Search

You may also like

money
EU-Steierpolitik: e Beschloss gefaasst
Neiegkeeten

EU-Steierpolitik: e Beschloss gefaasst

En Dënschdeg de 15. Januar huet d‘EU-Kommissioun zu Stroossbuerg den

Venezuela: President Nicolas Maduro verwërft EU-Ultimatum
Neiegkeeten

Venezuela: President Nicolas Maduro verwërft EU-Ultimatum

Wéi den Nicolas Maduro, demokratesch gewielte President vum Venezuela sech

Polen an Ungarn beméien d‘Justiz
Neiegkeeten

Polen an Ungarn beméien d‘Justiz

Si hunn et net mat der Rechtsstaatlechkeet, dofir awer mam

D‘Gesondheetsministesch ass nees um Dill

De Xavier Bettel an d‘Paulette Lenert hu gëschter de Punkt zur Situatioun gemaach, an et soll den um AstraZeneca (elo Vaxzevria) interesséierte Fräiwëllegen, d‘Impfung erméiglecht ginn

D‘Gesondheetsministesch ass nees um Dill

Zanter gëschter Owend ass et amtlech: wien tëscht 30 a 54 Joer ass, kann sech fir d‘Impfung mam Vaxzevria op enger Waardelëscht androen. Déi aner Woch soll et zudeem eng Waardelëscht hunn, fir déi „Spontan“ déi sech fir eng iwwreg bliwwen Dosis interesséieren.

Dat emol déi wichtegst Informatioun, woubäi nach ze begréissen ass, datt d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert no dräi Wochen Absence nees un Dill ass. Si stellt dann och aleedend fest, datt mir eng stabil-kritesch Situatioun hunn, firwat en Allegement vun de Restriktiounen, wann iwwerhaapt, nëmme ganz progressiv virgeholl ka ginn. Wichteg schéngt, keng Réckschrëtt zouzeloossen.

Wat elo déi „Campagne fir déi Fräiwëlleg“ betrëfft, wou jo mat Spannung op d‘Detailer gewaart gouf, esou ass datt mat der Internetsäit impfen.lu (leeft via Guichet.lu) eigentlech gekläert. Wien eng medezinesch Virgeschicht huet, ass gutt beroden sech mat sengem Haus- oder Referenzdokter ofzeschwätzen. Wien d‘Konditiounen erfëllt kritt dann en Termin an engem Impfzenter ugebueden.

Wat de Fortschrëtt vun der Phas 5 vun der Impfcampagne ugeet, esou stinn hei nach ronn 13.000 Invitatiounen aus, déi de 55 bis 64 järege mussen zougeschéckt ginn. Dat kéint jo dann zügeg iwwer d‘Bün goen, esou datt d‘Aluedunge fir déi „Fräiwëlleg“ och Enn nächster Woch sollten op de Postwee goen. Wat déi sougenannt „residuell Dosis“ ugeet, esou soll et och do eng Lëscht ginn.

Et geet dobäi drëms näischt ze verbëtzen. Richteg ass, datt vun de ronn 95.000 Dosen déi am Abrëll virbereet goufen, nëmme 5 kee „Preneur“ fonnt hunn, an awer géif et do Leit, déi se gäre geholl hätten. Dofir déi zweet Lëscht, zu där d‘Detailer dann déi aner Woch nogeliwwert ginn. Gewosst ass awer, datt wien sech do aschreift, bannent 30 Minutten nom Appell muss op der Plaz sinn.

Transparenz beim Monitoring

Mat deem ganze Gedeessems wéinst de Niewewierkungen an allen erdenkleche Meldungen dozou, huet d‘Santé decidéiert Informatiounen zu den Zuelen, betreffend d‘Niewewierkunge, aktualiséiert ze verëffentlechen. Zu Lëtzebuerg hunn 1.125 Persounen op mannst eng Niewewierkung notéiert, dat entsprécht 1% vun de bis zum 16. Abrëll geimpfte Persounen. (mindestens eng Dosis)

An 129 Fäll waren d‘Symptomer signifikativ, 13 Mënsche goufen no der Impfung hospitaliséiert. An dräi vun dëse Fäll, war d‘Lag liewensbedreelech. Lëtzebuerg beklot zudeem 3 Doudesfäll, déi als „suspekt“ bewäert ginn. An zwee Fäll war de Pfizer/Biontech an engem Fall den AstraZeneca agesat ginn. Dës Persoune waren tëscht 74 an 90 Joer. Hei gëtt gepréift op de Vaccin Schold huet.

Interessant hei: d‘Niewewierkunge vum Vaccin (also déi wou bei eis festgestallt ginn) betreffe méi de Pfizer/Biontech (1.029 Deklaratioune bei der Gesondheetsdirektioun = 1% vun den Injektioune). Beim AstraZeneca gouf et 69 Signalementer (= 0,5%). Domadder bleift och weiderhin den Notze vun der Impfung wäit, ganz wäit iwwert dem méigleche Risiko. Mee dat ass engem jo iwwerlooss.

D‘Situatioun am Prisong, wou sech den Direkter vun der Verwaltung Serge Legil jo wuel eppes vill optimistesch ausgedréckt hat, gouf leider net direkt ugeschwat, firwat et da gutt ass, datt ee Vertrag tëscht Staat a Bertelsmann huet, an déi wéinstens d‘Informatioune kréien. Dofir ass da gewosst, datt 23 Häftlingen de Covid19 erwëscht hunn, 84 Insasse sinn a Quarantaine. Et geet also gutt virun…

A well et keng Zuelen zu de Giischtercher huet, ass dovunner auszegoen datt si wéi och d‘Personal bei beschter Gesondheet sinn. Trotzdeem sollen elo d‘Beamten an dat zivilt Personal Zougang zur Impfung erhalen. Dat mécht Sënn, och ouni dofir extra déi „national Sécherheet“ ze beméien. Gutt wier et, den Häftlingen de Benefice vun der Vaccinatioun esou ze erklären, datt et kredibel ass.

D‘Covid19-Gesetz muer an der Chamber

Fest steet elo och, datt d‘Chamber ee Freideg dat neit Covid19-Gesetz zur Ofstëmmung virgeluecht kritt. Bis op ee wierklech zolitten Detail sollt alles beim ale bleiwen. Den Detail betrëfft eng Text-Passage, déi sech mam Begrëff Terrass ausenanersetzt. Dëse Passus veriergert, an dat ganz kloer net nëmmen de Beruffsverband vun de Cafetieren a Restaurateuren. Esouguer d‘CSL ass schwäirosen.

Vun der Salariatskummer kënnt de Virworf, datt vill (besonnesch kleng) Entreprise alles an d‘Wee geleet hunn, fir hire Cliente beschtméiglech géint Reen a Wand ze schützen. Elo 14 Deeg méi spéit kréien déi erkläert datt net nëmmen d‘Aarbecht ëmsoss, mee och d‘Investitioun verfréit war, dat bezunn op déi „nei Definitioun“. Esouguer bei der Mënscherechtskommissioun ass ee verwonnert.

Wouriwwer sech éischter net ze wonneren ass: den Nationalfeierdag fält och 2021 dem Covid19 zum Affer. Den offiziellen Deel gëtt am klenge Comité organiséiert, fir de Recht gëtt et de Vertrag mat Bertelsmann, déi zur Occasioun bestëmmt flott Biller aus dem Fundus opbereede wäerten. An nee et wäert net, esoulaang d‘Pandemie en Cours ass, eng Zeremonie fir d‘Covid19-Affer ginn.

Illustratioun: D‘Impfcampagne soll nees méi Fräiheete bréngen, an et feelt den Ament grad net u flotten Offeren… et muss een just zougräifen. © Mehmet Turgut Kirkgoz / unsplash

Related topics Covid19, Impfcampagne, Ipmfstrategie, Pandemie, Paulette Lenert, Xavier Bettel
Next post Previous post