Search

You may also like

Viren als Waff asetzen
Neiegkeeten

Viren als Waff asetzen

Den UN-Sécherheetsrot huet sech eng geheim Sëtzung vergënnt, an dat

What the Fakt – den Internationalen Dag vun de Kannerbicher
Neiegkeeten

What the Fakt – den Internationalen Dag vun de Kannerbicher

Ob de Reeboufësch, de Struwwelpéiter oder d’Geschichte vum Pippi Langstrumpf

Verzweiwels du un eisem Lëtzebuergesch-Test?
Neiegkeeten

Verzweiwels du un eisem Lëtzebuergesch-Test?

[onionbuzz quiz-id=153][/onionbuzz] Och am Lëtzebuergesche gëllt dat, wat op ville

Nee zum Krich iwwerall op der Welt, Nee zu alle Rüstungsustrengungen!

Nee zum Krich iwwerall op der Welt, Nee zu alle Rüstungsustrengungen!

Kricher ginn et der aktuell vill ze vill, an awer gëtt weider gestëppelt. D’NATO schwätzt souguer vum Krich am Weltall an aus dem Weltall. Ëmsou méi wichteg gëtt et, géint dëst aggressiivt Militärbündnis mobil ze maachen, et aus Lëtzebuerg auszelueden (am Krichsfall gëtt de Findel zum Militärfluchhafen an domat och zu engem Ugrëffszil, grad sou wéi d’Reparaturanlagen zu Capellen) an eis Regierung opzefuerderen, aus der NATO auszetrieden.

Déi vill Ressourcen, déi fir d’Militär verbëtzt ginn, brénge wuel Extraprofitter fir d’Rüstungsindustrie, feelen awer, fir alle Mënschen op der Welt e Liewen a Würd an ouni Nout ze erméiglechen. Et gëllt also weider Kricher ze verhënneren a mat der Oprüstung opzehalen. Et gëllt, d’Militärbudgeten ze kierzen statt se ze erhéijen – am Interessi vun eis aller Liewensqualitéit.

Büchel zoumaachen!

Nëmmen 100 km Loftlinn vu Lëtzebuerg ewech läit d’Fluchbasis Büchel. D’USA hunn ugekënnegt, déi do gelagert Atombommen zum Schluss vun hirer Verwendbarkeet also solch net einfach ze entsuergen, mee se duerch méi moderner ze ersetzen. Dat ass en handfeste Skandal, dat gëllt et ze verhënneren!

Mat dësem Zil ginn et lafend Protester vun der Friddensbeweegung op der Plaz. E Samschdeg, den 13. Juli bedeelege sech, wéi déi Jore virdrun och, d’KPL zesumme mat der DKP, PTB an NCPN. Fir d’Faart bei der gemeinsamer Manifestatioun virum Fliegerhorst Büchel kann ee sech ënnert kpl@zlv.lu. Oder iwwer Telefon ënnert der Nummer 44 60 66 21 oder 691 945 712. Den Depart ass am spéide Virmëtteg, Plaz an déi exakt Auerzäit ginn telefonesch matgedeelt.

Wisefest de 6. a 7. Juli

Beim jäerleche Wisefest am Park Backes zu Suessem (rue de Niederkorn) hutt Dir d’Geleeënheet, e Samschdeg, de 6. Juli ab 15 Auer an e Sonndeg, de 7. Juli ab 10 Auer bei festlecher Atmosphär déi Mënsche kennenzeléieren, déi d’KPL bilden, an déijéineg, déi hannert der “Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek” – déi vun Dënschdeg bis Samschdeg all Dag erschéngt – stinn. Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt, dozou gëtt et och nach e Kulturprogramm:

Samschdeg, de 6. Juli

  • 17 Auer: Postmusek
  • 19.30 Auer: Heavy Petrol (Rock- & Blues-Band)

Sonndeg, de 7. Juli

  • 10.30 Auer: Escher Biergaarbechtermusek
  • 14.30 Auer: Danzgrupp “Zavicajni Klub Bihor Montenegro-Luxembourg”
  • 17.30 Auer: Gehaansbléiser Diddeleng

“Kuba mat eegenen Aen”
Um 15.45 Auer bericht ënnert dësem Titel d’KPL-Delegatioun, déi am Fréijoer Kuba besicht huet, iwwert hir Andréck an Erliefnesser – entgéintgesat de Ligen, Hallefwourechten a Gerüchter, déi villsäits verbreet ginn.

Mëttegiessen op Virbestellung
E Sonndeg gëtt et nieft all deem anere gudde Kascht e Menü fir 19 € ugebueden (“Jambon chaud du terroir, petits pois et jeunes carottes, pommes de terre rôties”). Umeldung ënnert der Nummer 44 60 66 29.

Versammlung am Casino Syndical zu Bouneweg

D’Sektioun Zentrum vun der KPL luet häerzlech zu enger oppener Memberversammlung um 1. Stack vum Casino Syndical zu Bouneweg an (63, rue de Bonnevoie, vis-à-vis vun der Garer Passerelle).

E Méindeg, de 15. Juli um 19.30 Auer geet et ëm d’Thema “An elo wat maachen?”. D’Wahlen zum Parlament fir déi sougenannt Europäesch Unioun hu kee Problem vum aktuell real existéierende Kapitalismus geléist. E muss awer eliminéiert ginn, éiert en d’Liewensgrondlagen op dësem Planéit zerstéiert huet. Fanne mer also gemeinsam de Wee, wou mer ufänken. Den Entrée ass fräi, bréngt Frënn a Bekannter mat!

Kontakt KPL Sektioun Zentrum: pensionssicherung@yahoo.de / 691 945 712

matgedeelt vun der KPL, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Melvin Hatto.

Opmaacherfoto: © KPL

Related topics Büchel, KPL, KPL Sektioun Stad, Wisefest
Next post Previous post