Search

You may also like

money
Vu Liquidatiounen a Faillitten
International Neiegkeeten

Vu Liquidatiounen a Faillitten

Datt d‘Covid19-Pandemie en zolitten Impakt op d‘Wirtschaft géif hunn, dat

Onerwënscht slowenesch EU-Presidence
International Neiegkeeten

Onerwënscht slowenesch EU-Presidence

Haut soll de Premierminister Janez Jansa am EU-Parlament säi Programm

E Plang fir d’Liewensqualitéit
International Neiegkeeten

E Plang fir d’Liewensqualitéit

Lëtzebuerg huet ronn 82% vu senger Fiichtgebidder zanter 1960 verluer.

Nees Rakéiten iwwer Korea

Etat-Major vu südkoreanescher Arméi mellt nordkoreanesche Waffentest

Nees Rakéiten iwwer Korea

Virun enger Woch hat Südkorea schonn den Ofschoss vun zwou nordkoreanesche Rakéite gemellt. Et war net kloer ob et sech heibäi ëm en Test gehandelt huet. Haut hunn d‘Nordkoreaner op en Neits zwou Rakéiten an de Himmel gejot…

Laut der Ausso vun engem héijen Offizéier vum südkoreaneschen Etat-Major, wieren d‘Rakéiten eng 250 Kilometerwäit geflunn, iert se dann an d‘Mier gefall sinn. Si hätten heibäi eng Héicht vun 30.000 Meter erreecht. Et wier dat d‘Suite vun den Tester déi d‘lescht Woch vu Pyongyang ageleet goufen. Et heescht„d‘Tester“ wieren d‘Äntwert op d‘Militärmanöver vu Südkorea mat den USA…

International war den Ofschoss vun zwou ballistesche Rakéite schaarf kritiséiert ginn. Washington huet Pyongyang opgefuerdert déi Provokatiounen op der Säit ze loossen an sech am Atomsträit op d‘Diplomatie ze stäipen. Den US-President ass der Usiicht, datt dës Versich keng Warnung vu Nordkorea un d‘USA sinn, mee Bestanddeel vum éiwege Konflikt tëscht Süd- an Nordkorea.

RakéitenEigentlech ass et Pyongyang mëttels UN-Resolutioune verbuede ballistesch Rakéiten – egal a wéi enger Ausféierung – ze testen. Beim Treffen tëscht dem Milliardär an dem „béise Jong“ Enn Juni, war ee sech eens ginn, d‘Verhandlungen iwwert déi atomar Ofrëschtung vun Nordkorea nees opzehuelen. De Kim Jong-Un an den Donald Trump haten sech op der Demarkatiounslinn getraff.

Bei de Rakéiten déi hei getest ginn, soll et sech ëm sougenannt „Buedem-Buedem“ Geschosser handelen. Laut den Experte kéinten déi Sprengkäpp fir de „Konventionellen“, „Chemeschen“, „Biologeschen“ wéi och „Atomaren“ Krich agesat ginn. Woubäi dat eigentlech fir all Rakéite gëllt, egal wéi ee Land se entwéckelt an asetzt. Reaktiounen aus dem Ausland gëtt et zur Stonn keng.

Eng (zimlech) komplett Iwwersiicht vum nordkoreanesche Rakéiteprogramm bitt d‘Internetsäit „Missile Defence Advocacy Alliance“. Dat ass eng US-Agence mat Sëtz a Virginia.

mat indymedia/sel

Foto: De Rakéitesystem „Hwasong-5“ vun de Nordkoreaner, bei der Parad zu Nationalfeierdag am Joer 2013 © StefanKrasivski/CC

Related topics ballistesch Rakéiten, Nordkorea, Pyongyang, Südkorea, Waffentest
Next post Previous post