Search

You may also like

Tango High School Cup: Et ass DAT eSport-Event fir Schüler
Neiegkeeten

Tango High School Cup: Et ass DAT eSport-Event fir Schüler

D’Beräicher vum Gaming an eSports erfreeë sech ëmmer gréisserer Beléiftheet.

Eng Formalitéit ouni Folgen
Neiegkeeten

Eng Formalitéit ouni Folgen

Enn 2019 hate d‘Representantenhaus an de Senat, de Genozid un

Google ka kommen, de Gemengerot vu Biissen huet gréng Luucht ginn
Neiegkeeten

Google ka kommen, de Gemengerot vu Biissen huet gréng Luucht ginn

Bei der Sëtzung vum Biisser Gemengerot vu gëschter, war de

Naturparkschoul: D’Regioun an d’Liewensraim spilleresch entdecken

Naturparkschoul: D’Regioun an d’Liewensraim spilleresch entdecken

Am Kader vum Internationalen Dag vun der Bildung, deen d’Vereenten Natiounen op den 24. Januar geluecht hunn, maachen déi dräi Lëtzebuerger Naturparken (Naturpark Öewersauer, Naturpark Our, Natur- a Geopark Mëllerdall) op hir sougenannt Naturparkschoul opmierksam. Hei gëtt net nëmmen d’Léierpersonal an der Ausschaffung vu spannende Konzepter ronderëm d’Diversitéit vun der Regioun begleet, mee och d’Schüler kënnen sech hautno mat der Géigend a senge Liewensraim ausernee setzen.

Dass eis dräi Naturparke richteg vill ze bidden hunn, en immensen natierleche Räichtum bidden an zum kulturelle Patrimoine bäidroen, misst mëttlerweil och iwwert d’Grenzen hinaus bekannt sinn. Ma, wou et eppes ze kucken an ze erliewe gëtt, do kann een natierlech och eppes bäiléieren. An esou verfollegen eis Naturparken duerchaus e Bildungsoptrag.

Naturparkschoul© Michel Schammel

Vun Offere fir Schoulen an aner Bildungsariichtungen, bis hin zu Formatioune fir Erwuessener a Fräizäitaktivitéite fir Kanner, ass de Programm gutt gefëllt. An Zesummenaarbecht mat der Naturverwaltung (Bëschentdeckungszentrum Burfelt), dem Naturparl Öewersauer an de Schoulen aus der Regioun ass 2012 déi sougenannt Naturparkschoul gegrënnt ginn.

Nodeems dës Initiative an de LEADER Projet „Naturparkschoul – héich 3“ iwwergaangen ass, an déi dräi Naturparken abezu goufen, huet ee sech der Bildung komplett higinn. Virun allem geet et dorëm, eng national Strategie zur Bildung fir nohalteg Entwécklung an „Sustainable Deveolpment Goals“ ze erreechen.

Zil ass et dauerhaft Kooperatiounen tëscht den Naturparken an de Schoulen aus der Regioun ze fërderen. D’Léierpersonal, dat gewollt ass deelzehuelen, gëtt bei der Ausschaffung an der Duerchféierung vu Konzepter ronderëm Naturpark-Theme begleet, ënnerstëtzt a beroden. Dobäi gëtt spezifescht pedagogescht Material ausgeschafft, sou datt de Schüler och interessant Dokumenter zur Verfügung gestalt kënne ginn.

A well et sech besser léiert, wann een zum jeeweilegen Thema dobaussen en Erliefnis gebuede kritt, ginn och individuell ugepasst pedagogesch Aktivitéite geplangt, bei deenen d’Infrastruktur aus der Regioun abezu gëtt. Domat ass et awer nach ëmmer net gedoen: Um nationalen a schoulinternen Niveau gëtt d’Léierpersonal forméiert a kritt soumat déi noutwenneg Kenntnisser zu de verschiddensten Theme ronderëm den Ëmwelt-, Natur- a Landschaftsschutz, sou wéi d’Kultur, d’Landwirtschaft an d’Entwécklung vun der Regioun.

Cours dobaussen? Ma, dat kléngt dach fantastesch!

Opmaacherbild: © Caroline Martin

Related topics Bildung, Ëmwelt, Ënnerstëtzung, Erliewnis, Landschaft, Léierpersonal, Natur- a Geopark Mëllerdall, Naturpark Öewersauer, Naturpark Our, Naturparkschoulen, Schoul
Next post Previous post