Search

You may also like

Äerdbiewen an der Ägäis: Mindestens 20 Affer
Neiegkeeten

Äerdbiewen an der Ägäis: Mindestens 20 Affer

No engem Äerdbiewen an der Ägäis, läit den aktuelle Bilan

12 Stonnen den Dag, 60 Stonnen d’Woch
Neiegkeeten

12 Stonnen den Dag, 60 Stonnen d’Woch

Duerch déi dramatesch steigend Unzuel u Covid-Fäll zu Lëtzebuerg an

NATO-Sommet: Et sinn och Entscheedunge geholl ginn
Neiegkeeten

NATO-Sommet: Et sinn och Entscheedunge geholl ginn

Datt dem Donald Trump, a senger rabiater Aart a Weis

Naturpark Safari 2020 – Beobachten, sammelen an deelen

3 Naturparken, 2 Méint an 1.000 Aarten

Naturpark Safari 2020 – Beobachten, sammelen an deelen

D’Grouss Vakanz huet ugefaangen a passend dozou lancéieren déi dräi Naturparke vu Lëtzebuerg, zesumme mam Nationalmuseum fir Naturgeschicht dozou op, déi natierlech Ëmgéigend emol méi genee ënnert d’Lupp ze huelen. Ënnert dem Numm „Naturpark Safari“ kënne Kleng a Grouss mat Passiouns zur Natur a Wëssenschaft eegen Daten sammelen, erstellen an deelen.

Domat kann all Bierger de Wëssenschaftler hëllefen ze verstoen, wéini a wou e Liewewiesen optrëtt Dobäi gëllt et all Observatioun – vum klengsten Insekt bis zum verbreeten Onkraut – ze erfuerschen an e Beitrag zur biologescher Diversitéit ze leeschten.

Mat Hëllef vun der App iNaturalist, engem weltwäite sozialen Online-Netzwierk, dat op Crowdsourcing vu Beobachtungen a Bestëmmungen baséiert, kënnt Dir Är Observatiounen mat Naturwëssenschaftler, Biergerwëssenschaftler a Biologen deele.

Wat Dir dofir maache musst? Beobacht Är Ëmgéigend, maacht Fotoen a luet se op d’Plattform un iNaturalist erop. Méiglech ass dat souwuel iwwert d’Websäit www.inaturalist.org oder iwwert d’App.

Weider Informatiounen zum Projet ginn et ënnert www.naturpark.lu. De Stand vun der Challenge kann een zu all Zäit do ukucken.

Naturpark Safari

Related topics Beobachten, Beobachtung, Déieren, Ëmwelt, Fotoen, iNaturalist, Naturpark Mëllerdall, Naturpark Öewersauer, Naturpark Our, Naturpark Safari 2020, Planzen
Next post Previous post