Stëllstand duerch Loftverschmotzung: Nei Delhi versénkt am Smog
An der indesch Haaptstad Nei Delhi huet een elo den
An der indesch Haaptstad Nei Delhi huet een elo den
Dir sidd, bedéngt duerch de Confinement vu Langweil geplot? Mir
No den Iwwerschwemmunge vum 14./15. Juli, déi fir zimleche Schued bei de Leit gefouert hunn, schéngt et schonn ubruecht, sech eppes Gedanken iwwert eng gängeg Praxis ze maachen, déi den Onbeholl vun enger Minoritéit an der sougenannter „grénger Zon“ bis ewell ëmmer entschëllegt huet. Mat hirer parlamentarescher Fro 4726, huet d‘LSAP nawell eppes Stëbs opgewierbelt.
Wann et, wéi dat vum LSAP-Fraktiounspresident Georges Engel an der LSAP-Deputéiert Cécile Hemmen am Virwuert zur Fro notéiert gëtt, zu Lëtzebuerg net „déi Katastroph“ wéi bei eise belschen an däitschen Noperen hat, esou sinn awer och bei eis ee sëllege Residencen deraart schwéier getraff ginn, datt si substantiell renovéiert, voire komplett nei opgeriicht musse ginn.
Eng „gewëssen“ Unzuel vun dëse Residence sinn an der sougenannter „grénger Zon“ geleeën, an entspriechend dem modifizéierte Gesetz vum 18. Juli 2018 – Schutz vun der Natur an den natierleche Ressourcen – dierften dës Logementer net méi opgeriicht/renovéiert ginn, et sief eng nohalteg Verbindung mat enger landwirtschaftlecher Aktivitéit. Ausname sinn hei keng virgesinn.
An dësem Kontext wëlle béid sozialistesch Parlamentarier vun den zoustännege Minister wëssen, wéi vill Logementer a sekundär Residenze betraff sinn. Ob et Campinger huet, déi an der grénger Zon geleeë sinn an och vun dësem Gesetz betraff sinn a wéi vill Haiser oder aner Baulechkeeten aktuell an der grénger Zon geleeë sinn, nodeems de Reklassement am Kontext vun der Reform vum generellen Amenagementsplang (PAG) duerchgesat gouf. A wëssen d‘Leit vun hirer „Situatioun“?
Laut dem genannte Gesetz dierfen déi existent Residencen an der grénger Zon, nëmme mat enger Autorisatioun vun der Ëmweltministesch renovéiert oder transforméiert ginn. Vun dëser wëll een hei wëssen, ob déi vun der Naturkatastroph betraffe Bierger, op esou eng Autorisatioun hoffen dierfen oder, d‘Gesetz mat senger ganzer Häert muss ugewannt ginn. An domadder net genuch…
Och d‘Reparaturen/Renovatioune vun den Infrastrukturen (Transport, Telefon- an Internetleitungen, Waasser, Gas an Elektresch) an der grénger Zon bedierfen der Autorisatioun vun der Ministesch. Esou zumindest wëll et d‘Gesetz, firwat dann d‘Ministere Bausch (ëffentlech Bauten) an Turmes (Energie), an der parlamentarescher Fro mat berécksiichtegt ginn. Vu dëse wëll d‘LSAP wëssen, ob déi ganz Prozeduren sech negativ op den Zäitraum vun de Reparature kéinten auswierken.
An hirer gemeinsamer Äntwert, hunn d‘Ministere Bausch, Dieschbourg an Turmes (alleguerten déi gréng a Koalitiounspartner NvdR) emol aleedend festgehalen, datt all nei Konstruktioun an der grénger Zon muss sech dem legale Kader ënnerwerfen, esou wéi et an den Artikelen 6 an 8 vum Gesetz festgehalen ass. Interessant hei: déi bestoend Konstruktiounen an der grénger Zon sinn net an engem nationale Repertoire opgefouert, firwat net gewosst ass, wéi vill illegal Bauten et huet.
Wat d‘Rekonstruktioun/Renovatioun vun „illegale“ Bauten – déi just „de Fait“ legal sinn, well se nu emol do stinn – betrëfft, esou muss do vu Fall zu Fall entscheet ginn, dat well den Artikel 7, Paragraf 6 explizit op d‘Dispositioune vum genannte Gesetz verweist. Dat gëllt esouwuel fir déi privat, wei déi ëffentlech Bauten. Net betraff ass alles, wat bannent den Haiser renovéiert gëtt.
Wat elo d‘Informatioun vun de Leit ugeet: „Dat modifizéiert Gesetz vum 19. Juli 2004, betreffend de kommunalen Amenagement an déi urban Entwécklung“, gesäit keng perséinlech Informatioun vir, d‘Leit kënnen sech jo entspriechend dem Artikel 82 vum modifizéierte Kommunalgesetz vum 13. Dezember 1988, selwer bei hirer Gemengeverwaltung iwwert den aktuelle Stand informéieren.
D‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg bestätegt dann och, datt egal op Privat, Gemeng oder Staat, et ëmmer eng Autorisatioun vun hirem Ministère bedierf, fir Aarbechte virzehuelen. Dat begrënnt sech domadder, datt vill Rekonstruktiounen/Renovatiounen net wéi bestane kënnen duerchgefouert ginn, ouni déi direkt Alentoure vun den Infrastrukturen ze impaktéieren.
Heifir brauch et detailléiert technesch Etüden, mee an „exzeptionelle“ Fäll kann déi kompetent Autoritéit d‘Dossieren zu Autorisatioun saiséieren, iert déi gefuerdert Etüden ofgeschloss sinn. Esou hätt déi kompetent Autoritéit genuch Zäit, fir den Dossier zur Autorisatioun ze analyséieren. Et war een dann och scho bei den Iwwerschwemmunge 1. Juni 2018, mat dëser Prozedur ganz gutt gefuer.
Archivfoto: © Martine de Lagardère/moien.lu