Search

You may also like

Esou mécht en US-Milliardär Wahlkampf
Neiegkeeten

Esou mécht en US-Milliardär Wahlkampf

US-Milliardären dinn sech mat ethesche Grondlage schwéier a wier de

Ka Frankräich d‘Kris vun de Reformen iwwerwannen?
Neiegkeeten

Ka Frankräich d‘Kris vun de Reformen iwwerwannen?

Eigentlech wollt de franséische President schonn déi lescht Woch seng

Iwwerfuerdert a Midd
Neiegkeeten

Iwwerfuerdert a Midd

Am Kontext vum Covid19-Depistage huet de Verband vun den Hausdokteren

natur&ëmwelt: Vu pelzesche Brummer op Wunnegssich

natur&ëmwelt: Vu pelzesche Brummer op Wunnegssich

Aktuell siche solitär Wëllbeien, wéi och Mauerbeien, no Huelraim fir ze nisten. Dobäi fënnt ee si beispillsweis u Fënsterrummen, Holzfassaden a Rollluedekëschten erëm. D’Eenzelgänger sinn iwweraus friddlech Gesellen, déi de Mënsch net ugräifen an och kee Baumaterial zerstéieren. Aus dësem Grond kann een seng nei Matbewunner onbesuergt bei hirer Aktivitéit gewäerde loossen.

Dat waarmt Wieder vun de leschten Deeg mécht net nëmmen de Mënsch monter. Dobäi musse sech d’Bommelkinniginnen a solitär Wëllbeienweibercher momentan nieft dem Bléiebesuch och op d’Sich no enger gëeegenter Nistplaz maachen. Verschidden Zorte vu Wëllbeien, virun allem d’Mauerbeien, fannen dës an Huelraim aller Aart, zum Beispill bei Buergäng am Holz huel Planzestiller oder och Lächer a Mauerwierker.

Vill Fënsterrummen, Holzfassaden a Rollluedekëschte weisen genau dës Huelraim op an esou kann een grad hei vill Mauerbeien beim Naschtbau beobachten. Mee kee Grond zur Beonrouegung – si kommen a Fridden!

Wëllbeien

Hei eng Nisthilfe fir Mauerbeien © Lea Bonblet

Zwar kënnen ënnert gënschtege Bedéngungen direkt e puer Weibercher no beieneen nisten, an awer huet all Individuum säin eegent Nascht a versuergt säin Nowuess ouni d’Mathëllef vun den Aartgenossen. Och bei munchen Aarten, déi am Buedem nisten, sou wéi d’Sand- oder d’Seidebeien, kann d’Gesellegkeet een op d’Iddi bréngen, datt ee Vollek an der Sandkëscht um Wuessen ass. Dat ass allerdéngs net de Fall.

Wëll eng eenzeg kleng Bei keng Chance géint grouss Ugräifer hätt a si am Fall vun enger Néierlag hiert genetescht Material net méi kéint weiderginn, ginn d’Einsiidlerbeien Konfliktsituatiounen aus dem Wee.

Wëllbeien

Ma, a sengem Bau leet d’Mauerbei Nistgäng vu 6-8 mm Duerchmiesser mat eenzele Brutzellen hannereneen un, déi duerch Lehmwänn vunenaner getrennt sinn. An all Zell gëtt Larveproviant – eng Mëschung aus Pollen an Nektar – agelagert an een Ee geluecht. Soumat zerstéiert déi wëll Bei och kee Baumaterial um Holz.

Aus dem Ee schlüpft no e puer Deeg eng Larv, déi sech vun der leckerer Reserve erniert a sech uschléissend verpoppt. Déi fäerdeg entwéckelt Bei iwwerdauert dann de Wanter an hirem Kokon a kënnt am nächste Fréijoer eraus.

Eng flott Broschür mat diversen Informatiounen zu de friddleche Brummer fannt Dir HEI, respektiv kënnt Dir se och bei natur&ëmwelt bestellen ënnert secretariat@naturemwelt.lu.

Opmaacherbild: Paarung vu Mauerbeien © Michel Kirsch

Related topics Eenzelgänger, Fridden, Huelraim, Mauerbeien, Nascht, natur&ëmwelt, Nistplaz, pelzeg Brummer, Wëllbeien
Next post Previous post