Mëllerdall higewisen. D’Landschaften ze fleegen an ze erhalen, wéi mir se eigentlech vu fréier kennen, bedeit eng Plus-Value a Basis, och fir zukünfteg Generatiounen.

D’Initiative géif zousätzlech och den Tourismus, d’Landschaft, d’Kultur an d’Natur verbannen, sou d’Ministesch. Si weist sech zouversiichtlech, datt d’Vernetzung vun den Acteuren an der Ëmwelt Friichten droe wäert.

Natura 2000 verbënnt
D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg © Caroline Martin

D’Moossname gi wärend 5 Joer an alle Gemenge vum COPIL Natura 2000 Mëllerdall ëmgesat. Dozou gehéieren all d’Gemengen vum Natur- a Geopark Mëllerdall, wéi och d’Gemeng Reisduerf, déi aktuell Beitragskandidat ass, an d’Ärenzdallgemeng.

Zu gudder Lescht ass d’Konventioun vum Projet ënnerzeechent ginn an d’Ministesch krut eng hëlzen Uebstschossel aus „Holz vun hei“ iwwerreecht.

Uewe fannt Dir eng Billergalerie zur Presentatioun vum Projet „Natura 2000 verbënnt“ © Caroline Martin

Related topics Beem, Beiekëschten, Biodiversitéit, Carole Dieschbourg, Ëmweltfong, Hecken, Jill Lucas, Lesesteinhaufen, Natur- a Geopark Mëllerdall, Natura 2000 verbënnt, Steekauf, Vullenhaisercher
Next post Previous post