Naturschutz a Wirtschaft reechen sech d‘Hand

Bei de Bäcker Jos a Jean-Marie gëtt d‘Brout mat de Käre vum Séi gebak

Wann e wuel richteg ass, datt mir eis méi mat traurege Faite beschäftegen, esou ass et eis dës kéier eng Freed iwwert eppes wierklech Erfreeleches ze beriichten. Als grouss an engagéiert Supporter vun eisen Naturparken, schléit eist Häerz natierlech och fir d‘Produkter „vum Séi“.

An d‘Palett vun de Produiten, déi sech de Label „vum Séi“ dierfen op d‘Verpakung neele gëtt stënterlech méi grouss. An déi Produiten – jo et sinn der Véier déi sech gläichen an awer net dat selwecht sinn – wieren net entstanen, wann et keng behäerzt Mënschen hätt, déi sech engagéiere statt sech ze bekloen. Elo mussen sech dës Produkter vun héijer Qualitéit nach duerchsetzen.

Ganz nei ass de Projet „Käre vum Séi“ net, an et dierf drun erënnert ginn, datt et nach bis kierzlech déi bekannte Spelz-Genossenschaft hat. Fir Brout ze baken, also dees richteg gudden, wou engem duerno gelëscht de Botter vum Bio-Bauer mindestens ee Fanger déck opzedroen… brauch et gutt Miel. Dees aus Weess, aus Kar a selbstverständlech dem Spelz. Kléngt net no „Industrie“ oder?

A wëll et sech dann am Endeffekt och net ëm industriellen Allerlee handelt, kënne vill „modern“ Bäckereie wéineg mat dësem eppes méi aarbechtsintensive Miel ufänken. Datt sech da mat de Verantwortleche vun der Bäckerei Jos & Jean-Marie – Gebäck vum Séi (Mäerzeg) zesummegedoe gouf, huet och eppes mam Engagement vun dëser Entreprise a senge Mataarbechter ze dinn.

Jo all véier Produiten (uewen am Bild), vun der „Tourte du President“ iwwert „Eist Stauséi-Brout“ an déi onëmgänglech „Spelzkëscht“ bis hin zu den (ech friesse mech elo einfach derduerch) Séi-Bréidercher, sinn 100% regional an net nëmme mat dat Bescht wat iech jee wäert virgesat ginn, et ass tatsächlech ee gesond Liewensmëttel. Keng Zousätz, kee Gespills a kee Gefuddels, alles echt.

Wa jidderee weess wat seng Aufgab ass

An do wou et da ganz verréckt gëtt: déi 19 Landwirtschaftlech Betriber vun der Käregenossenschaft „Käre vum Séi“ – si befannen sech alleguerte bannent de Membergemenge vum Naturpark Uewersauer an dem Waasserschutzgebitt vum Uewerstauséi; déi mussen sech hei un een zolidd Laaschtenheft halen an hu gefillt ëmmer een, deen hinne bei der Schaff iwwer d‘Schëller kuckt.

Käre vum Séi
Fir de Jean-Marie Neuberg, déi eng ganz Rei Filiale bedreift, ass et en Challenge. Well et ass net domadder gedoen ee Produkt vun héchster Qualitéit hierzestellen, d‘Leit mussen et och wëlle schmaachen. Ass dëse Punkt iwwerwonnen, sollt d‘Demande séier klammen, dat Brout ass wierklech en Dram… © Martine de Lagardère / moien.lu

Dat muss esou sinn, wëll wann dat Brout hale soll wat mir hei verspriechen, da musse gewësse Reegelen agehale ginn. Et geet jo net ëm dat lecker Brout eleng, mee besonnesch ëm Natur- a Waasserschutz, Wirtschaftlechkeet an eng secteuriwwergräifend Kooperatioun. D‘Bauere kréien dann och ee wierklech reelle Präis fir hir Kären, an zwar vun der Bäckerei. Muss dat sinn?

Fir d‘Bridder Jos a Jean-Marie Neuberg, déi scho länger eng gutt Bezéiung mam Naturpark hunn an esou och gutt Bescheed wëssen, wat sech esou an der Landwirtschaft deet, ass et sécher e Risiko. Et weess ee jo net, ob sech muer d‘Leit gesond oder weiderhi mat de bëllegen Industrieproduiten wëllen ernieren. Dobäi ass et net emol méi deier, jo ee puer Cent sinn et schonn, esou ass et net.

Käre vum Séi
De Charel Pauly, President vum Naturpark Uewersauer, war nach emol op d‘Geschicht vum Projet „Käre vum Séi agaangen“ an ass esouwuel op déi gutt Relatioun mam Wirtschaftspartner agaange wéi hien och alle Partner, ouni déi esou eppes net ze maachen ass, mat engem éierlech gemengte Merci géinteniwwer getrueden ass. © Martine de Lagardère / moien.lu

Anersäits, de Konsument wëll dach ëmmer de Maximum fir säi Geld. Hei gëtt et ausserdeem och nach eppes wouriwwer ee mat anere schwätze kann. Wéi gesot, dat Brout ass… mee gutt hu mir scho geschriwwen. Jiddefalls ass esou gutt, datt muss een einfach dem Brudder, dem Kolleeg op der Schaff an dem Handy-Jäizert am Zuch erzielen. Dir gleeft dat net? Dann hutt dir nach net probéiert.

A jo et ass och Richteg, datt de President Charel Pauly bei der Presentatioun op d‘Hannergrënn agaangen ass, a jo et ass iwwert d‘Laaschtenheft fir d‘Landwirt, déi vill Kontrollen a stänneg Berodungen, och déi Landwirtschaftlech Kooperatioun Uewersauer (LAKU)… keen ass hei vergiess ginn. Mee d‘Brout, dat gutt Brout, et léisst een einfach net zu Wuert kommen…

Dernières nouvelles