Search

You may also like

Grönland-Deal geplatzt, wéi wier et mat engem Stéck Belsch?
International Neiegkeeten

Grönland-Deal geplatzt, wéi wier et mat engem Stéck Belsch?

Fir déi eng ass et Humor, fir déi aner en

Den Donald Trump als „demokratescht Virbild“ fir Hong Kong Chinesen? (Kommentar)
International Neiegkeeten

Den Donald Trump als „demokratescht Virbild“ fir Hong Kong Chinesen? (Kommentar)

Et gëtt villes dat sech den Ament op der Welt

Wéi eng Zukunft fir d‘Nuklearofkommes mam Iran?
International Neiegkeeten

Wéi eng Zukunft fir d‘Nuklearofkommes mam Iran?

All d‘Länner déi nieft den USA mam Iran en Accord

Griicheschen Nazi Christos Pappas festgeholl

D‘Flucht vum Vizepresident vun der neofaschistescher Partei „Chrysi Avgi“ huet en Enn fonnt

Griicheschen Nazi Christos Pappas festgeholl

Nodeems am Oktober 2020 d‘Partei „Chrysi Avgi“ (Gëllene Sonnenopgank) scho vun de Riichter als „kriminell Organisatioun“ agestuuft gouf, den EU-Deputéierten Ioannis Lagos zu Bréissel vun Interpol „iwwerholl“ gouf, war et dann elo un der Nummer zwee vun der Partei. Opgegraff gouf de bronge Gesell am Athener Bezierk Zografou. Den 59 järege soll vun enger Fra verstoppt gi sinn.

De Christos Pappas war am Oktober 2020, zesumme mat senge Gesellen zu enger laanger Haftstrof verdonnert ginn, an huet et virgezunn sech ze verkrauchen. Elo hunn d‘Zankerten de griicheschen Nazi an enger Wunneng zu Athen opgegraff. Säi „Führer“ Nikolaos Michaloliakos an déi fënnef ex-Deputéiert dierften sech freeën eppes Gesellschaft ze kréien. Si waren direkt hanner Gitter komm.

Erënnere mir awer kuerz drun, datt „Chrysi Avgi“ (Gëllene Sonnenopgank) dank der organiséierter Wirtschaftskris 2012, konnt an dat griichescht Parlament anzéien, wou si hir Antimigratiounspolitik a Friemenhaass an d‘Mëtt vun der Gesellschaft brénge konnten. Interessanterweis, sinn awer och a Griicheland nach vill Leit iwwerzeegt, dat si eng fir d‘Land gutt Politik gemaach hunn.

Zur Persoun: de Christos Pappas war Miwwelhändler, an de Faschismus gouf him quasi an d‘Wéi geluecht. Säi Papp, sengerzäit Generol hat – wéi et sech fir an anstännegen Zaldot gehéiert – dem Diktator Georgios Papadopoulos (1967) gehollef sech ze installéieren. Aus senger Léift fir de Benito Mussolini huet d‘Nummer zwee ni en Heel gemaach. Och hie huet seng Fangemeinschaft.

mat indymedia/ath

Illustratioun: Den eenzeg akzeptabele gëllene Sonnenopgank © Xavier Coiffic / unsplash

Related topics Christos Pappas, Chrysi Avgi, Faschismus, Gëllene Sonnenopgank, Griicheland
Next post Previous post