Search

You may also like

Russesch Hyperschallrakéit ass Asazbereet
Neiegkeeten

Russesch Hyperschallrakéit ass Asazbereet

Moskau huet confirméiert, datt zanter dem leschte Freideg, déi éischt

Gläichheet tëscht Fra a Mann… ouni d‘Gemenge geet et net
Neiegkeeten

Gläichheet tëscht Fra a Mann… ouni d‘Gemenge geet et net

De Kampf fir d‘Geschlechtergläichstellung ass weder einfach nach iwwer Nuecht

Lëtzebuerg: De militäresche Schlag géint Syrien ass haut um Menü vum EU-Ausseministertreffen
Neiegkeeten

Lëtzebuerg: De militäresche Schlag géint Syrien ass haut um Menü vum EU-Ausseministertreffen

D‘Loftschléi géint Syrien, déi um Weekend vun der Koalitioun USA-Groussbritannien-Frankräich

Operatioun Moukewanderung: Sitt virsiichteg op de Stroossen!

Operatioun Moukewanderung: Sitt virsiichteg op de Stroossen!

Naasst Wierder an Temperaturen, déi klammen ginn de Mouken den entscheedenden Ustouss fir hir alljäerlech Wanderung. Och beim Verlaf vun dësem Joer wäerte si nees zuelräich Stroossen passéieren, mee duerch dat wiesselhaft Wierder gëtt et wuel schwéier virauszesoen, wéi ee Wee si genau wiele wäerten. Beim momentane Schmuddelwierder heescht et also virsiichteg ze fueren an d’Mouke sécher iwwert d’Strooss ze loossen. Betraffen Ofschnëtter kënnen natur&ëmwelt iwwert ee Formular gemellt ginn.

Et sinn de Reen an Temperaturen, déi kaum nach ënnert 5°C senken, déi d’Mouken aus hirer Kältestarre erwäche loossen. Fir si bidde sech tëscht Sonnenënnergang a Mëtternuecht déi ideal Konditiounen, fir a Richtung Waasser ze zéien. Zousätzlech zum Wierder spillt awer och d’Joreszäit eng wichteg Roll: Hir bannescht Auer erënnert d’Amphibie drun, net virun Enn Februar opzebriechen, och wann et a vereenzelte Fäll zu Ausname kënnt.

Fir vun de fiichten Iwwerwanterungsplazen zu de Laichgewässer ze kommen, mussen d’Mouken duerch zerschnidde Landschaften, an doduerch och iwwert eis Stroossen driwwer. Ma anescht wéi de Fräsch ass d’Mouk e bësse flemmseg an a Gruppen ënnerwee. Doduerch gëtt hir Wanderung ëmsou méi geféierlech. Schonn 10 Autoen pro Stonn kënne wuel ëm 30 % vun den Déiercher op der Strooss iwwerrennen.

Hir lues a flemmseg Fortbeweegungsaart verstäerkt sech, wat d’Mouk dem Waasser méi no kënnt. Dat erkläert sech doduerch, datt si wärend der Wanderung scho Koppele bilden, bei deene sech d’Männchen vum Weibchen droe léisst.

Zum Schutz vun der Amphibie gëtt Autofuerer geroden, virun allem Owes an Nuets op sensibele Plazen besonnesch virsiichteg ze fueren, fir esou d’Mouken op déi aner Stroossesäit ze loossen. Am Beschten kuckt een heivir no de Warnschëlter. Nieft de wandernen Déieren sollt een och op Fräiwëlleger oppassen, déi equipéiert mat Warnvest an Täscheluucht laanscht d’Stroosse patroulléieren an d’Mouken eemerweis op déi aner Stroossesäit bréngen.

Fir mat entspriechende Moossnamen (Moukenznk, Amphibientunnel,…) hëllefen ze kënnen, solle betraffen Stroossenofschnëtter iwwert ee Formular natur&ëmwelt, wéi och der Naturverwaltung gemellt ginn. Iwwert de selwechte Wee kënne gären och selwer organiséiert Rettungsaktiounen ofgeruff ginn.

Opmaacherbild: © Elisabeth Kirsch

Related topics Amphibie, Auto, Fortplanzung, Fräschen, Moukewanderung, Natur, natur&ëmwelt, Naturverwaltung, Populatioun, Stroosseverkéier
Next post Previous post