Search

You may also like

Europäesch Mobilitéitswoch 2020 – D’Stad Lëtzebuerg presentéiert säi Programm
Neiegkeeten

Europäesch Mobilitéitswoch 2020 – D’Stad Lëtzebuerg presentéiert säi Programm

D’Europäescher Mobilitéitswoch, déi dëst Joer vum 16. bis den 22.

Esch an Europa eng Sensibiliséierungscampagne fir d’Europawahlen 2019
Neiegkeeten

Esch an Europa eng Sensibiliséierungscampagne fir d’Europawahlen 2019

Am Kader vun den desjähregen Europawahlen huet d’Stad Esch, a

S.A.R. d’Groussherzogin an de Minister Meisch am CDA
Neiegkeeten

S.A.R. d’Groussherzogin an de Minister Meisch am CDA

En Donneschdeg hu S.A.R. d’Groussherzogin Maria Teresa an den Educatiounsminister

Et waren nees Brigangen ënnerwee

Et waren nees Brigangen ënnerwee

E Bléck op déi jéngst Berichter vun eiser Police, a scho kann engem nees Dronke virun den Ae ginn. Et sinn nees Verbriecher ënnerwee. Gutt datt eis Dammen an Häre vun der Police hir Aarbecht gutt maachen an deels erfollegräich virginn. Heiansdo sinn se awer och op d‘Hëllef vun de Bierger ugewisen.

De 7. Juni gouf den Déifstall vun engem schwaarze Range-Rover mam Nummereschëld FL4574 gemellt. Dëst Gefier ass mat engem sougenannte „Keyless“ System ausstafféiert a gouf um Sonndeg géint 14.30 Auer op enger Parkplaz an der Victor Prost Strooss ofgestallt. D‘Police biet an dësem Fall ëm Hëllef. Wien eppes zu dësem Gefier soe kann oder méiglecherweis Hiweiser op eventuell Täter huet, dee soll sech wann ech gelift mam Kommissariat „Museldall“ ënnert dem Telefon 244 701 000 oder per Email un police.museldall@police.etat.lu a Verbindung setzen.

An der Mëttegstonn e Sonndeg, huet ee Mann seng elektresch Mobylette op der Garer Plaz an der Stad ofgestallt, fir am nogeleeëne Supermarché anzekafen. Beim Verloosse vum Geschäft, huet dëse gesinn, wéi e jonke Borscht sech mat sengem Gefier „beschäftegt“ huet. Dee wollt mat enger Eisestaang d‘Schlass opbriechen a war nawell deraart erféiert op seng Dot ugeschwat ze ginn, datt hie ganz opgereegt fortgelaf ass. D‘Police konnt de Brigang awer an der Stroossbuerger-Strooss unhalen. De Mann hat eppes Drogen an och Geschir zur Verwennung vun dësen Drogen derbäi an huet missen op de Büro. De Procureur huet et gutt gemengt: de Mann gouf protokolléiert, Drogen d‘Geschir an d‘Eisestaang hunn d‘Beamte confisquéiert.

Vill Abréch an der Nuecht zum Méinden

1) Zu Schengen, Killeboesch ass géint 23.30 Auer eng Persoun iwwer d‘Terrassendier an een Eefamilljenhaus agebrach. Méi wéi de Portmonni war awer fir den Déif hei net ze huelen.

2) Zu Lëtzebuerg-Hollerech huet e Brigang Owes tëscht 18.35 an 18.45 Auer an der Semois-Strooss versicht an en Haus anzebriechen. Pech fir den Déif, d‘Leit waren doheem, an hunn et matkritt. Den Täter huet eng Säitendier opgebrach déi him Zougank zum Gaart ginn huet. Eng Dier weider ass den Täter op Gaardegeschir getraff. Nach ëmmer hat hie keng Entrée fonnt, firwat och dësen et mat der Terrassendier um 1. Stack versicht huet iert en d‘Flucht huet missen ergräifen.

De Mann gëtt wéi follegt beschriwwen: jonke Mann, Typ Nordafrikaner; mëttelgrouss a schlank. Hie war zum Zäitpunkt vun der Dot mat enger bloer Jeans, engem schwaarze Gilet, engem bronge Pullover an enger schwaarzer Kap bekleet. Persounen deenen esou ee Personnage zum genannten Zäitraum (Sonndeg tëscht 18 a 19.30 Auer) an der Géigend gesinn hunn, oder soss Hiweiser hunn, déi der Police hëllefe kënnen de Mann ze fannen, si gebueden sech mat der Police Lëtzebuerg a Verbindung ze setzen.

3) Um Prënzereng zu Esch-Uelzecht an zu Lëtzebuerg an der Bouneweger Strooss, ass an der Nuecht an zwee Geschäfter agebrach ginn. Zum Schued, gëtt et keng Informatiounen. Och hei wier d‘Police frou, falls engem eppes Verdächteges opgefall ass, wann si dozou kéinten Informatiounen erhalen.

4) Nach ëmmer um Weekend: an der Chicago-Strooss zou Bouneweg ass an eng Crèche agebrach ginn. Zu Gaasperech ass an der Charles Darwin Strooss a Container agebrach ginn. Idem op engem Feldwee tëscht Kockelscheier a Beetebuerg, der Lëtzebuerger Strooss zu Diddeleng, der Kiem Strooss zu Lëtzebuerg-Neiduerf an der Bitburger Strooss zu Hamm. Nieft Baumaterial a Maschinnen hunn d‘Brigangen och perséinlech Géigestänn vun den Aarbechter matgoe gelooss.

Illustratioun: © Enzo B / unsplash

Related topics Abriecher, Brigangen, Police
Next post Previous post