Search

You may also like

De Pavillon vun der virtueller Realitéit am Casino Lëtzebuerg
Neiegkeeten

De Pavillon vun der virtueller Realitéit am Casino Lëtzebuerg

Leschten Donneschdeg huet de Premierminister Xavier Bettel (DP), zesumme mam

Doudeger am Container schocken England
Neiegkeeten

Doudeger am Container schocken England

An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch huet

money
Covid19-Selbsttester endlech och bei eis erhältlech (kommentéiert)
Neiegkeeten

Covid19-Selbsttester endlech och bei eis erhältlech (kommentéiert)

Kee Bock sech unzestelle fir getest ze ginn? Mat de

Fir d’Vermëttlung tëscht Mënsch an Natur: Dem Naturpark Öewersauer säin éischte Ranger

Nodeems wärend der Pandemie ëmmer méi Leit Gefalen un der Natur fonnt a vun der Zäit un der frëscher Loft profitéiert hunn, koumen nei Erausfuerderungen op den Naturpark Öewersauer duer. Ëmsou méi houfreg ass d’Ekipp elo säin éischte Ranger, den Tom Schmit dierfe virzestellen. Ab haut agéiert hien als Aen an Oueren op der Plaz a weess am Eeschtfall anzegräifen.

Dëse Summer kann een den Tom Schmit op de Plage vum Stauséi untreffen. Hien informéierten a sensibiliséiert d’Visiteuren a mécht si op en eventuellt Feelverhalen opmierksam. Dëst geet besonnesch dorop zréck, datt et duerch den enormen Undrang u Leit zu Verkéierschaos a Verknaschtung vun der Natur komm ass.

A Saache Waasser, Ëmwelt a Landschaftsschutz weess de Ranger beschtens Bescheed a steet och am Fall vu Froen de Visiteuren zur Verfügung. Seng Aarbecht geet awer nach wäit doriwwer hinaus.

éischte Ranger
© Guy Krier

Den Gardien vun der Natur geet an de 5 Membergemenge vum Naturpark der Aufgab als Uspriechpartner no, suergt fir déi direkt Kommunikatioun, dokumentéiert d’Zuel u Visiteuren, wéi och hiert Verhalen a kann domat a reaalt Bild vun der Situatioun dobaussen ofginn. Dat soll zu konkrete Verbesserungsmoossname beim Management an der Bewirtschaftung féieren.

Zousätzlech si Workshops zur Sensibiliséierung geplangt, wéi beispillsweis zum Thema Drénkwaasser, Gewässer- an Naturschutz. Dëst wier schonn Aarbecht genuch fir eng Persoun. Ma, den Tom Schmit soll bei sengen Tier net nëmmen d’Leit, mee och den Zoustand vun de Wanderweeër, an Elementer wéi Poubellen a Bänken am A behalen.

Seng Ënnerstëtzung kënnt dobäi och der Iwwerwaachung vun den neie Schutzzone vum Uewerstauséi ze Gutts. Am Eeschtfall soll de Ranger och de Rettungsdéngschter zur Säit stoen.

éischte Ranger
© Yannick Stirn

Am Kader vun dëser „Amtsaféierung“ huet de Claude Turmes, Minister fir Energie a Landesplanung et sech net huele gelooss bis laanscht kucken ze kommen an de Gardien perséinlech kennenzeléieren. Heibäi huet hien nach emol betount, datt seng Roll als Uspriechpartner a Vermëttler wichteg fir dat alldeeglecht Zesummeliewen um Stauséi ass. „Bei dëser spannender Aufgab op enger vun de schéinste Plaze vum Land wënschen ech dem Tom Schmit vill Erfolleg!“

Finanziell Ënnerstëtzung erhält des Moossnam vum Departement fir Landesplanung (DATer) vum Ministère fir Energie a Landesplanung.


D’Geleeënheet notze mir fir nach emol drun ze erënneren, datt zënter dem 22. Mee fir all Dag eng Reservatioun benéidegt gëtt, wann ee vun enger vun de Plagen um Stauséi profitéiere wëll. Weider Informatiounen dozou kritt Dir op www.visit-eislek.lu.

Uewe fannt Dir nach eng kleng Billergalerie © Yannick Stirn

Related topics Aen an Oueren, éischte Ranger, Ëmweltschutz, Ënnerstëtzung, Feelverhalen, Naturpark Öewersauer, Offall, Plage, Sensibiliséierung, Tom Schmit, Verkéierschaos, Vermëttler tëscht Mënsch an Natur
Next post Previous post