Search

You may also like

Neit Covid19-Gesetz stéisst op Widderstand
Kultur Neiegkeeten

Neit Covid19-Gesetz stéisst op Widderstand

Nodeems de Premier an d‘Gesondheetsministesch leschte Mëttwoch eppes Lackerunge an

Grouss Maniff an Israel géint e Gesetz dat „Leihmutterschaft“ fir homosexuell Koppele verbitt
Kultur Neiegkeeten

Grouss Maniff an Israel géint e Gesetz dat „Leihmutterschaft“ fir homosexuell Koppele verbitt

Dausenden Israelien hunn e Sonndeg, notamment zu Tel Aviv, géint

dislike
Dës Petitioun wëll de gratis ëffentlechen Transport aféieren a liwwert Iddien, wéi dëst bezuelt ka ginn
Kultur Neiegkeeten

Dës Petitioun wëll de gratis ëffentlechen Transport aféieren a liwwert Iddien, wéi dëst bezuelt ka ginn

Nach bis den 23. Abrëll kann een eng Petitioun ënnerschreiwen,

Naturparkfest 2020 – Fantastesch Aktivitéite fir dobannen an dobaussen

Digital trëfft op real

Naturparkfest 2020 – Fantastesch Aktivitéite fir dobannen an dobaussen

Och an dësem Joer hält den Naturpark Our u sengem beléiften an traditionellen Naturparkfest statt: Vum 27. Juli bis 2. August 2020 fënnt den ofwiesslungsräichen Alternativprogramm ronderëm d’Natur statt. Flott Gewënnspiller, léierräich Treppelweeër fir déi ganz Famill a Bastelspiller fir Doheem erwaarden Iech!

Dobäi gëtt op d’Mëschung aus digitalen a physeschen Aktivitéite gesat, déi Kleng a Grouss ganz einfach ëmsetze kënnen. An dësem Kader fënnt een Deel iwwert d’Facebooksäit vum Naturpark Our an iwwert d’Internetsäit www.naturpark-our.lu statt. Dat passend Puzzlestéck dozou ergëtt sech aus super Familljenausflich eraus an d’Natur.

Digital Aktivitéiten

D’Gewënnspill vum Naturerliefniszentrum Robbesscheier

Am Häerze vum Éislek befënnt sech den Naturerliefniszentrum Robbesscheier, dee scho säit iwwer 30 Joer Familljen an Entreprise mat villsäitegen Aktivitéiten, Teambuilding-Seminaren a méi begeeschtert. Dobäi kënnt d’Méiglechkeet zur Iwwernuechtung an de Restaurant mat senger regionaler Kichen, kulinaresche Lëtzebuerger Klassiker a lokale Produiten.

Schéckt Är schéinst Momentopnam, déi Dir mat der Robbesscheier verbannt bis den 2. August un contest@naturpark.lu. Ënnert alle Participanten ginn dräi Bongen am Gesamtwäert vun 300 € verloust, fir esou dat nächst fantastescht Erliefnis am Zentrum Robbesscheier zu Munzen ze verbréngen. Weider Detailer ginn et op www.naturpark-our.lu.

Naturparkfest 2020

© Caroline Martin

Spiller fir Doheem

Zesumme mat Europe Direct, en Informatiounswierk vun der Europäescher Kommissioun, dat déi ländlech Bevëlkerung iwwert aktuell EU-Themen sensibiliséieren an informéiere wëll, bitt den Naturpark Our eng léierräich Offer a spillerescher Aart a Weis un.

Ënnert anerem liwwert den Naturpark Öewersauer d’Uleedung, fir eng Sonnenauer fir Doheem ze bauen, déi den neien attraktiven Accessoire an Ärem Gaart gëtt. Wärenddem erkläert den Natur- & Geopark Mëllerdall d’Kreeslafwirtschaft fir Kanner a bitt e klengen Online-Quiz un, bei deem souguer e praktescht Cradle to Cradle zertifiéiert Produkt verspillt gëtt.

De Begrëff Cradle to Cradle beschreift dobäi e Produit, deen um Enn vu sengem Liewenszyklus entweder als biologeschen Närstoff an de biologesche Kreeslaf zeréckgefouert ka ginn oder och kontinuéierlech am technesche Kreeslaf behale gëtt, fir dann en neie Produit hierzestellen, ouni datt Material verluer geet oder Offall produzéiert gëtt.

Wat wier een Naturparkfest ouni Aktivitéiten dobaussen?

Wann ee fir d’Naturparkfest 2020 och net vill Leit op engem groussen Evenement zesummebrénge kann, esou kann ee Kleng a Grouss awer virun d’Dier schécken, fir esou op eege Fauscht d’Natur ze erliewen.

Naturparkfest 2020

© Liz Hacken

E pedagogesche Léierpad fir Famillen

Vum 27. Juli bis de 16. August erwaart Iech am Parc Housen ee kannerfrëndlechen Erliefnispad am Bësch. Hannert dem Numm „Mam Robi duerch de Bësch“ verstoppt sech e Wee vun 3 Kilometer, 9 permanent Erliefnis-Statiounen an 8 fächeriwwergräifend Léierstatioune fir Kanner tëscht 6 an 9 Joer.

Start ass beim Centre Écologique am Parc Housen. Un der leschter Statioun kritt Dir d’Méiglechkeet iwwert den Online-Formular eng perséinlech Bewäertung a Kritik ofzeginn. Esou hëlleft Dir dobäi, datt d’Konzept ëmmer erëm iwwerschafft a verbessert ka ginn.

Naturparkfest 2020

© Liz Hacken

D’Ourdall Promenade

Tëscht Veianen a Stolzebuerg sinn op enger Streck vun 8,5 Kilometer 10 Themenstatiounen ageriicht ginn. Heibäi kritt een aussergewéinlech schéin Aussiichte gebueden. Spannend Réckblécker an d’Vergaangenheet an déi entspanend Wierkung vum Waasser stinn ënnerwee um Programm.

Naturparkfest 2020

© Claude Tonino

Dat lokaalt Netz u Wanderweeër, a Kombinatioun mat den Nat’Our-Routen 4 a 5 wäiten d’Ourdall Promenade op ee Rondwee vun 11 Kilometer aus. D’Startpunkte sinn zu Stolzebuerg, Biwels a Veianen.

Related topics Aktivitéiten, Erliefnispad, Familljefest, Gewënnspill, Kanner, Natur- a Geopark Mëllerdall, Naturpark Öewersauer, Naturpark Our, Naturparkfest 2020, Ourdall Promenade, Park Housen, Robbesscheier
Next post Previous post