Search

You may also like

Alles geet op de BD-Festival zu Contern
Neiegkeeten

Alles geet op de BD-Festival zu Contern

Den nächste Weekend ass et nees esouwäit, d‘Bande Dessinée oder

Bundesregierung gëtt sengem Häerz e Stouss
Neiegkeeten

Bundesregierung gëtt sengem Häerz e Stouss

Aus dem däitschen Inneministère huet et gëschter geheescht, datt d‘Regierung

Jonk Konscht Triennal – Opruff zur Participatioun!
Neiegkeeten

Jonk Konscht Triennal – Opruff zur Participatioun!

Als grousst Treffen a Plattform fir jonk KënschtlerInnen dréit déi

Naturkatastroph zu Lëtzebuerg: Finanziell Hëllef an Héicht vu 50 Milliounen Euro versprach

Naturkatastroph zu Lëtzebuerg: Finanziell Hëllef an Héicht vu 50 Milliounen Euro versprach

Bei der ausseruerdentlecher Sitzung vum Regierungsrot gouf déi aktuell Situatioun als Naturkatastroph agestuuft. Waasserstänn, déi Lëtzebuerg an de leschten 100 Joer esou net erlieft huet, konnten erreecht ginn. Fir souwuel Privatleit, wéi och Betriber finanziell ënnert d’Ärem ze gräifen, ass eng Enveloppe vu 50 Milliounen Euro fräigeschalt ginn.

Héijen emotionalen a materielle Schuet sinn landeswäit, mee och an den Nopeschlänner entstanen. Glécklecherweis huet Lëtzebuerg keng Blesséierter an Doudeger gemellt kritt. Ëm déi finanziell Ënnerstëtzung, fir esou d’Schiet ze behiewen, wäerte sech bei Privatleit an de Gemengen den Inneministère këmmeren, wärend de Mëttelstandsministère sech ëm d’Betriber, an de Landwirtschaftsministère sech ëm d’Besoine vun de Bauere këmmere wäert.

Stand gëschter Owend si 400 Leit an de Gemenge relogéiert ginn. D’Solidaritéit ass grouss, d’Populatioun bitt Betraffenen hir Hëllef un. Wéi d’Inneministesch Taina Bofferding erkläert huet, wieren um e Mëttwoch géint 19 Auer déi éischt Ufroe fir Sandsäck, Pompelen an anert Equipement erakomm. Schonn 2 Stonne méi spéit konnt schnell a pragmatesch säitens den Asazkräfte reagéiert ginn.

Beim 112 si wärenddeem ganzer 6.230 Appeller eragaangen, wouvun der 1.200 an eng Interventioun iwwergaange sinn.

D’Prioritéite leien doran, d’Bevëlkerung ze schützen, weider Blessuren ze verhënneren a preventiv Moossnamen ze ergräifen, fir eng weider Verschlëmmerung ze ënnerbannen an och d’Grondversuergung weiderhin ze garantéieren. Huet d’Situatioun sech bis berouegt, da stinn d’Opraumaarbechten un. De Waasserstand geet zwar erof, an awer heescht et virsiichteg ze bleiwen.

Naturkatastroph
© SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Zu gudder Lescht koum säitens der Inneministesch nach d’Prezisioun, datt d’Regierung de Gemengen natierlech Subside wäert auszebezuelen, fir bei Schiet déi un den Infrastrukturen an de Gemengegebaier opzekommen. Esou hätt een och bei den Iwwerschwemmungen vun 2016 an dem Tornado reagéiert.

Säitens dem Aarbechtsminister sollt si ausriichten, datt 40 sozial Initiativen opgefuerdert goufen, Léisungen fir Gemengen ze sichen. Zousätzlech géif de Regimm vum Chômage Technique Intempéries ugewannt ginn, wouduerch Betriber ab der 17. Stonn, wou hir Leit net méi schaffe kënnen, entschiedegt ginn. D’Aarbechter hunn en Urecht op 80% vum Salaire, de Patron kann awer och méi bezuelen.

Och haut nach si landeswäit d’Pompjeeën, d’Police, d’Arméi an zuelräich weider Acteuren am Asaz. De Paul Schroeder, Direkter vum CGDIS huet ënnerstrach, datt de Corps u seng Limitte komm ass an et gutt war, datt net nach zousätzlech gréisser Asätz an/oder Urgencen opkomm sinn.

Opmaacherbild: © SIP / Jean-Christophe Verhaegen


Kontakter fir finanziell Hëllef ze kréien:

Fir Privatleit

Fir Entreprisen

Beim Chômage Partiel

Fir Baueren

Fir Gemengen

Mail: intemperies@mi.etat.lu

Related topics 112, ausseruerdentlech Sitzung, CGDIS, finanziell Hëllef, Héichwaasser, Iwwerschwemmungen, materielle Schuet, Naturkatastroph, Regierungsrot, Solidaritéit, Taina Bofferding, Xavier Bettel
Next post Previous post