Search

You may also like

Go By Brooks sinn zeréck mat der Single „Lost“
International Neiegkeeten

Go By Brooks sinn zeréck mat der Single „Lost“

No der Verëffentlechung vum Album Anoher Flame am Dezember 2018

Stater Braderie: Vill Leit, vill gutt Geschäfter an e bëssi Politik
International Neiegkeeten

Stater Braderie: Vill Leit, vill gutt Geschäfter an e bëssi Politik

De „Fouerméindeg“ op deem an der Stad Lëtzebuerg déi traditionell

D‘ASTI militéiert fir en Zesummeliewen an d‘Integratioun
International Neiegkeeten

D‘ASTI militéiert fir en Zesummeliewen an d‘Integratioun

Lëtzebuerg ass multikulturell a säi Räichtum huet et virun allem

„The boy is back in town“ – US-President nees am Wäissen Haus

„The boy is back in town“ – US-President nees am Wäissen Haus

No dräi Nuechten am Walter Rees Militärspidol zu Bethesda, ass den Donald Trump nees an den eegene véier Wänn. „Ech fille mech gutt“, esou den US-President via Twitter. Seng medezinesch Ekipp weist allerdéngs drop hin, dat de 74 järegen nach net aus dem Schneider ass.

Wäissen

Et war eng klassesch Trump-Show: nodeems den Donald dräi Deeg wéinst „Symptomer“ an engem Militärspidol observéiert ginn ass – wou hien ënnert anerem mat Steroiden (Dexamethasone) soll behandelt gi sinn – huet hie säi Retour an den Zentrum vun der Muecht nees gekonnt inzenéiert. En huet d‘Trapp zum Balcon op der Südsäit vu senger Residenz benotzt, an wéi hien uewen ukomm ass huet hien demonstrativ seng Gesiichtsmask ausgedoen an dem Pilot vu Marine One salutéiert, wéi dësen sech nees aus dem Stëbs gemaach huet.

Well den Donald Trump – zumindest offiziell – nach Ustiechend misst sinn, sollt hie seng Mask um Gesiicht behalen, fir keen a sengem Ëmfeld mam Covid19 ze infizéieren. Op de Biller vu gëschter Owend war net ze erkennen, datt hien d‘Mask nees ugedoen hätt, wéi hien d‘Wäisst Haus nees a Beschlag geholl huet. Et wier dann och schonn net vu Muttwëll, bezunn op de Fait, datt sech bis elo 28 Leit aus sengem direkten Ëmfeld mam Virus ugestach hunn. D‘Spriecherin Kayleigh McEnany huet gëschter via Twitter gemellt positiv ze sinn.

Wäissen

Den Donald Trump soll elo am Wäissen Haus weider behandelt ginn. Säin attitréierten Dokter, Sean Conley huet confirméiert, datt den US-President do ronderëm d‘Auer éischtklasseg versuergt ass. Et gëtt jo och ee medezineschen Trakt am Wäissen Haus, wat awer nees d‘Fro opwerft, firwat – wa jo alles op der Plaz do ass wat gebraucht gëtt, firwat hien an d‘Militärspidol iwwerstallt gouf, wann da wierklech alles guer net esou wëll ass. Mee gutt, dësen amerikanesche President suergt ëmmer nees fir Iwwerraschunge mat sengem drolege Beholl.

Wäissen

Mee datt et dem US-President nees muss „besser“ goen, konnt ee gëschter ganz gutt u den Twitter-Aktivitéiten ofliesen. Sécher, et ware ganz kuerz Messagen déi vill Groussbuschstawen enthalen hunn an bezunn op seng „Behandlung“ mat Steroiden, ass net auszeschléissen, datt de Milliardär eppes nieft sech gestanen ass, fir et emol frëndlech auszedrécken. 18 Tweets an enger Stonn, déi elo inhaltlech „ausdrocksvoll“ sinn, sinn en Hiwäis. Stellt also och hei nees d‘Fro: Alles Show? Fir eng Äntwert wäert ee mussen eppes gedold hunn…

Hien huet sech dann och nees mëttels Videomessage un d‘Land gewannt, wou hien den Amerikaner erkläert, datt hien elo vill iwwer de Coronavirus geléiert hätt. Et géif himm ganz goen an d‘Leit sollte keng Angscht virum Covid19 an sech hiert Liewen nees zeréckhuelen. Datt hie säi Retour ganz no „Hollywood-Manéier“ inzenéiert huet – jo och dozou gëtt et ee Video – weist eis elo awer och, datt hien nees voll am Wahlkampfmodus ass. Hie wäert seng Quarantaine am Wäissen Haus mussen duerchzéien, well offiziell ass hie krank.

Wäissen

mat indymedia/was

Illustratioun: Elo wou den Donald Trump nees um Wee zu aler Form ass, huet dat Wäisst Haus och eng butzeg Iwwerraschung parat: eng 100$ Mënz „Trump defeats COVID“, déi sech seng Fans elo am „White House Gift Shop“ bestelle kënnen. An nee mat esou eppes mécht den Hausmeeschter Anthony Giannini keng Witzer. Et ass déi lescht Mënz aus der Serie vum Milliardär senger éischter Mandatsperiod. Gordon Johnson / Pixabay

Related topics Bethesda, Covid19-Positiv, Dexamathasone, Donald Trump, Gedenkmënz, Militärspidol, Steroiden, Wäisst Haus
Next post Previous post